Saison-Start bei eiser Jugend !


16 September 2016

Dësen Weekend as et dann endlech esou wäit. Eis Jugend-Equipen starten an d’Saison 2016/2017.

Lass geet et um Samschden den moien, wou eis Bambinis U7 zu Habscht op engem Mini-Tournéier vun der FLF untrieden (10.30 Auer).

Um Samschden Nomëtten trieden dann um Käerjenger Dribbel eis Scolaires U15 II doheem géint den CS Uewerkuer un (14.00 Auer) éier d’Scolaires U15 I um 16.00 Auer den Sporting Stengefort erwaarden. Als Ofschloss um Dribbel kënnt et dann bei den Juniors U19 um 18.00 Auer zum Duell UNK-US Rëmeleng.

Eis Minimes I U13 mussen auswärts beim Noper vun Kënzeg untrieden (15.30 Auer) während eis Minimes U13 II hiiren Match mat 3-0 forfait zu Rëmeleng gewannen (d’USR kritt leider keng Equipe zesummen).

Fir eis Pupilles U9 I steet een Auswärtsmatch um 16.30 Auer zu Monnerech um Programm, eis Pupilles U9 II trëtt bei der Alliance Äischdall zu Habscht (15.00 Auer) un.

Um Sonnden sin et eis Poussins U11 déi um Käerjeng Dribbel untrieden. Um 09.30 den UNK II géint den FC Mamer 32 an um 11.00 Auer den UNK I géint d’Jeunesse Esch.

Um 16.00 Auer schléissen dann eis Cadets U17 den Spilldaag of mat hiirem Match doheem géint d’UNA Stroossen.



Mir wënschen all eisen Equipen mat allen Spiller, hiiren Trainer esouwéi all den Elteren ganz vill Spaass an der neier Saison am Sënn vum Fair-Play an Respekt vis-à-vis vum Géigner, vum Arbitter an vun allen Betraffenen.