UNK-RFCUL


27 April 2017

Fir de Kont vum 23. Spilldag an der BGL LIgue spillt den UNK dëse Sonnden um 16h00 um Dribbel géint de Racing FC Union Lëtzebuerg.



Den RFCUL steet momentan mat 21 Punkten op der 10. Tabelleplaz, also nëmmen 2 Punkte virum UNK.



No der Victoire leschte Sonnden um Cents géint den RM Hamm Benfica, steet also deen nächste wichtege Match, souzesoen eng weider Finall, en vue vum Klassenerhalt um Programm.



Kommt alleguer eis Equipe ënnerstëtzen fir eist gemeinsamt Zil z'erreechen!



Och dëse Sonnde bidde mär Iech nees a Kollaboratioun mat Gutt Drauf eng Selektioun vun de beschten Gin-Zorten an eiser flotter GIN BAR un.



#unk97