Trainings-Start bei der Jugend


14 August 2017

Haut den Owend fänken eis Juniors U19, Cadets U17 an Scolaires U15 (Foto) mat hiirer Preparatioun op d'Saison 2017-2018 un.

D'Traininger vun dësen 3 Equipen fannen alleguer um 18:30 Auer um Käerjenger Dribbel statt.



Eis Juniors U19 trainéieren ëmmer Méindes, Dënschdes an Freides um synth. Terrain. Hei as, ewéi och déi leschte Saison als Trainer den Luc SPELLER.

Bei eisen Cadets U17 fannen d'Trainings-Séancen ëmmer Méindes, Donneschdes an Freides statt. Och hei, heescht ewéi leschte Saison den Trainer Ricardo FERREIRA.

Eis Scolaires U15 trainéieren ëmmer Méindes, Dënschdes an Freides: Och keen Changement bei eisen Scolaires, hei sin nach ëmmer den Pascal MAY an den Franco LUISI déi responsabel Trainer.



PS: Duerch den Feierdaag muar (15/08), sin all d'Trainings-Séancen vun Dënschdes op en Donneschden (17/08) verluecht.



Mir wënschen all eisen Jugendspiller an och Trainer een gudden Start an déi nei Saison an vill Spaass erem um Käerjenger Dribbel.



#vamosunk