Fola - UNK


19 May 2017

Fir de Kont vum 26. a leschte Spilldag vun der Saison 2016-2017 spillt den UNK dëse Sonnden um 16h00 um Escher Gaalgebierg géint d'Escher Fola.



D'Doyenne schléisst dës Saison op der 3. Plaz an der Tabell of.



Fir den UNK bedeit dëse Match eng regelrecht Finall am Kampf ëm de Maintien an der BGL Ligue! Nach ass fir den UNK alles méiglech!



Dofir kommt alleguer dëse Sonnden op de Gaalgebierg fir eis Equipe mat aller Kraaft z'ënnerstëtzen fir eist gemeinsaamt Zil Maintien op der leschter Ligne droite nach z'erreechen!!!



Am Virfeld vun dësem Match spillen um 14h00 eis zweetklengst, eis Pupillen, géint hir Alterskollege vun der Fola e virgezunnene Championnatsmatch um Stade Emile Mayrisch.