D'Jugend geet an d'Summerpaus....


11 July 2016

Dësen Weekend war um Dribbel eng Ofschlossfeier vun der Jugendkommissioun vum UNK fir zesummen mat den Spiller, Trainer an Elteren d’Saison 2015-2016 bei gemitterlechëm Grillen auskléngen ze loossen.



Mëtt August geet et erem lass mat den Traininger, déi genau Auerzäiten gesidd Dir hei am PDF.

Als neien Coordinator bei der Jugend kann den David ZENNER folgend nei Trainer beim UNK begréissen: Ricardo GOMES (Cadets), Tom WEILAND (Minimes 2), Fränk KREMER (Pupilles 2) esouwéi den Raymond ZIMMER, deen erem een Posten als Trainer besetzen wäerd (Spezifëschen Training fir U19, U17 an U15) an zum Schluss nach den Kim KUGELER (Goalkeeper U11, U9). Wëllkomm an der Jugendaarbecht beim UNK an vill Spaass an äerem neien Challenge.



Lass geet et erem fir:

- d’Juniors U19 & Cadets U17 den 17. August

- d’Scolaires U15, den 18. August

an fir

- Minimes U13 bis Bambinis U7, den 23. August





Deemno wënschen Mir allen Spiller, Trainer, Elteren an Supporter vun sämtlechen UNK-Equipen eng schéin Vakanz an kommt gesond, monter an fit am August erem :-)

Affiche Entraînements Jeunes.pdf