Coupe de Luxembourg UNK - Schëffleng


07 November 2023

It's Cup Time again!
 
Moar den Owend heescht et nees Coupe de Luxembourg um Käerjenger Dribbel, dëst wann de Match vun der 1/16-Finall géint den FC Schëffleng nogeholl gëtt. Well déi Schëfflenger Terrainen net ausgeluecht si fir Owesmatcher, ass d'Heemrecht fir dëse Match gewiesselt ginn.
 
No de leschte gudde Resultater an der BGL Ligue, wäert eis Ekipp och alles dofir maache fir an der Coupe z'iwwerwanteren. Dofir ass awer och nees de ganze Support vun eise Fans a Supporter gefrot fir den Dribbel zum Brennen ze bréngen.
 
ALL ZESUMME FIR DEN UNK!
 
#vamosunk
#blackandwhite