Raiffeisen Jugend-Cup 2016...


01 May 2016

Fir déi 24. Editioun vum Raiffeisen Jugend-Cup, deen de Weekend vum 10. an 11. September stattfënnt, kenne mir elo schonn éischt Detailer matdeelen.

President vum Organisatiounscomité vun der 24 Editioun ass dënn Steve D’Anzico. Merci Steve dass du Presidentschaft ugeholl hues.

Et gëtt gespillt an den Kategorien: U9 Pupillen national, U11Poussins international, U13 Minimes national.

Bei dënn U11 kenne mir dëst Joer begréissen:

De Champion aus der Premier League, Leicester City FC, de belge Vertrieder RSC Anderlecht, aus Frankräich dënn FC Metz, aus Däitschland FC Schalke04, 1. FC Kaiserslautern, 1 regional Selektioun aus dem Raum Köln/Aachen (SVG Birgden Langbroich-Schierwaldenrath)

Hei kennt nach deen een oder aneren derbäi. Insgesamt sinn et 20 Équipen bei den U11.

An der Kategorie vun den U9 spille mir Sonndes en Tournoi mat 24 Équipen.

An der Kategorie vun den U13 spille mir och Sonndes en Tournoi mat 20 Équipen.

Fir gudde Sport an attraktiven Fussball ass gesuergt, fir Iessen a Gedrénks souwisou.

Weider Infoen iwwert de Raiffeisen Jugend-Cup 2016 kritt dir demnächst hei um Site