Forza Luca / Vamos UNK...


27 April 2016

Dënn Comité vum UNK huet decidéiert fir d'Recetten vun dënn Entrée vum Match dënn Samschden géint Kayl-Téiteng integral ze spenden. Mir wëllen eis Freed iwwert Saison 15/16 mat Leit deelen wou et net sou gutt géit. Mat desem Don wëllen mer de Luca a seng Famill, déi am Summer 2015 vun engem haarde Schicksalsschlag getraff goufen ënnerstëtzen. De Luca, ass an der Vakanz vun enger Well matt ewechgerappt ginn, sou dass hien haut Tetraplegiker ass an och elo nach ëmmer an enger Spezialklinik léit. Deen Don wou mir maachen, soll Hëllefen, dass Transformatiouns-Aarbechten, déi onëmgänglech sinn fir hien an sengem doheem kënnen realiséiert ginn. Alles wat fir eis normal ass, oder normal schéngt, wéi ënnerscheeden vun Waarm an kal, d'Nues botzen op Toilette goen,... ass fir dënn Luca net normal, jo et ass onméiglech ginn. Dofir Hëlleft och, an maacht een Don. Och wann dir net um Match sidd kann dir dëst maachen un d'Asbl NEVER GIVE UP BCEE LU58 0019 4655 9224 6000 mam Vermierk Forza Luca. Dënn U.N. Käerjeng an Famill soen iech vun Häerzen villmools Merci