UNK - Rëmeleng


11 May 2017

Fir de Kont vum 25. a virleschte Spilldag spillt den UNK dëse Sonnden um 16h00 um Dribbel géint d'US Rëmeleng.



Rëmeleng ass mat nëmmen 2 Punkte Virsprong op den UNK op der virleschter Tabelleplaz an der BGL Ligue.



Am Fall vun enger Victoire kann den UNK um Sonndenowend déi drëttlescht Tabelleplaz anhuelen wat gläichbedeitend mam Barragematch wär.



Kommt alleguer op de leschten Heemmatch vun der Saison fir zesummen d'Zil Maintien z'erreechen!