RM Hamm Benfica - UNK
21 April 2017
Fir de Kont vum 22. Spilldag an der BGL Ligue spillt den UNK dëse Sonnden e ganz wichtege Match um 16h00 um Cents géint den RM Hamm Benfica.
RM Hamm Benfica steet op der 13. Tabelleplaz mat 3 Punkten Avance op den UNK.
Dëse Match tëscht den 2 Tabelleleschte kann een domat schonn als regelrecht Finall en vue vum Maintien an der BGL Ligue ugesinn.
Kommt all an ënnerstëtzt eis Jongen fir all zesummen d'Klass kënnen ze haalen!
#unk97