An the winner is.... Timo!

Concours du Jeune Footballeur



08 July 2016

Den ganzen UNK gratuléiert ganz häerlechst eisem Minimes-Spiller Timo RUPIL (lénks op der Foto), deen gëschter an der Finale zu Sandweiler den Concours du Jeune Footballeur vun der FLF gewonnen huet.

Bei 5 Atelier'en huet den Timo 121 Punkten vun 125 gemaach!



Och een groussen Bravo un den Gil DUMMONG (uewen) an Diogo POVOA DINIS (riets) déi sech och allenbéid fir d'Finale bei den U13 konnten qualifizéieren.

Een leschte Bravo dann un den Tommy HENGESCH, deen den UNK an der Kategorie U11 an der Finale vertrueden huet.

Félicitatioun un Ierch 4 an weider esou!