UNK - Fola


02 December 2023

Fir de Kont vum 14. Spilldag an der BGL Ligue empfänkt den UNK am leschten Heemmatch virun der Wanterpaus déi Escher Fola.
 
Wann déi 2 Tabellelescht géintenee untrieden, weess een dass an deem Match vill um Spill steet. No de gudde Resultater am November wëll eis Ekipp alles dru setzen deen Trend och an den 2 leschte Matcher virun der Paus fortzesetzen. Dofir ass natierlech och erëm déi ganz Ënnerstëtzung vun eise Supporter a Fans gefrot! Och bei äisegen Temperaturen muss den Dribbel moar brennen!
 
All zesumme fir den UNK!
 
#vamosunk