Den Weekend bei der Jugend


16 November 2016

Duerch d’U19-Qualifikatioun vun der FLF déi dëss Woch a Waler gespillt gin as, gouf den Juniors-Match géint den RM Hamm Benfica op een spéideren Datum verluecht. Bei dëser Qualifikatioun a Wales hunn 3 Spiller vum UNK deelgeholl, dëst den Yannis DUBLIN, Bryan FORTES an Fabien HEINZ.

Eis Cadets verléieren an engem goalräichen Match schlussendlech mat 4-6 géint den FC Rodange 91. Bei eisen U17 as elo en Sonnden den Derby um Programm, wou sie am “Viirmatch” vun der 1. Equipe um 14.00 Auer zu Péiteng untrieden.



Eis Scolaires I hun sech gudd gewiird, packen et awer engem staarken FC Rodange 91 een Been ze stellen (4-7). Besser as et um Méinden Owend fir eis Scolaires II gaangen, déi duerch 2 Goaler vum Leandro MATEUS mat 2-0 géint d’US Rumelange gewannen.



Een staarken Optrëtt haaten eis Minimes I, déi duerch Goaler vun Diogo PAVOA (2), Tommy HENGESCH, Daniel PEREIRA an Esteban SANCHEZ mat 5-1 zu Weiler gewannen an deemno elo selwer d’Spëtzt un der Tabell iwerholl hun. Eis Minimes II zéihen zu Nidderkuer mat 5-1 den Kiirzeren.



Eis Poussins I weisen een gudden Match géint d’US Esch (7-1), während eis Poussins II dem FC Mondercange d’Liewen schwéier gemaach huet (16-0).

D’Pupilles I ënnerleen knapp 1-2 zu Bieles, eis Pupilles II hun zu Bieles verluer (0-9).

Op engem Mini-Tournoi bei den Bambinis koum den UNK mat 2 Equipen zu flotten Matcher géint den Red Star Merl an den FC Mamer 32.



Mir wënschen een gudden Start an déi nei Woch an denkt drun…. An denkt drun, fir d’UNK-Supporter en Sonnden an der BGL Ligue: Kommt en bëssen éischter op Péiteng an ënnerstëtzt eis Cadets U17 schon um 14.00 Auer.