UNK - Sandweiler a Presentatioun vun alle Jugendéquipen


14 September 2017

Fir de Kont vum 5. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den UNK dëse Sonnden um 16h00 op Sandweiler.



Virum Match (ab 15h30) ass d'Presentatioun vun all eise Jugendéquipen.



D'Entrée fir dëse Match ass fir jidderee fräi an d'ganz Famill vum UNK wär frou Iech zuelräich um Dribbel begréissen ze däerfen! :-)



Um 13h30 ass dann och Coupe du Prince um Dribbel, wou eis Junioren um syntheteschen Terrain op hir Alterskollege vum Swift Hesper treffen. Och si géife sech iwwer Är Ënnerstëtzung freeën!



#vamosunk