Guestbook
38 minute Fiorani Alex
Posted by Roco | 2012-02-22 22:20:12
Ken Corral 8'
Posted by Benha | 2012-02-22 09:52:46
Zewe 32 Minutt
Posted by Yves | 2012-02-21 20:36:54
Hey, Männer! Ech hoffen dir hutt gëscht nëmme geblöfft, fir äere spéideren a leschte Géigner ze täuschen! Ëmmerhinn sinn se hannert iech klasséiert, an ech wënschen iech, dass dir se och weiderhinn hannert iech loosse wäert :-)! Géint d’Jeunesse hat dir jo dee leschte Summer gewonnen! Wënschen iech een erfollegräichen Optakt dëse Weekend! Loosst iech nit ënnerkréien, a gitt mat Zouversiicht an äeren éischte Match eran! De Präis vun eisem Quiz soll schons dëse Weekend verspillt ginn!... Maacht ët nit ze spannend, a loosst äer Supporter nit allzelaang op den 1.Goal waarden ;-)!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-02-21 20:22:03
Santos Cleyton 80min
Posted by Marco Pereira | 2012-02-21 16:01:37
zewe 34 minutt
Posted by guy | 2012-02-20 18:13:14
Piron 37 Minutt
Posted by Christine | 2012-02-17 15:08:33
Julien Rolandi, 27.'
Met du feu Jul !!
Posted by Dave Z. | 2012-02-17 12:21:32
Zewe 83 min
Posted by raoulv | 2012-02-17 08:32:08
Ken Corral 42 '
Posted by De Prési | 2012-02-16 23:39:15
Ech soen den Romain Andres an der 38 Minute
Posted by Eric | 2012-02-16 09:33:09
Ohlala, matzen op Feltës-Dag léisst de Roland iech ee Match spillen!! ... Mee als Gentlemen bitt dir äeren Dammen eng schéi Victoire, an als Top-Equipe deelt dir d’Goaler och nach fei bridderlech ënnert iech op! Top, Jongen! Emsou méi freen ech mech, datt dir am Mëttelpunkt vum neie Quiz stitt! Dëst alles verhënnert ower nit, datt ech mech nach ëmmer immens iwwert d’Victoire an d’Glanzleeschtung vun eise Scolaire freen! Ee Beweis méi fir di formidabel Jugend-Aarbecht, di am Veräin geleescht gëtt! A fir all di Jonk, di dëst Joer nit derbäi woren: Vergiesst nit, dir wort ganz no drun, a vläit klappt ët fir iech jo dat nächst Joer! Weider esou, dir ALLEGUERTEN :-)!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-02-15 06:48:24
Eis Scolaires sinn haut déi 2 ginn a der Final vum LALUX Futsal 2012 ! Nodeem dass déi 2 éischte Matcher verluer gaange sinn hunn eis Jongen hier nächst 3 Matcher gewonnen. Félicitatioun un Équipe a hier Traineren a Gratulatioun un de Vainqueur den RFCU Lëtzebuerg!
Finaliste vun haut sinn Champion vu muer ! Respekt Jongen!
Iwwerhaapt Grouss Leeschtung vun all eisen Équipe mat hiren Traineren. Den U.N. Käerjeng ass houfreg op déi Aarbecht déi vun sengen Traineren gemaach gëtt!
Merci och all denen Elteren déi ëmmer mat dobäi sinn! Den U.N.'97 mat alle Leit = ee staark Team!
Posted by Prési | 2012-02-11 18:06:51
Dat éischt, wat ech gemeet hunn, wi ech lo heem koum, wor natiirlech Comnputer uman, a no äerem Resultat zu Homburg kucken. Also, wann den Téi elo dat Wonnermëttel sollt sinn, dann däerft dir däers lo all Kéier drénken ;-) .... am beschten da suguer vrum Match ewell ;-)! Nee, Spaass beisäit: Ech si frou, datt dir eis lëtzebuerger Faarwen am Ausland sou gutt vertrueden hutt, an hoffen dëst stäerkt äer Zouversiicht fir de Start an d’BGL-Ligue, virun allem fir dee Match géint di Déifferdénger! Wënschen iech all een erhuelsame Sonndig!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-02-04 21:24:33
Dir sidd wierklech däer Haarder! Ënner sou spartanesche Bedingungen mussen ee Match ze spillen an doch och nach géint den Tabellenéischten ze gewannen, ass wierklech eng herrlech Leeschtung! Bravo nit nëmmen fir dat Meeschteren vun enger kierperlech usprochsvoller Epreuve, mee och fir äer haard erkämpfte Victoire :-)! Ee Luef ginn ech ower och gäere weider un all di trei Supporter, di ënnert dëse Bedingungen Bäistand geleescht hunn!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-01-31 06:38:35
Wënschen eise Männer ee gelongenen Einstieg muer den Owend :-)! Schanken a Muskelen si no enger haarder Trainingswoch jo neess gutt arodéiert ginn ;-)!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-01-23 21:59:22
Gudden Moien Här Journalist vum Tageblatt. Ech hun den moien den Lokaldeel vum Süden gelies, hun een Spiller op enger Foto grouss am F91-Trikot gesin an wollt einfach weiderbliederen... Do huet awer een mir gesoot, dass den Rapport vun der Generalversammlung vum UNK haut am Tageblatt wier! An nu kuck, déi F91-Foto gehéiert dach tatsächlech zum Rapport vun der AG vum UNK (egal ob deen Spiller elo gewiesselt as oder nët), op den éischten Blëck as daat do éischter een Rapport iwert een Convéniat vun den Coupe-Gewënner 2009 ewéi een Rapport iwert den UNK. Vielleicht sin ech alleng dëser Meenung, mee bon, d'Hoffnung op Besserung besteet ëmmer ...
Posted by Den Dave | 2012-01-23 09:00:13
Ech gesinn, fir eis Senior I Equipe geet ët no enger kuerzer Wanterpaus neess sou richteg lass: Et sinn eng ganz Partie Frëndschaftsmatcher virgesinn, di sëcher dofir suergen, datt de Spillgeescht neess wakreg gerëselt gëtt, an datt di néideg Flexibilitéit gefuerdert gëtt, sëch ënnerschiddleche Géigner jeweils unzepassen. Am meeschten sinn ech op d’Resultater vun de Matcher géint di Maacher an di Homburger gespaant. Den treien Supporter fir dëst Joer eng zolitt Portioun u Begeeschterung a vill Freed fir di 2.Halschent vun der Saison, den Traineren vill Kraaft an Duerchbléck-Verméigen fir eis Fussballer um Dill ze halen an op di richteg Piste ze leeden, an de Spiller selwer weiderhinn vill Ambitiounsgeescht an Ausdauer. Ech selwer free mech och dëst Joer neess, di ganz Aktivitéiten vun äerer dynamescher Veräinsfamill ze suivéiren: Di Jonk hu jo schons ee ganz aktive Start gewisen a sech keng laang Paus gegönnt. Weider esou :-)!
Posted by stiller ferner Fan | 2012-01-11 17:40:50
All de Leit déi an iergend enger Form den U.N. Käerjéng'97 ënnerstëtzt hunn wënschen ech schéi Chrëschtdeeg. Merci fir Är Ënnerstëtzung während dem ganze Joer! Fir meng Kollegen/innen aus dem Comité, Jugendkommissioun, der Gemeng, déi Leit déi Buvettë machen, all déi Leit déi op de ville Manifestatiounen Hëllefen, den Traineren, Spiller, Offizieller, Elteren, Supporteren einfach alleguerten de fläissegen Hänn déi ëmmer do sinn wann e se brauch e schéine besënnleche Chrëschtdag an Ärer Famill. Merci fir alles a lo schonn wënschen ech Iech alleguerten e schéint neit Joer 2012 a dem U.N. Käerjéng'97 wënschen ech um Ënn vun der Saison e gutt Klassement!
Posted by De Prési | 2011-12-24 16:21:44
Un grand merci aux entraîneurs des Bambini et pupilles pour leur grand engagement envers nos enfants et surtout leur grand travail au quotidien avec nos enfants merci et un joyeux Noël à tous
Posted by Renato | 2011-12-23 11:07:07
Felicitatioun un eis Minimen, Scolairen a Junioren déi sech an hirer jeweileger Coupe duerchgesaat hunn.
Felicitatioun och un eis Poussinen déi am Futsal secher als Vainqueur erausgaange sinn an domadder fiir den nächsten Tour qualifizéiert sinn.
Posted by cotech | 2011-12-05 08:41:58
Gratulatioun un eis Scolaires dei zu walferweider komm sin an der coupe un all spiller an un hieren Trainer weider esou jongen dir sidd um richtegen wee.
Posted by Funck Nico | 2011-12-03 10:56:25
Dat deet mir ower déck Leed fir di 3.Equipe!! Méi eng sch...., eh nee blöd Manéier fir nit ze gewannen, gëtt ët wuel nit! Hoffen äer Enttäuschung hëllt iech nit d'Motivatioun fir weider äert Bescht ze ginn an Zukunft. Hoffen äer super Leeschtung spornt iech éischter un a seet iech: "Dat do soll eis nit nach emol passéiren!" All méng Empathie a vill Courage weiderhinn!
Posted by stiller ferner Fan | 2011-11-26 19:04:39
http://www.dnr.lu/dnr/web/fotos/fotos_detail.php?load=782# Op dësem Link huet den DNR Fotoen vum leschten BGL-Ligues-Match publizéiert. Lo soll kee son, dir hätt kee Kampfgeescht un den Dag geluecht! Et ass nëmmen op ENGER Foto méi giel direkt nieft blo ze gesinn;-)! Dir hutt deenen Diddlénger kee Sputt Wach gelooss, eieiei! Hoffen dir gitt am kommende Match géint si mat (minimum) engem Goal belount!
Posted by stiller ferner Fan | 2011-11-22 20:03:36
Och wann dir de Joubert bal erfréire gelooss hutt a séngem Eck, sou muss een iech äer staark Ofwier héich urechnen, di mat Perfectioun hier Aarbecht erfëllt huet: Dir hutt iech dee néidege Respekt beim Diddlénger Géigner verschafe kënnen. De Speaker iwwer Radio huet beim Da Cruz eng ‚eenzeg Goal-Chance’ an dësem Match erviergehuewen, an së als ‚di beschten Actioun‘ bezeechent. Wënschen iech eng erhuelsam, mee virun allem konstruktiv Wanterpaus, a free mech op di 2.Halschent.
Posted by stiller ferner Fan | 2011-11-20 18:04:19
Dernières News
22-02-2012
Jeunesse Esch - UN Käerjéng
Den Samsden 25 März gett nees...
21-02-2012
Coupe de Lëtzebuerg
Den Match vun den 1/8 Finalen a de...
21-02-2012