News
Dernières News
Jeunesse Esch - UN Käerjéng
Den Samsden 25 März gett nees an der BGL Ligue gespillt. Den Match Jeunesse Esch geint den UN Käerjeng'97 gett um 18:00h ob der Grenz gespillt.
Den Arbitrage: Holtgen - Richartz - Weber S
Coupe de Lëtzebuerg
Den Match vun den 1/8 Finalen a der Coupe de Lëtzebuerg U.N. Käerjéng’97-Kayl/Téiteng gëtt den 11 Abrëll um 19:30 Auer gespillt.
Match amical
An engem Frendschafftsmatch geschter Owend zu Hamm, hun eis Seniors I mat 2:1 geint den RM Hamm Benfica verluer. Eise Gool huet den Romain Zewe geschoss.
Keng Coupe de Luxembourg
Weinst deenen schlechten Konditiounen vun den Terraien hei zu Letzebuerg, huet FLF sämtlech Coupematcher vun desem Weekend ofgesot
Sponsor sympathisant
L’ U.N. KAERJENG ‘ 97 est fier et heureux de pouvoir compter comme nouveau sponsor sympathisant le restaurant AL BAHIA, situé 153, Avenue de Luxembourg à BASCHARAGE, qui vous accueillera dans un cadre aménagé avec beaucoup de goût contenant des éléments typiquement orientaux et qui vous servira une cuisine authentique marocaine de grande qualité
Frendschaftsmatch Seniors I
Am leschten Preparatiounsmatch virun der Reckronn, hun eis Seniors I mat 4:0 geint Weiler la Tour gewonn. Gooler hun geschoss : Zewe, Andres, Piron an Corral.
Quiz
Den 25 Februar ass et nees esou weit dann gëtt erëm an der ieweschter Divisioun Fussball gespillt.
Mär wëllen vun Iech wëssen ween deen éischten Goal am Championnat vun der Réckronn fir den U.N. Käerjéng'97 schéisst.
a. Deelt eis den Numm vum Spiller mat.
b. Spillminutt wou den Goal fält. ?
Den Gewënner kritt ee Bong fir 2 Menu d'Affaire am "Restaurant Pigeonnier zu Käerjeng".
Reegelen: Fir d'eicht gëtt den Spiller gekuckt. Sollt den Spiller deen de Goal geschoss huet, mei oft gewielt ginn sinn dann zielt Minutt an deier den Gool geschoss ginn ass. Falls am Match géint Jeunesse Esch keen Goal sollt falen geet den Match géint den FC Déifferdang gekuckt.
Jiddereen däerf nëmmen een Spiller a eng Zäit am Guestbook uginn.
Dësen Präis gouf gestëft vum stiller ferner Fan. Villmools Merci fir dësen léiwen Geste!
Mär wënschen Iech all bonne Chance.
Sponsors sympathisants
L'U.N. Käerjeng'97 est fier et heureux de pouvoir compter comme nouveaux sponsors sympathisants :
-le restaurant OSTERIA DEL PONTE, établi à SCHOUWEILER, 65, rue de la Gare, dont la renommée gastronomique n’est plus à faire et qui sert des mets authentiques de la fine cuisine italienne de même que les classiques de la gastronomie française
- la crèche « SPILLKESCHT », située à SCHOUWEILER, 131, route de Longwy, qui offre des services de crèche et de foyer du jour de grande qualité et où vos jeunes pousses se trouvent entre les meilleures mains.
Match geint Weiler
Den Match vum Densden geint Weiler-la-tour gett net wei firgesin zu Weiler gespillt mais zu Käerjeng. Ustouss ass um 19:45.
Lalux Futsall 2011 -12
Eis Scolaires sinn déi 2 ginn a der Final vum LALUX Futsal 2012 ! Nodeem dass déi 2 éischte Matcher verluer gaange sinn hunn eis Jongen hier nächst 3 Matcher gewonnen.
Félicitatioun un Équipe a hier Traineren a Gratulatioun un de Vainqueur den RFCU Lëtzebuerg!
Match amical
Den owend huet eis eischt Ekipp mat 3:1 geint den FC jeunesse Canach verluer. An der Halbzeit stoung et 1:1. Den Gool fir den UNK huet den Vito Marinelli geschoss.
Senior II Match ofgesoot
Weinst den schlechten Wiederkonditiounen an dem Zoustand vum Terrain ass den Match vun den Seniors den owend ofgesoot.
Sponsor sympathisant
L ’U.N. KAERJENG ‘ 97 est fière et heureuse de pouvoir compter comme nouveau sponsor sympathisant le groupe de dimension européenne WERNER & MERTZ dont le nom est synonyme de compétence et d’excellence dans les domaines de l’entretien et du nettoyage professionnels, en particulier pour les métiers de la restauration et de l’hôtellerie, pour les collectivités de même que pour l’univers de la santé. Sa division professionnelle TANA PROFESSIONAL propose les produits d’entretien et de nettoyage TANA qui respectent les standards les plus élevés de l’hygiène professionnelle et prennent pleinement en compte les enjeux relatifs à la protection de l’environnement ainsi qu’au développement durable.
Finale vum LaLux Futsal
Desen Samsden 11 Februar spillen eis Scolaires Finale vum LaLux Futsal. Um 09:00 geet et zu Bartreng am neien centre Atert lass. Kommt alleguer eis Jongen ennerstetzen maer zielen op Ierch.
Frendschaftsmatch Seniors I
De Mëtten huet eis 1 Equipe säin Frëndschaftsmatch géint den
1 FC Homburg mat 0-3 gewonnen. A der Paus stoung et nach 0-0.
Nom Téi hunn Corral Ken, Zéwé Romain a Andres Romain markéiert.
-
04022012647 (1,750.74 Ko) -
04022012649 (1,952.27 Ko) -
04022012650 (1,861.49 Ko) -
04022012651 (2,197.86 Ko)
Scolairen sin an der Finale
De Muerend hun sech eis Scolaires um Dribbel fir d'Finale qualifizeiert.
Maer wenschen hinnen an hieren Traineren bonne chance.
Et ass Wanter.
Weins deenen schlechten Wiederverhältnisser sin all Matcher dei
Den Weekend um Dribbel solten gespillt gin ofgesot.
Sponsor principal
L’U.N. Käerjéng‘ 97 est fière et heureuse de pouvoir compter comme nouveau sponsor principal l’entreprise « PAINS ET TRADITION » qui va s’établir sur l’ancien site de TDK dans la zone industrielle de BASCHARAGE. La société « PAINS ET TRADITION » qui a également un site de production à MONT-SAINT-MARTIN devenu trop petit suite au formidable succès et à la croissance continue qu’elle connaît, promeut un pain de très grande qualité, fabriqué de manière strictement artisanale, sans conservateur ni OGM. Elle fabrique des produits absolument sains en utilisant les meilleures matières premières et en bannissant toute chimie de son processus de fabrication. Tout comme l’UNK, la société « PAINS ET TRADITION » se caractérise par son dynamisme et son ambition prononcés consistant en particulier à étendre constamment son périmètre géographique d’activité. En effet, elle cible notamment les marchés du Moyen-Orient, du Japon et des Etats-Unis. Par ailleurs, l’entreprise dessert d’ores et déjà plus de 200 restaurants au Luxembourg et entend renforcer son partenariat avec le groupe CACTUS qui commercialise son pain « bio ».
Frëndschaftsmatch
Am Frëndschaftsmatch vun Haut den Owend huet eis Senior I mat 1:0 géint den CS Grevenmacher gewonn. De Goal ass an der eichter Halschent vum Stéphane Piron geschoss ginn.
Tournoi zu Deifferdeng
Fotoen vum Deifferdenger Club-Cup fand Daer hei:
http://meng-gemeng.rtl.lu/gemeng/bascharage/85617.htm
Den Match ass awer
Den Frendschaftsmatch teschend dem UNK an dem CS Grevenmacher gett awer gespillt, daat hun dei zwee Traineren decideiert. Den Match gett dann elo um 19:30 um syntéteschen Terrain gespillt.
Match vun den Owend ofgesoot
Den Frendschaffts Match vun eiser eichter Ekipp geint den CS Grevenmacher vun den Owensd ass ofgesoot gin.
Keen Kannerfuesbal
Hei madder wellen maer Ierch informeieren dass den Kannerfuesbal vum 5 Februar net statt fend.
Merci fier aert Verständnis
Gudd Besserung Perry
Geschter huet sech eisen Goolkipp den Steve Dunkel an engem Frendschafftsmatch geint Scheffleng (2:0) mei schweier um Aarm verletzt.
Hien gett den Samsden den moien opereiert.
Den ganzen UN Käerjeng wenscht dem Steve eng gudd Besserung.
D'UNK - Jugend op Facebook!
Wann dir ëmmer informéiert wëllt sin, waat an der Jugend vum UNK geschitt, déi lescht Resultater an nächsten Eventer, dann gidd Fan op Facebook. An eisem Groupe sidd dir ëmmer um neitsen Stand an mir sin frou Är Kommentarer an Feedback’en zu deenen jeweilëgen Aktiounen ze kréien.
Selbstverständlech gin d’Infos an Neiegkeeten vun eiser Jugend weiderhin och hei um Site vum UNK publizéiert.
Hei dann elo den Link fir eisen Facebook-Group:
http://www.facebook.com/home.php?ref=home#!/pages/UN-K%C3%A4erj%C3%A9ng-97-Formation-Jeunes/51120272258
LaLux Futsal
Wéi d’FLF matgedeelt huet, spillen eis Scolaires hiir Halleffinale vum LALUX Futsal 2011/2012 en Samschden, den 04/02/2012 ab 09.00 zu Käerjeng « Um Dribbel ». Eis Minimes fueren Sonndes Mëttes, den 05/02/2012 ab 14.00 Auer bei den Nôper op Schuller. Kommt ënnerstëtzt eis 2 Equipen!
Danielle Schmit, neien Presi vun der Uewerkäerjenger Musek
Den Dokter a Member vum Conseil d'Administration vum U.N. Käerjeng'97, Danielle Schmit, ass neie President vun der Uewerkäerjenger Musek. Mir gratuléieren him fir seng nei Funktioun a villäicht kann eppes Flottes a der Zukunft entstoen tëschen der Musek a dem U.N.'97 wéi z.b. e bësschen Animatioun op den Heemmatcher vun eiser 1 Équipe.... entstoe vun engem Fanblock, den fUNKy Dribbeler ?.... Stëmmung a den Kulissen vum Käerejenger Dribbel wier bestëmmt eng flott Saach ? Är Meenung zu engem Fanblock schreift déi a eist Guestbook w.e.g..
Match amical
Am eichten Frendschaftsmatch vun der Réckronn huet den UN Käerjéng'97 mat 1:2 geint Etzella Ettelbreck verluer. Eisen Gool huet den Stéphane Da Cruz geschoss.
Sponsor officiel
L'U.N. Käerjéng'97 est fière et heureuse d’annoncer comme nouveau sponsor la société COMPTABILITE SUSI THILL, établie à DIFFERDANGE, 24, rue Pierre MARTIN qui met à votre disposition son expertise pour tous travaux comptables, déclarations d’impôts, traitement de salaires et conseils d’investissements.
Abroch um Käerjenger Dribbel
An der Nuecht vun den Freiden ob e Samsden gouf ob den Käerjenger Dribbel agebrach. D'Brigangen hun sech Zoutrett duerch dei zwou Buvetten verschaaft, an dem se eng Fenster resp. d'Glas vun enger Dier ageschloen hun. Zeien sollen sech um 113 mellen.
Nouveau sponsor sympathisant
L'U.N. Käerjéng'97 est fière et heureuse de pouvoir compter comme nouveau sponsor sympathisant le Café UM SCHOULKLEPPELCHEN situé près de l’église de BASCHARAGE, 21, rue de la Résistance qui vous garantit un accueil chaleureux et vous offre un large choix de boissons alcoolisées et de softdrinks.
Nouveau sponsor officiel
L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est fière et heureuse de pouvoir compter comme nouveau sponsor officiel la société PANO BOUTIQUE, établie 2, rue de l’Eau à BASCHARAGE qui avec plus de 110 concessionnaires dans plusieurs pays constitue le plus important réseau de spécialistes de la signalétique. PANO BOUTIQUE a pour cœur de métier l’habillage des vitres et enseignes des commerçants et de leurs véhicules professionnels ainsi que la réalisation de panneaux publicitaires ou de chantier. PANO BOUTIQUE est soucieuse d’offrir à ses clients le meilleur service au meilleur prix.
Generalversammlung
Op der 1 Generalversammlung vum U.N. Käerjéng'97 um Kaerjenger Dribbel konnt de President Emile Muller niewent Vertrieder aus Schäffen a Gemengerot, Éierememberen, Spiller ,Traineren och Vertrieder vun anere Veräiner begréissen. No enger gedenk Minutt huet den President e klenge Réckbléck gemaach vun der Hinronn vun all den Équipen a huet huet déi 3 nei Gesiichter, Cleyton SANTOS, Dominik GERBERICH a Laurent GUTHLEBER, déi am Kader vun dr 1 Equipe si fir Reckronn virgestallt. A senger Usprooch huet e dësweideren déi gutt zesummen Aarbecht tëschent Gemeng a Fussball ervir gehuewen a gesot dass Gemeng a den U.N.'97 gudd Partner wieren. Hien huet nachmol der Gemeng e decke Merci gesot fir déi fantastesch Installatiounë. Duerno war et dunn um Rapport vun der Keess. A engem ganz detailléierte Keesebericht souwuel vum Klub wéi vun der Jugendkommissioun konnt jidderee sech iwwerzeegen dass den U.N. Käerjéng ee Klub ass de gesond ass. No der Entlaaschtung vun de Keesserevisore war et de Sportschäffen Richard Sturm den am Numm vun der Gemeng a den Luss Fusulier den am Numm vun der Entente e puer Wuert un Assemblée geriicht huet. Ennert dem Punkt fräi Aussprooch hat kee méi eppes am Sall deemno huet de Comité déi versammelt alleguerten op ee Patt invitéiert. Déi nächst Generalversammlung ass dann den 15 Juni 2012.
Lalux Futsall 2011 -12
Muar um Samschden as et dann fir eis Scolaires an eis Minimes esouwäit. Sie trieden allenbéid an den Véirelsfinallen vum LALUX Futsal un. Muar den Moien ab 09.00 Auer an der Haal zu Kayl mussen eis Scolaires géint folgend Géigner untrieden: Marisca Mersch, Fola Esch, Union 05 Kayl/Tétange, US Mondorf an d’Entente Medernach/Larochette. Déi 3 Éischtplatzéiert kommen weider! Eis Minimes spillen Mëttes ab 14.00 Auer an der Haal zu Rodange an treffen do op Etzella Ettelbruck, FC Rodange 91, d’Entente Berdorf/Christnach, d’Entente Aischdall SKS an UNA Strassen. Och hei packen déi 3 Tabellenéischt den Sprong an d’Halleffinale vum LALUX Futsal 2011-2012. Deenen 2 Equipe « Bonne Chance » !
Lalux Futsall 2011 -12
D’Auslousung fir d’Halleffinallen am LALUX Futsal 2011/2012 fir d'Poussins U11 huet dem UNK folgend Géigner bruecht:
1. FC Mondercange
2. Marisca Mersch
3. Sporting Bertrange
4. Jeunesse Junglinster
... 5. FC Kehlen
Gespillt gët den Weekend vum 28/29. Januar. Wéini genau an wou huet d’FLF nach nët matgedeelt, wärd awer an deenen nächsten Deeg geschéien.
Déi 2 Tabellenéischt packen den Sprong an d’Finale.
Sportleréierung 2011
De 16 Januar 2012 sinn 4 Équipen op der Sportleréierung vun der Gemeng Käerjeng geéiert ginn. De President vun der Sportskommissioun, de Fränk Pirrotte, huet Sportler a der Buvette vum U.N. Käerjeng begréisst. Duerno konnte folgend Équipen vum U.N. Käerjeng'97 aus den Hänn vum Buergemeeschter Michel Wolter een Präis entgéint huelen: Bambinis Champion Série 6, Pupilles 2 Champion Série 11, Minimes 2 Champion Série 5 a Minimes 1 déi 2011 Coupe de Luxembourg gewonnen huet.
LaLux Futsal 2011 -12
Mat 3 Victoiren (géint Medernach, Lorentzweiler an Hueschtert), 1 Remis géint d’UNA Strassen an zum Schluss 1 Néierlaag géint den FC Marisca Mersch qualifizéieren eis Poussins sëch als Tabellenzweet fir d’Hallefinallen vum LALUX-Futsal 2011-2012. Eis Félicitatiounen an bonne Chance fir déi lescht grouss Ustrennung virun enger eventueller Finale!
Neijoersiessen
De Comité hat all déi fläisseg Hänn déi 2011 den U.N. Tatkräftegt ënnerstëtz haten dëse Sonnden de Mëtten op den Dribbel invitéiert. De President Emile Muller huet a senger Riet op ee mouvementéiert a chargéiert Joer 2011 zeréck gekuckt. A senger Ried huet hie betount dass ee Veräi wéi den U.N. Käerjeng'97 net ouni déi vill fräiwëlleg fonctionnéiere kinnt. Hien huet a Numm vum Comité alle Leit e decke Merci ausgeschwat. Bei engem Iessen a duerno bei nach puer flott Stonnen ass am (ganz) spéiden Nomëtteg den Dag op en Enn gaangen. Fotoe kann dir a eiser Galerie gesinn.
Susi Thill
Le Conseil d’Administration de l’U.N. KAERJENG ’97 est heureux d’annoncer qu’il a coopté dans sa réunion du 12 janvier Madame Susi THILL comme nouveau membre. Susi, en sa qualité d’expert-comptable, apportera une réelle plus-value et renforcera opportunément les compétences au sein du Conseil d’Administration. Le Conseil d’Administration est fier de pouvoir désormais compter trois femmes parmi ses membres ce qui prouve que pour le club l’effort, voulu par la politique, pour obtenir une meilleure représentation des femmes dans des domaines traditionnellement réservés aux hommes, n’est pas un vain mot.
LaLux Futsal 2011/12
Den 2. Tour vum LALUX Futsal 2011-2012 fir eis Minimes an Scolaires as ausgeloust gin. Hei mussen eis Scolaires Samschdes, den 21. Januar ab 09.00 Auer an der Haal zu Kayl géint folgend Géigner untrieden: Marisca Mersch, Fola Esch, Union 05 Kayl/Tétange, US Mondorf an d’Entente Medernach/Larochette. Déi 3 Éischtplatzéiert kommen weider!
Eis Minimes spillen deen selwechten Daag Mëttes ab 14.00 Auer an der Haal zu Rodange an treffen do op Etzella Ettelbruck, FC Rodange 91, d’Entente Berdorf/Christnach, d’Entente Aischdall SKS an UNA Strassen. Och hei packen déi 3 Tabellenéischt den Sprong an d’Halleffinale vum LALUX Futsal 2011-2012. Deenen 2 Equipe « Bonne Chance » !
Den Coach ass zereck
Mir wollten Ierch nach matdeelen, dass fir d’Rëckronn een neien (aalen) UNK-Trainer erem temporaire un Bord as. Den Nico FUNCK huet jo leider aus Zäitgrënn säin Posten bei den Scolaires II missten opgin. Fir den 2. Tour vun der Saison kritt den Trainer Claude HEINZ deemno Verstärkung an der Persoun vum Angelo FIORUCCI am Scolaires-Grupp. Den "Ang" war schon während 9 Joër als Trainer vun der 1. Equipe am UNK täteg, mir wënschen « Bonne Chance » fir d’Zesummenarbecht an der Rëckronn!
Nouveau sponsor officiel
Frendschaftsmatcher Seniors I
Muer den Owend fänkt den Training bei den Seniors I nees un. No enger langer Paus heescht et dan ab Muer nees fit gin fir eng gudd Reckronn zespillen. Fir d'Reckronn sin zwee nei Gesiichter derbei an daat an der Persoun vum Dominik Gerberich an dem Laurent Guthleber. Den Spiller Moussa Diabaté ass net mei mat vun der Partie.
Wei an all Preparatioun gin och eng Rei Frendschafftsmatcher gespillt an daat sin folgend Partien:
Denstes den 17.01.2012 UN Käerjeng - ?????
Denstes den 24.01.2012 UN Käerjeng - FC Etzella Ettelbruck (Dribbel)
Meindes den 30.01.2012 UN Käerjeng - CS Grevenmacher (Dribbel)
Samsdes den 04.02.2012 FC Homburg - UN Käerjeng (Homburg)
Freides den 10.02.2012 UN Käerjeng - Jeunesse Canach (Dribbel)
Densdes den 14.02.2012 Weiler-la-Tour - UN Käerjeng (Weiler)
Infoen zu den Auerzaiten wou Matcher ugepaff gin, gidd Dier natierlech hei um Site gewuer.
fUNKy Club Cup 2012
War den UN Käerjeng’97 nom 1. Deel nach am General op der 1. Plaatz, sou huet et awer Sonndes net méi sou gutt ausgesinn.
No 90 Matcher gouf et Sonndesowes folgend Klassement:
1. RFCUL
2. FC Déifferdeng'03
3. UN Käerjeng'97
4. Swift Hesper
5. FC Mondercange
6. US Rumelange
De Vainqueur RFCUL haat genau 1 Punkt Avance op en FC Déifferdeng’03.
Ronn 500 Spectateuren waren während dem Weekend derbai an hunn gudden a spannenden Fussball erlierwt.
Impressiounen an den Gallerien
fUNKy Club Cup 2012
Geschter um Samsten as den 1. Deel vum fUNKy Club Cup gespillt ginn.
45 Matcher an de Kategorien Minimes, Scolaires an Cadeten goufen ausgedroen a matt folgendem General fänke mir den 2. Daag un:
1. UN Käerjeng'97 29Pts
2. FC Déifferdeng'03 28Pts
3. RFCUL 26Pts
4. Swift Hesper 21Pts
5. FC Mondercange 19Pts
6. US Rumelange 5 Pts
No weideren 45 Matcher an de Kategorien Poussins, Pupilles an Bambinien wesse mir den Owend wien Vainqueur vum fUNKy Club Cup 2012 wärt sinn.
Impressiounen an den Gallerien
Moussa Diabate
Le Conseil d’Administration de l’U.N. KAERJENG ‘ 97 a pris la décision de se séparer avec effet au 31.12.2011 du joueur Moussa DIABATE et de partant résilier le contrat qui lie le joueur précité au club. La motivation de cette dénonciation de contrat consiste en des considérations essentiellement de performance sportive du joueur en question. Moussa DIABATE n’a malheureusement pas pu percer au sein du cadre de l’équipe 1ère et ne compte en tout et pour tout que 4 apparitions sporadiques dans l’équipe fanion s’agissant des rencontres officielles disputées depuis le début de la saison courante, totalisant ainsi un temps de jeu réduit à sa plus simple expression.
L’U.N. KAERJENG’ 97 souhaite à Moussa DIABATE bonne chance pour la suite de sa carrière sportive
Coupe de Luxembourg
An der 1/8 kritt den UN Käerjéng'97 mat der Union Kayl/Tétange zedin.
Dessen Match gett den 18e Februar um Dribbel gespillt.
Coupe des Jeunes
Schwéier Brocken fir den UNK ! Dass et an der 1/8 – Finale keng einfach Géigner méi gët, war gewosst… Dofir waarden zimlech intensiv Matcher op eis Jongen. D’Juniors mussen doheem géint den FC Swift Hesper untrieden, eng gudd Equipe déi eis alles wert ofverlaangen. Och een ganz staarken Géigner gouf den Cadets zougeloust, déi doheem géint den RFCU Lëtzebuerg untrieden mussen. Eis Scolaires hun och Heemrecht an daat géint den FF Norden 02. Och fir eis Minimes geet et géint den Swift Hesper, sie mussen op den Holleschbierg reesen, mee hun aus dem leschten Joër gudd Erënnerungen aus der Halleffinale zu Hesper! All den Equipe elo schon, bonne Chance
Stadionwelt
Endlech ass eisen Käerjenger Dribbel bei Stadionwelt.de zegesin.
http://www.stadionwelt.de/sw_stadien/index.php?stadion=um-dribbel&folder=sites&site=fotos&id=5926&page=1
Fotoen vum Ski-Opening
Hei fand daer Fotoen vun eisem Ski-Opening
Nouveau sponsor sympathisant
L’U.N. Käerjéng’97 est fier de pouvoir annoncer et compter le Café INN établi à Bascharage, 74-76 avenue de Luxembourg, comme nouveau sponsor de notre club et tient à remercier sincèrement ses responsables de leur soutien financier hautement apprécié.
Coupe des Cadets
Wei d'Juniors an Scolaires stinn och eis Cadets an der Coupe an der 1/8 Finale. Sie iwwerrennen Geschter Medernach mat 14 : 2.
LaLux Futsal 2011/12
Minimes gin déi 2. am LALUX Futsal, sin deemno fir den 2. Tour qualifizéiert, d’Scolaires hun et leider just op déi 3. Plaatz geschafft an mussen deemno an den Repéchage, deen den Weekend vum 07/08 Januar 2012 gespillt gët.
Marc Binsfeld
L 'UN KAERJENG ' 97 se réjouit d'avoir prolongé pour trois saisons le contrat avec son jeune, talentueux et polyvalent joueur défensif Marc BINSFELD.
Marc, de par son jeu sobre et efficace ainsi de par sa mentalité et collégialité exemplaires, est devenu en peu de temps un renfort de choix.
LaLux Futsal 2011/12
Desen Sonden, 4 Dezember gett um Käerjénger Dribbel deen 1. Tour vum LaLux Futsal 2011/12 an der Categorie Poussins U11 gespillt.
Ab 9:00 spillen den UN Käerjéng; CS Sanem, Sporting Bertrange, F91 Dudelange, US Mondorf, Red Boys Aspelt an den FC Ehlerange.
An hei ass och den Spillprogramm
09.00 UN Käerjeng 97-CS Sanem
09.12 Sporting Bertrange-F91 Dudelange
09.24 US Mondorf-Red Boys Aspelt
09.36 CS Sanem-Sporting Bertrange
09.48 FC Ehlerange-US Mondorf
10.00 Red Boys Aspelt-UN Käerjeng 97
10.12 F91 Dudelange-FC Ehlerange
10.24 UN Käerjeng 97-US Mondorf
10.36 Sporting Bertrange-Red Boys Aspelt
10.48 CS Sanem-F91 Dudelange
11.00 FC Ehlerange-UN Käerjeng 97
11.12 US Mondorf-Sporting Bertrange
11.24 F91 Dudelange-Red Boys Aspelt
11.36 CS Sanem-FC Ehlerange
11.48 Sporting Bertrange-UN Käerjeng 97
12.00 US Mondorf-F91 Dudelange
12.12 Red Boys Aspelt-CS Sanem
12.24 FC Ehlerange-Sporting Bertrange
12.36 F91 Dudelange-UN Käerjeng 97
12.48 US Mondorf-CS Sanem
13.00 Red Boys Aspelt-FC Ehlerange
Den Weekend bei der Jugend
D’Junioren verléieren mat 1-3 zu Remëleng. D’Cadets gewannen beim selwechten Géigner mat 3-1, schléissen deemno eng perfekt Hinronn mat 10 Victoir’en aus 10 Matcher of. Genau ewéi d’Cadets, maachen och d’Scolaires I een 10 vun 10 an gewannen doheem mat 8-0 géint den Red Star Merl. D’Scolaires II iwerdeems gewannen mat 2-0 zu Lamad...elaine an verpassen den Opstieg nëmmen knapp.
D’Minimes I deelen mam RM Hamm Benfica 1-1, d’Minimes II kommen och géint den FCD 03 II nët iwert een 2-2 eraus.
D’Poussins I hun schon en Donneschden kloer mat 6-0 géint d’Fola gewonnen. D’Poussins II gewannen 3-0 ff géint den Red Star Merl.
D’Pupilles vum UNK waren schon am Futsal am Asaatz, kommen hei nët iwert eng 4. Plaatz eraus mussen deemno an den Repéchage
Nouveau transfert pour la saison 2011/2012.
Dominik GERBERICH, défenseur du FV Würzburg (D). A 22 ans, Dominik a marqué son accord de s'engager pendant la période restante de la saison 2011/2012 ainsi que pendant les saisons 2012/2013 et 2013/2014.
Den UNK steet an der 1/8 Finale
Den UN Käerjéng'97 konnt sech an engem spannenden an emkämpften Match mat 2:1 geint den FC Mamer 32 duerchsetzen an steet domadder an der 1/8 Finale vun der Coupe de Luxembourg.
Gooler fir den UN Käerjéng hun den Ernad Sabotic an den Stéphane Da Cruz geschoss.
Den Aus am 3. Tour
Geschter huet eis 3. Ekipp an engem spannenden Match leider am Penaltyscheissen mat 6:4 verluer. No 90 Minuten stoung et zu Gasprech 3:3.
Coupe Seniors Reserves
Den Owend heescht all op Gasperich kommen, well um 19:30 spillen dem Jimmy Thomes seng Schützlingen am 3. Tour vun der Coupe geint den Lokalverain, den FC Tricolore Gasperich.
Maer wenschen den Jongen vun eisen Seniors III vill Gléck fir een weiderkommen an den 4. Tour.
Coupe de Luxembourg
Den Sonden spillt den UN Käerjéng'97 an der Coupe de Luxembourg geint den FC Mamer 32. Den Ustouss ass um 16:00 zu Mamer. Desen Match gett arbitreiert vun den Hären Krueger, Mateus Santos D an Carlos.
Den Weekend bei der Jugend
D’Juniors verléieren knapp mat 2-3 op der Fola. Zweemol konnten eis Jongen ausgläichen an op 2-2 erunkommen, allerdings sin duerch individuell Fehler d’Punkten zu Esch bliwen.
D’Cadets gin mat 6-1 op Schëffleng gewannen an dierfen sech elo schon, 2 Spilldeeg virun Schluss vun der Hinronn iwert den Opstieg an déi 2. Klass freen. Félicitatiounen un d’Equipe an den Tr...ainer!
Och d’Scolaires I hun den Opstieg perfekt gemaach. Sie iwerrennnen d’US Rëmeleng mat 13-1 an dierfen an der Rëckronn endlech erem an der 1.Klass untrieden. D’Scolaires II gewannen no engem 0-1 nach mat 2-1 géint Schuller an bleiwen 1 Match virun Schluss nach am Rennen fir den Opstieg!
D’Minimes I gewannen no enger gudder Leeschtung verdingt mat 2-0 op der Fola an behaapten déi 3. Plaatz an der Tabell. D’Minimes II verléieren mat 0-5 bei der 1. Equipe vum FC Rodange 91.
Hei dann och emol d’Resultater vun eisen Klengen:
Poussins: F91 I – UNK I (7-2); F91 II – UNK II (2-1)
Pupilles: UNK A – Ehlerange (5-0); UNK B – Sanem (3-2)
Bambinis: Niederkorn – UNK (2-13)
Een Punkt geint den F91
Geschter hun sech den UN Käerjéng'97 an den F91 Diddeleng een 0:0 gedeelt.
Opstellung UNK: Steletta, Zydko, Da Costa, Binsfeld, Marinelli, Sabotic (Leite 90'), Rolandi, Martins, Fiorani (Zewe 69'), Corral, Da Cruz (Piron 58').
-
Le F91 nous fait le coup de la panne (1,780.94 Ko) -
Logisches Remis (782.64 Ko) -
UNK mit verdientem Punktgewinn (844.81 Ko)
Transfert
Le conseil d’administration de l’U.N. Käerjeng ’97 à l’honneur de vous annoncer un nouveau transfert pour la saison 2011/2012.
Laurent GUTHLEBER, défenseur central du F91 Dudelange. A 31 ans, Laurent a marqué son accord de s'engager pendant la période restante de la saison 2011/2012 ainsi que pendant les saisons 2012/2013 et 2013/2014.
Seniors II + III
Geschter owend hun eis Seniors II an III hieren leschte Match an der Hinronn gespillt.
Seniors II konnten 3:0 ob Mertert Wasserbelleg wanne goen, mais eis Seniors III waren dem FC Scheffleng mat 2:1 ennerleen.
Jeunes
UNK - F91
Dese Sonden 20 November spillt eisen UN Käerjéng'97 geint den F91 Diddeleng.
Ustouss ass um 16:00 um Käerjenger Dribbel.
Bäll mat deenen dessen Match gespillt gett gin gestefft vun eisen treien Suporter
M. Carlo LINK / M. Marco LEMMER
Arbitrage: Ramalho-Tropeano-Morais R
Pupilles
De Weekend bei der Jugend
Seniors III
Seniors III vum UN Käerjéng'97 hun den Freiden den Owend mat 2:0 geint d'Luna Uewerkuer gewonn.
Seniors II
Eis Seniors II Hun Geschter Owend mat 4:3 ob der Fola Verluer.
Lëtzebuerg - Schwaïz
Den UN Käerjéng ass am Besetz vun 10 Ticketen fir den Match vun eiser Nationalekipp geint d'Schwaïz nächsten Densden um Stade Josy Barthel.
Wir dei Leit dei un engem Ticket intresseiert sin kennen sech iwer E-Mail um mellen. Dei eicht sin fiir.
Frendschaftsmatch
Geschter huet den UN Käerjéng'97 een Frendschaftsmatch geint den RM Hamm Benfica gespillt. Desen Match ass mat 1:1 ob een Enn gang. Den Gool huet den Kevin Leite geschoss.
Pupilles
Pupilles Serie 10 UNK97 - DIFFERDANGE 13 - 0
Equipe : Diels N. Jakoby T. Oliveira E. Lepasch Ch. Marinha Y. Alleva A. Lopes B. Haas K. Polhoud I. Campea R. Fiorucci G.
Gooler : Lopes 4x Alleva 1x Campea 5x Haas 1x Oliveira 1x Lepasch 1x
Pupilles Serie 7 UNK97 - BELVAUX 2 - 1
Equipe : Wilmes Ch. Fernandes N. Azevedo D. Teixeira F. Fernandes A. De Sousa D. Dinis D. Pelle L. Salouh Y. Vicente Y. Soares L. Oliveira Y.
Gooler : Vicente Y. 1x Dinis D. 1x
Frendschafftsmatch
Desen Mettwoch, 9 November spillt eis eich Ekipp een Frendschaffts match geint den RM Hamm Benfica. Ustouss ass um 19:30 um Käerjenger Dribbel.
Den Weekend bei der Jugend
Keng Punkten ob der Musel
Den UN Käerjéng'97 huet de Metten zu Maacher mat 2:0 verluer.
1:0 Louadj 25'
2:0 Hoffmann 65'
-
Pour eux Kaerjeng reste le favori (950.49 Ko) -
Pour les deux equipes cest un tournant (233.38 Ko) -
Unattraktiv aber souveraen (325.24 Ko) -
Wer soll den CSG noch stoppen (1,024.18 Ko)
Coupe de Luxembourg
Den UN Käerjéng'97 kritt et an der 1/16 Finale vun der Coupe de Luxembourg mat dem FC Mamer 32 aus der Eirenpromotioun zedin. Den Match get den 27 November zu Mamer gespillt.
Seniors Reserve
Geschter owend huet eisen Reserven net esou vill Gleck bruecht. Eis Seniors II verleieren heiheem mat 0:2 geint den FC Deifferdeng 03, an eis Seniors III gin mat 6:1 ob Peiteng verleieren.
U17 FLF-FFF
Knapp 1300 Zuschauer hun gëschter "Um Dribbel" een flotten Match tëschent Lëtzebuerg U17 an Fränkräich U17 gesin! D'Franzousen gewannen verdingt mat 2-0 mee d'Jongen vun der Lëtzbuerger U17 brauchen sech absolut net ze schummen mat hiirer disziplinéierter Leeschtung! Respekt
Dei eicht 3 Punkten bleiwen um Dribbel
Den UN Käerjéng'97 huet et am dretten Ulaaf gepackt fir um Käerjenger Dribbel zewannen. Duerch Gooler vum Julien Rolandi an zweemol Piron wennt den UNK mat 3:0 geint d'US Hostert.
Opstellung: Stelletta, Marinelli(Leite 83'), Ramdedovic, Welter, Fiorani, Martins (Diabate 66'), Zydko, Rolandi, Andres, Piron, Corral (Da Cruz 76')
Gooler: 1:0 Rolanadi 44'
2:0 Piron 47'
3:0 Piron 59'
Zuschauer: 267
-
Gastgeber in ungleichem Duell haushoch ueberlegen (227.72 Ko) -
Premier succes Um Dribbel (357.43 Ko) -
Ungefaehrdeter Heimsieg (352.05 Ko)
Seniors III
Eis Equipe ass gutt an de Match komm a sou konnt de Vic Mendes och schonn an der 11. Minutt seng Schnellegkeet eng éischte Kéier ënner Beweis stellen an aleng virum géigneresche Keeper zum 1-0 rasetzen.
Duerch 2 Onstëmmegkee...ten an eiser Hannermannschaft ass et deene Miseler awer gelongen bannent 3 Minutten mat 1-2 a Féierung ze goen.
Mat dësem Resultat ass et dunn och op de Pausentéi gaang, well eis Equipe et och net fäerdeg bruet huet weider exzellent Golchancen ze verwerten.
Wéi ëmmer an de leschte Wochen huet d'Astellung vun eise Jongen zu 100% gestëmmt, et huet keen de Kapp hänke gelooss, mär hu weider gekämpft an de Géigner permanent ënner Drock gesat!
A sou war et dann och net verwonnerlech, dass mer an der 75. Minutt zum verdingten Ausgläich komm sinn, wéi de Cleyton Santos een un him verscholden Eelefmeter sécher verwandele konnt. Nëmmen 3 Minutte méi spéit ass de Vic Mendes dunn am Strofraum vun de Been geholl ginn an et war nees de Cleyton Santos deen dem Keeper vu Réimech/Bous vum Punkt keng Chance gelooss huet.
5 Minutte viru Schluss huet de Vic Mendes dunn och säin 2 perséinleche Gol geschoss, dëst nodeem hee schéin an d'Déift geschéckt gi war.
Au final eng héichverdingte Victoire géint e Géigner deen a sengem Bezierk op der 1. Plaz steet a geschter och 3 Verstärkungen aus hirer 1. Equipe dobäi haat! Déi Miseler haaten an der gesamter 2. Halschent nëmmen eng Geleegenheet an dat op Fräistouss hin mee eise Keeper Dave Zenner konnt dee mat enger schéiner Parad aus dem Eck fëschen!
D'Aventure Coupe geet deemno an eng weider Ronn a wa mer weider sou zesummenhaalen an d'Motivation an den Asaatz weider sou stëmmen (an nach bësse Lousgléck dobäi kënnt) kënne mer nach wäit kommen!
En zefriddenen an houfregen Team Manager
Opstellung:
David ZENNER - Christophe HALER (60' Marco POUL) - Jérôme GILLEN (45' Samuel ROBALO) - Gérard SCHAUL - Helder MESQUITA MARTINS - Ralf BUNK - Steve THEODOR (45' Angelo FIORUCCI) - Lionel DIAS PINTO - Cédric LEFEVRE - Cleyton SANTOS PIRES - Vic MENDES
...
Goler:
11.' 1-0 Vic MENDES
15.' 1-1
18.' 1-2
75.' 2-2 Cleyton SANTOS PIRES (11m)
79.' 3-2 Cleyton SANTOS PIRES (11m)
85.' 4-2 Vic MENDES
Pupilles
Serie 10 PETANGE - UNK 3 - 4
Equipe : Diels N. Kirtz Ch. Lepasch Ch. Jacoby T. Marinha Y. Alleva A. Reche G. Lopes B.
Oliveira E.
Gooler : 16 / 49 min. Alleva A. 26 / 35 Kirtz Ch.
Serie 7 NIEDERCORN - UNK 10 - 1
Equipe : Fiorucci G. Pelle L. Fernandes N. Azevedo D. De Sousa D. Vicente Y. Teixeira F.
Salouh Y. Soares l. Oliveira Y.
Gooler : 24 min Salouh Y.
Seniors II
Et war geschter net nemmen eis eicht Ekipp dei geint den Prorès Nidercorn gespillt hun, mais och eis Zweet. D'Jongen vum Nico Funck hun deenen Nidderkuerer keng Chance gelos an hun mat 5:1 gewonn.
Den Weekend bei der Jugend
D'Junioren verléieren mat 3-6 bei der Entente CSG/UMW. Zur Paus stoung et schon 0-4, d'zweet Halbzeit war dann awer erem ausgeglach. Schwéier gët et deemno elo fir d'Equipe d'Klass nach ze haalen, den Kapp dierf awer nët ze fréi an den Sand gestach gin...
D'Cadets hun hiiren wichteg Auswärtsmach beim FC Mamer 32 mat 3-2 gewonnen an bauen deemno hiiren ...Viirsprong an der Tabell en bëssen aus. Wann elo disziplinéiert an roueg weidergeschafft gët, steet dem Opstieg an déi 2. Klass näischt méi am Wee.
D'Scolaires II iwerrennen d'Union 05 Kayl/Tétange mat 9-0. Och hei féiert eis Equipe ganz souverän d'Tabell un an et gët elo esou lues Zäit, sech mat aaneren Géigner ze moossen! Deemno konzentréiert weiderschaffen, fir an der Rëckronn ënnert deenen 6 beschten Equipen, also an der 1. Klass ze spillen! D'Scolaires II deelen sech mam CS Suessem d'Punkten. Zum Schluss spréngt een 2-2 eraus. Och hei kann den UNK deemno séng Leaderpositioun verteidegen.
D'Minimes I gewannen hiiren wichtegen Auswärtsmatch beim F91 mat 3-1. Beim Tabellenzweeten weist d'Equipe vum UNK eng ganz gudd Leeschtung, flotten Fussball an tauscht deemno d'Plaatz mat Diddeléng an der Tabell. Den UNK II gët trotz enger disziplinéierter Leeschtung net belount. Géint eng gudd Equipe vum F91 II verléieren eis Jongen, trotzdem ze héich, mat 0-4.
Remis geint den Progrès
Geschter ass den U.N. Käerjéng'97 zu Nidderkuer net iwert een 0:0 eraus komm.
-
Kampf und Krampf (336.98 Ko) -
LUNK degringole (258.83 Ko) -
LW Kaerjeng zu lethargisch (449.08 Ko)
Seniors III
Geschter Owend huet eis drett Ekipp mat 5:0 geint Nörtzange gewonn.
Gewenner!!
An maer hun ee Gewenner bei eisem Quiz. Eisen treien Suporter Christine Wehr war daat Eicht daat eis dei richteg Äntwert iwert Guestbook erangeschriwwen huet. An domadden gewennt hat eng Haam.
Bei desem Quiz war et den Fabien Madimba wou maer gesicht hun.
Maer soen all de Leit merci dei bei desem Quiz matgemeet hun.
Quiz
Haut gin maer an den veierten Daag vun eisem Quiz.
Well nach emmer keng richteg Äntwert erankomm ass kritt daer elo den Tipp Nummer 4.
Den Spiller deen maer sichen huet an senger Carrière och fir een Verain aus der Staat gespillt.
Quiz
Bis elo ass dei richteg Äntwert nach net am Guestbook niddergeschriwen gin dofir hei den dretten Tip.
Den Sppiller deen maer sichen spillt NET mei fir den UN Käerjéng '97.
Quiz
An hei den zweeten Indice.
Den Spiller deen maer sichen huet 2003 sain eichten Match bei den Seniors I gespillt.
Quiz
Den UN Käerjéng'97 mecht een klenge Quiz hei um Internet-Site.
Maer sichen een Spiller deen fir den UNK spillt resp. gespillt huet. Daer kritt all Daach een Tipp an deen eichten wou deen richtegen Spiller am Guestbook nidderschreiwt deen gewennt eng Haam. Jiddereen deen mat mecht daerf nemmen een Numm pro Daach an d'Guestbook schreiwen. Desen Quiz endegt den Sonden um 16:00. Bonne Chance.
An hei ass den eichten Tipp: Den Spiller deen maer sichen huet dei letzebuergesch Nationalitait.
Nei Uniformen
Geschter, virum Match geint Fola wat dei offiziel Iwwerrreschung vun den neien Uniformen. Een groussen Merci geet un eis Sponsoren dei et erlaaben dass eis Spiller vun Bambinis bis zur Seniors I an neien Uniformen kenne Spillen. D'Uniformen sin an den UN Käerjéng-Farwen roud an blo gehaalen.
De Weekend bei der Jugend
D'Jugend-Resultater vum Weekend:
D'Junioren verléieren knapps mat 3-4 géint d'Fola. Nodeems den UNK schon 0-3 hannenluch, as d'Equipe erem bis 3-3 bäikomm, kritt dann awer virun Schluss nach den 3-4 an verléiert deemno wichteg Punkten. D'Cadets loossen der US Remelëng keng Chance an wannen kloer mat 5-0.
D'Scolaires I sin och géint d'US Remelëng ugetrueden, gewannen do ganz souverän auswärts mat 8-1. D'Scolaires II hun iwerhaapt net missen (dierften) untrieden, well ganz einfach d'Etoile vun Schuller keng Equipe zesummen kruut...
D'Minimes I schloen d'Fola Esch knapp mat 2-1, maachen domadder een groussen Schratt fir d'1. Klass ze behaalen iwerdeems eng jonk Minimes II - Equipe mat 0-9 géint den FC Rodange I verléiert.
Gudd Besserung
Dem Marc Binsfeld den Geschter wärend dem Match huet missen mat der Ambulanz an Samu an Spidol gefouert gin, geet et schon nees besser. Heen muss haut nach zur Kontroll bei sain Docter.
Den ganzen UN Käerjéng'97 wenschen dem Marc eng gudd Besserung an dass hien ness glaich um Terrain steet.

