Den Weekend bei der Jugend


17 October 2016

Eng weider Victoire gët et fir eis Junioren, dëst beim FC Ierpeldeng 72. Nodeems eis Equipe zweemol a Réckstand louch as et dem Team mam Trainer Luc SPELLER gelongen déi 3 Punkten mat op Käerjeng ze bréngen.

Den Match vun eisen Cadets beim FC Monnerech as vun der FLF op en Mëttwoch verluecht gin. Hei hun eis Jongen eppes gudd ze maachen nodeems sie an der Woch doheem mat 0-2 géint d’Union Titus verluer hun.



Eis Scolaires I verléieren mat 1-6 bei der US Rëmeleng, och eis Scolaires II kréien géint den FC Déifferdeng keen Punkt (1-4).

D’Minimes I trennen sech mat engem 1-1 vun der Entente Nidderkuer während eis Minimes II mat hiirem Trainer Steve DUNKEL mat 5-2 géint den FC Rodange 91 II gewannen.



Eis Poussins klappen dann um Sonnden-Moien d’Minière Lasauvage mat 6-0, eis Poussins II verléieren 2-6 géint d’Entente Déifferdeng.

Eng Victoire an der leschter Sekonn gët et fir eis Pupilles I zu Schëffleng (5-4). D’Pupilles II waren spillfräi op dësem Weekend.

Zum Schluss nach eis Bambinis déi sech um Tournoi zu Lamadelaine géint den RM Hamm Benfica an Titus Péiteng duerchgesaat hun.



Mir félicitéieren dann och nach eiser 1. Equipe, déi gëschter wichteg 3 Punkten géint Kanech geholl huet esouwéi eiser Dammen-Equipe vun der Entente UNK/Rodange, déi sech als eenzeg Equipe aus der 3. Klass fir den nächsten Tour vun der Coupe des Dames qualifizéiert huet.

Mir wënschen erem een gudden Start an déi nei Trainingswoch an bis geschwënn.