U.N. Käerjéng '97 - Jeunesse Esch


16 March 2017

Dëse Sonnden um 16h00 spillt den U.N. Käerjéng '97 doheem géint de Rekordmeeschter Jeunesse Esch. D'Equipe vun der Grenz beleet momentan déi 7. Plaz an der BGL Ligue mat 24 Punkten.



Wéinst dem Lännermatch nächst Woch ass dëst deen eenzege Match an der BGL Ligue deen um Sonnde gespillt gëtt, all déi aaner Matcher gi schonn e Samsde gespillt.



Als klenge Special ass während an no'm Match an der grousser Buvette eng flott GIN BAR, wou mär iech a Kollaboratioun mat Gutt Drauf 4 exzellent Gin-Zorte wäerte proposéieren.