News

Dernières News

23-03-2013

FLF U21

D'U21 Formatioun vun der FLF hun sech den Owend op den Wee fir an Schottland gemaach. U Bord sin eis Spiller Sergio Teixeira, Pit Hess an Ken Corral, souwei eisen Kiné den Fränz Ries.

Coupe des Jeunes
23-03-2013

Coupe des Jeunes

Nodeem dass eis Cadets sech den Freiden schonn fir 1/4 Final vun der Coupe konnten qualifizéieren, hunn eis Scolaires duerch een 13-0 géint Jonglënster den Sprong och an 1/4 Final gepackt! Eis Minimes sinn am 11 Meter schéissen géint Rodange eliminéiert ginn. Felicitatioun den Spiller an hiren Traineren fir Qualifikatioun an den Minimes soen ech den Kapp net hänken loossen an no vir kucken!

Nouveau sponsor
22-03-2013

Nouveau sponsor

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux de pouvoir compter comme nouveau sponsor principal  le Garage Guillaume PEREIRA établi à L-4410 Soleuvre  18, Zone Artisanale UM WOELLER. Le Garage PEREIRA (pereira.lu) dispose d’un des plus beaux et consistants stocks de voitures d’occasion de toutes marques et pour tous budgets exposés sur une surface de plus de 2.300 mètres carrés. Le Garage PEREIRA s’est construit en vingt ans d’expérience une clientèle fidèle et il mise sur un service de qualité exemplaire ainsi que sur une relation directe avec ses clients.

Le Garage PEREIRA assure également avec un professionnalisme remarquable tous travaux de mécanique générale, de carrosserie et de peinture.

Nouveau sponsor
22-03-2013

Nouveau sponsor

U.N. KAERJENG ‘ 97 est fier et heureux d’annoncer la conclusion d’un contrat de partenariat et de sponsoring d’une durée de trois ans avec la Banque RAIFFEISEN . En vertu de ce contrat RAIFFEISEN deviendra le sponsor principal du célèbre JUGENDCUP organisé annuellement début septembre par l’UNK et qui constitue sans conteste l’épreuve la plus réputée au LUXEMBOURG dans les catégories de jeunes joueurs concernés. Le haut degré de professionnalisme et le remarquable dynamisme de la Banque RAIFFEISEN se conjuguent parfaitement avec les ambitions fortes et la gestion sérieuse qui caractérisent l’UNK.

21-03-2013

Coupe-Weekend fir 3 UNK-Equipen!

Schon haut den Owend treffen eis Cadets an der 1/8 Finale vun der Coupe des Cadets zu Mamer ab 19.00 Auer op den FC Mamer 32.
En Samschden dann spillen eis Scolaires doheem um 16.30 Auer géint d'Jeunesse Junglinster an eis Minimes trieden fir hiir 1/8 Finale schon um 13.00 Auer zu Rodange un!

21-03-2013

Dammen

E Samschdeg ass et erëm esou wäit. Da rullt de bal och nees bei den Dammen. Am éischte Match vun der Réckronn hu mär den Tabellenéischte vu Beetebuerg um Dribbel op Besuch. Kënnen eis Meedecher Revanche huele fir d'Nidderlag an der Hironn? Upëff ass ëm 19h

Gudd Besserung
18-03-2013

Gudd Besserung

Verletzungspech bei eise Reserven! Eisem Tuerm an der Ofwier, de Jérôme Gillen, ass beim Basketspillen d'Achillessehn gerass!!! Heen ass Geschter Moien zu Esch operéiert ginn. Op dësem Wee wënsche mer dem Gilli eng gutt a schnell Genesung, an der Hoffnung hee séier rëm mat eis um Terrain ze gesinn!

16-03-2013

Seniors II

Haut den Metten spillen eis Seniors résrves een Frendschafftsmatch geint Ell. Ustouss ass um 15:30 um Kaerjenger Dribbel.

14-03-2013

Den Weekend bei der Jugend

Wéi d'FLF elo matgedeelt huet, sin sämtlech Jugend-Matcher an den Kategorien vun Bambinis bis Juniors fir dësen Weekend (15. bis 17. März) elo OFGESOOT, dëst duerch d'Wieder-Konditiounen!

Mario PINTO DA COSTA
13-03-2013

Mario PINTO DA COSTA

C’est avec une immense tristesse que l’U.N. KAERJENG ‘ 97 a appris le décès inopiné de Mario PINTO DA COSTA. Mario PINTO DA COSTA a été un arbitre d’élite unanimement apprécié et respecté dégageant une autorité naturelle. Sa disparition brutale plonge tout le monde du football dans un grand chagrin. Nous tenons à présenter à sa famille nos plus sincères condoléances et nous l’assurons de nos profonds sentiments de compassion. Nous avons une pensée particulièrement émue pour sa fille Jennifer qui fait partie de l’équipe féminine de l’UNK.

13-03-2013

BGL-Ligue

Weinst dem ville Schnei vun den leschten Deeg ass den ganzen 18. Spilldaag an der BGL-Ligue dorenner och eisen Match geint den FC Woltz ofgesoot gin.

12-03-2013

Training

Weinst den schlechten Wiederkonditiounen sin all Trainingen vun Haut Densden ofgesoot.

Fir weider Infos frot aer Traineren.

11-03-2013

De Weekend bei der Jugend

Bambinis: RFCUL – UNK , 0-13

Pupilles I: UNK – CS Fola , 2-2

Pupilles II: UNK – FC Déifferdang , 2-7

Poussins I & II: Spill frei

Minimes I:UNK – FC Schëffleng , 1-0

Bei dëser Victoire ass virun allem zeréckzebehalen dass den Max Lamesch am Goal an der 2ter Halbzeit déi 3 Punkten fest gehalen huet , hien war bei 3-4 Een géint Een ëmmer den Gewënner vun dësen Dueller , Bravo un d’ Jongen alleguerten .

Minimes II: UNK – CS Fola , 4-1

Scolaires I: UNK – Swift Hesper , 0-1

An engem ganz flotten an intensiven Match verléieren eis Scolaires um Enn een bësschen Onglécklech mat 0-1.Virun allem ass den Ball an der 2ter Halbzeit gutt lafen gelooss gi awer mir hunn et net fäerdeg bruecht den Ball iwwert d’ Linn ze bréngen , par Rapport zur leschter Woch war et eng absolut Steigerung vum Niveau, Lafbereetschaft, Asatz, positiv Aggressivitéit vun all den Jongen.D’Trainer(en) woren trotz der Défaite deck zefriden well ausser dem Resultat (bal) alles ok wor, leider huet eben fir den Grupp dei verdengten Kiicht um Kuch gefehlt!

Scolaires II: UNK – FC Rodange , 1-1

No enger beschen verschlofener 1ter Halbzeit an 0:1 Reckstand hun d’Jongen dei 2ten Halbzeit richteg Gas gin an hun sech den Punkt do richteg verdengt an hätten zum Schluss souguer keinten en Dreier afueren.Den Wellen eppes ze rappen wor dei 2 Halbzeit kloer ze gesin.

Cadets: UNK – F91 Diddeleng , 1-3

Och wann Diddeleng duerch eng rout Kaart schonns an der 1ter Halbzeit nëmmen nach zu 10 gespillt hunn, waren se trotzdem iwwerleeën.

Juniors: FC Déifferdang – UNK , 5-1

Juniors verléieren hiren 1ten Match an der 2ter Klasse an wëssen dann och elo dass do den Niveau besser ass wei déi 10 Matcher virdrun wou se gespillt hunn.

Allgemeng, positiv war déi ganz gutt Zesummenaarbecht (Kommunikatioun) zwëschen Scolaires, Cadets an Juniors -Trainerstaff, dëst well verschidden Spiller gespaart respektiv verletzt waren an och nach sinn, sou hunn méi Spiller op dësem Weekend 2 mol missen untrieden, eng Situatioun déi Intern ëmmer versicht gëtt ze vermeiden well keen Spiller soll verheitzt ginn, awer déi nächst Wochen schwéier ze vermeiden wäert sinn.

10-03-2013

CS Fola - UNK

Fola-U.N. Käerjeng 4-1. Fola huet héich verdéngt gewonnen. Och wann mir nom 1-0, nach duerch een schéinen Goal vum Alex mat 1-1 an Paus gaangen sinn haten mir an der 2 Halschent keng Goal Chance méi. An der 15' huet den Jérôme Marcolino eng rout Kaart kritt an der 18' war et um Kirch vun der Fola an, an der 77' war et dann nach eng giel/rout fir den Pit Hess.

07-03-2013

Tirages Coupes Jeunes

1/8 Finale Coupe des Cadets: FC Mamer 32 - UNK (24/03/2013)
1/8 Finale Coupe des Scolaires: UNK - Jeunesse Junglinster (23/03/2013)
1/8 Finale Coupe des Minimes: FC Rodange 91 - UNK (23/03/2013)

07-03-2013

UNK - Standard Liege

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 informe qu’en raison du report des quart de finale de la Coupe de Luxembourg au 1er mai prochain et compte tenu de l’incertitude liée à son parcours dans cette épreuve avec à la clé une éventuelle qualification européenne dont le 1er tour préliminaire se jouera lors de la 1ère semaine de juillet, nous avons préféréannuler le match de gala UNK/STANDARD de Liège prévu pour le samedi 29 juin. En effet, l’organisation administrative et logistique de deux événements d’envergure quasi simultanés (dans l’hypothèse bien entendu que l’UNK se qualifierait pour l’Europa Ligue) , exclusivement sur base bénévole, constituerait un défi insurmontable.

 

L’UNK a ainsi opté pour mettre en pratique l’adage « mieux vaut prévenir que guérir » pour ne pas être forcé d’annuler (en fonction des aléas de la Coupe) la rencontre de gala à brève échéance avec tous les désagréments que cela engendrerait.

 

Une rencontre de gala est espérée au cours de la saison prochaine.

06-03-2013

Wichteg Punkten zu Nidderkuer

Haut den Owend hun maer 2:0 geint den Progrès Nidderkuer gewonn.

Opstellung: Stelletta, Fiorani, Marcolino, Gregoire (Welter), Hess, Andres, Sabotic, Rolandi, Corral, Zewe (Teixeira), Piron (Santos Piron).

Gooler: 1:0 Piron 50', 2:0 Corral 53'

04-03-2013

De Weekend bei der Jugend

Bambinis: UNK – FC Mondercange , 1-13

 

Pupilles I: US Rumelange – UNK , remis

 

Pupilles II: FC Ehlerange I – UNK II , 13-2

 

Poussins I:  Jeunesse Esch – UNK , 0-1

 

Poussins II: FC Differdange – UNK , 6-4

 

Minimes I: Progres Niederkorn - UNK , 0-0

 

Minimes II: FC Belval Belvaux I  – UNK II , 5-3

 

Scolaires I: UNK - Entente UMW/CSG , 1-0

 

Scolaires II: UNK II – Entente Sanem/Ehlerange I , 2-3

 

Cadets: Swift Hesper - UNK , 4-0

 

Juniors: Spill frei

 

Allgemeng,

no enger laanger Wanter Paus sollen mir déi éischt Resultater net ze vill analyséieren , d’ Kanner mussen erëm hier Repéiren um Terrain fannen, d’ Schong sinn gewiesselt ginn an den Ball ass och erëm een aneren wei iwwert den haarden Wanter an dem Training an der Hal, elo mam Retour vun der Sonn an richtegem Training um Terrain erëm ,wäerten och d’ Automatismen zeréck kommen.

UNK - FC Canach
03-03-2013

UNK - FC Canach

UN Käerjeng'97        1:1         FC Jeunesse Canach

Opstellung: Stelletta, Fiorani, Ramdedovic, Brix, Hess, Rolandi, Loes (Santos Pires 71'), Corral, Andres, Piron (Da Cruz 61'), Zewe.

Gooler: 1:0 Piron 2', 1:1 Amartey 22'.

02-03-2013

Seniors II

Geschter Owend hun eis Seniors II mat 0:2 geint d'UNA Strossen verluer.

02-03-2013

UNK - FC Canach

De Match vun Muer teschend dem UN Käerjéng'97 an dem FC Jeunesse Canach gett geleed vum Arbitertrio: Celik (aus Frankreich), Mateus Santos D. an Quiterio.

27-02-2013

Seniors reserves

Am 4 Tour vun der Coupe vun den Senior Reserven spillen eis Jongen den 24.03.2013 op der Fola.

27-02-2013

Tombola Apres-ski

Hei sin d'Gewenner vun der Tombola vun eiser Après-Ski

100€    0478
75€      2195
50€      0997
25€      1880, 2224, 1051, 1462

Gewenner sollen sech beim René Hames mellen.

26-02-2013

Coupe de Luxembourg

Weinst den schlechten Zoustänn vun den Terrainen huet d'FLF Matcher vun der Coupe fir Muer ofgesoot.

25-02-2013

LaLux Futsal 2012-13

Den Weekend waren dei 2 Finalen vum Futsal Championat,d’Scolaires kommen hanner Hesper op déi 2ten Platz,an ons Pupille op déi 4ten Platz.

Bravo fir des gutt Leeschtung …elo gëllt et d’Schong ze wiesselen well den nächsten Weekend geet den Championat erëm um Terrain dobaussen un…hoffentlech well den Wanter well jo net esou richteg lassloossen,mir wënschen all onsen Equipen bonne Chance am 2ten Tour vum Championat.

 

 

Futsal scolaires

1. Swift Hesperange

15 Pts

2. UN Käerjeng 97

9 Pts

3. Fola Esch

9 Pts

4. RFCU Luxembourg

6 Pts

5. Entente CSG/UMW

3 Pts

6. Jeunesse Esch

3 Pts

 

 

Futsal pupilles

 

1. Fola Esch

10 Pts

2. Swift Hesperange

8 Pts

3. FC Schifflange

8 Pts

4. UN Kaerjeng

7 Pts

5. RFCU Luxembourg

5 Pts

6. FC Differdange

3 Pts

 

24-02-2013

Apres-Ski 2013

Geschter wei eis grouss Apres-Ski Party.
Den DJ Rom an De Hofnarren hun fir mega Stemmung gesuergt.
EEn decken MERCI geet un all dei fleisseg Hänn dei iwer 4 Deeg am Asaatz waren, well ouni dei ass esou een Event net meiglech.
D' Fotoen fand Dier an eiser Galerie oder ob Pictures by Eric

23-02-2013

Scolaires

2 Plaz fir eis Scolaires an der Final vum Futsal! Felicitatioun un Spiller an Traineren fir déi gutt Performance. Gratulatioun dem Gewënner, dem Swift Hesper!

23-02-2013

Seniors I

Well weinst den schlechten Zoustänn vun den Terraien all Matcher vum Weekend ofgesot gin sin spillt eis eicht Ekipp een Frendschafftsmatch geint den FC Deifferdeng 03. Upeff ass um 14:30 um Dribbel

21-02-2013

LaLux Futsal

Finale Futsal Scolaires, Samschdeg den Moien ab 9.00 zu Munsbach, Organisateur ass den FC Munsbach ,Geigner sinn, RFCUL, Swift Hesper, Fola Esch, Jeunesse Esch an Entente CSG/UMW

Finale Futsal Pupilles, Sonndeg den Mëtteg ab 14.00 zu Nidderanven , Organisateur ass den US Hostert , Geigner sinn, RFCUL, Swift Hesper, Fola Esch, FC Schifflange an FC DIfferdange

Avis aux amateurs, kommt d’Jongen vum UN Käerjeng ufeieren !

17-02-2013

Match amical

Den Mëtten um Käerjenger Terrain bei sonnegem Wieder hunn mir mat 6-0 géint den FF Norden gewonnen. Eis Goaler hunn geschoss: Pit Hess, Ken Corral (3x), Henid Ramdedovic an Sergio Teixeira.

Sponsors
15-02-2013

Sponsors

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’informer que le club a conclu avec les sociétés JAKO et FREELANDER’S GROUP un contrat de sponsoring et de fourniture d’articles de sport longue durée portant sur les quatre prochaines saisons.

 

Nous tenons à remercier vivement et chaleureusement JAKO et FREELANDER’S pour leur soutien financier et leur partenariat hautement appréciés.

 

L’UNK est fier de pouvoir compter sur le professionnalisme de FREELANDER’S et se réjouit que l’ensemble de ses joueurs de toutes les catégories d’âge seront équipés en articles de sport JAKO réputés pour leur design élégant et leur grande qualité.

15-02-2013

Seniors II

Och den Match vun den Seniors II geint Ell ass den schlechten Wiederkonditiounen zum Opfer gefall.

15-02-2013

Match amical

Well d'Matcher an der BGL-Ligue ofgesot sin, pillen eis Seniors I desen Sonden een Frendschaftsmatch geint den FF Norden 02. Ustouss ass um 15:00 um aalen Kaerjenger Terrain.

15-02-2013

Seniors I

Weins den schlechten Wiederkonditiounen an den schlechten Zoustänn vun den Terraien huet d'FLF sämtlech Matcher vum Weekend ofgesot.
D'Matcher vum 14. Spilldag sin fir den 3. Abrell firgesin.

15-02-2013

Cadets

Nodeems en Mëttwoch schon den Test-Match bei den Cadets géint Schuller huet missen ofgesoot gin, as och elo den Frëndschaftsmatch UNK – FF Norden 02 bei den U17, deen fir dësen Sonnden (17/02) geplangt war wéngst den Wieder-Konditiounen, op nächsten Samschden, den 23/02/2013 verluecht gin. Den Match gët um 14.30 Auer um synth. Terrain vum “Käerjenger Dribbel” gespillt.

 

15-02-2013

Kéisowend

Den Kéisowend fir nächsten Freiden as elo dann offiziell "complet". Mir kënnen also LEIDER keng weider Umeldungen méi unhuelen, freeën eis awer op een flotten Owend nächst Woch! Bis geschwënn, schéinen Weekend alleguer!!

14-02-2013

Scolaires

Den Scolairestraining vun haut ass ofgesot. Den Sonden ass de Match geint Jeunesse um 17:30, rv ass um 16:30. D'Spiller dei konvokeiert sin kreien nach gesot op de Match an der Haal oder um Terrain gespillt gett.

13-02-2013

Cadets

De Frendschaftsmatch vun den Owend dei den Cadets geint Schuller ass weinst den schlechten Wiederkonditiounen ofgesot. 

11-02-2013

Progres Niederkorn - UN Kaerjeng

Desen Sonden ass et nees esou weit. De Ball rullt nees an der BGL - Ligue. Um 16:00 spillt den UN Käerjeng zu Nidderkuer geint den Progrès.

De Match gett geleed vum Här Durieux an hien gett assisteiert vun den Hären Sabotic an Muller J.

11-02-2013

Minimes

Desen Densden an Mettwoch ass bei den Minimes weinst den schlechten Wiederkonditiounen keen Training. Den Programm vum Weekend bleiwt bestoen ausser dass de Match geint Jeunesse gett an der Haal gespillt.

09-02-2013

Anna-Maria Zimmermann kennt net!

Management huet eis matgedeelt dass Anna-Maria net op Après-Ski Party kann kommen wéinst enger anerer Verflichtung.

Niewent dem DJ Rom sinn et dann De'Hofnarren déi fir eng Mega Stëmmung wäerten suergen.

08-02-2013

Match amical

Am 6 an leschten Testmatch virum Match den 17.2. um 16:00 Auer beim Noper vun Nidderkuer gewannen mir mat 4-1 géint d' US Rëmeleng. Eis Goaler hunn geschoss: Ken Corral, Sam Loes an Romain Zéwé (2x). No 5 Victoiren an engem Gläichspill denken ech dass mir gutt preparéiert sinn fir Reprise! An deem Sënn...kommt all op Nidderkuer fir eis Jongen ze ënnerstëtzen! Merci der Gemeng, virop den Jongen vum Dribbel an Acker déi et Méiglech gemaach hunn dass all eis Testmatcher um Dribbel konnten gespillt ginn!

Assemblée Genérale
08-02-2013

Assemblée Genérale

Geschter Owend war an der Buvette vum Dribbel eis Generalversammlung dei ganz gudd Besicht war.
Den President huet ee sportlechen Bilan vun all de Kategorien gezun  duerno huet den Emile Muller den Keesebericht gemaach.
No dessem Bericht huet Versammlung dem Keessier per Acclamatioun Décharge gin.

Zum Schluss hun nach den Sportscheffen Richard Sturm, den President vun der Sportskommissioun Frank Pirrotte an den Lucien Fusulier President vun der Entente e puer Wieder zu deser Versammlung an dem Verain gesot.

 

07-02-2013

Assemblée Genérale

Haut den owend ass 19:30 an der Buvette vum Dribbel d'Generalversammlung vum UN Kaerjeng'97.

06-02-2013

Minimes

L'entraînement spécifique catégorie Minimes du jeudi 7 février est reporté au 14 février 2013.

04-02-2013

LaLux Futsal 2012-13

Hei fannt Dir Informatiounen iwwert Finalen vum Futsal. Den U.N.'97 ass mat den Pupilles an den Scolairen an der Final. An deem Sënn...Kommt an ënnerstëtzt eis Ekippen !

04-02-2013

Interview mam Roland Schaack

Roland Schaack (Käerjéng): «Nous n'avons pas été à la hauteur»

 

L'UN Käerjéng 97 a effectué une première partie de championnat très décevante (11e, 11 points). Roland Schaack souhaite moins de nervosité et plus d'efficacité de la part de sa formation pour redresser rapidement le tir.

Roland Schaack ne cherche pas d'excuses! L'UNK s'est mis en danger. L'opération rachat débutera dès la reprise.
(Photo: Michel Dell'Aiera)
  • Quel bilan tirez-vous de votre première partie de championnat?

On ne va pas se mentir, nous n'avons pas été à la hauteur et le classement reflète nos manques. Nous avons été trop nerveux sur un grand nombre de matchs et l'efficacité nous a fait défaut. Nous nourrissons clairement d'autres ambitions surtout que nous avions décroché une belle troisième place lors du dernier exercice après avoir fini à la cinquième place en 2010/2011. Notre politique générale a changé puisque nous avons choisi d'incorporer des jeunes dans le groupe, mais il ne faudrait pas que cela se fasse au détriment des résultats passés.

  • Quel regard jetez-vous sur ces cinq premiers mois de compétition?

Le championnat de BGL Ligue est d'un bon niveau avec des moments intenses. J'espère juste que la meilleure équipe sera couronnée en fin d'exercice. Canach est la belle surprise de ce premier tour avec un mélange de joueurs brésiliens et portugais, tous très joueurs, très expérimentés et un brin malicieux. Pour ce qui est de la déception, je citerai l'UN Käerjéng 97 car compter onze points après treize journées n'est pas extraordinaire.

  • Quel joueur de BGL Ligue ressortez-vous du lot?

Sans conteste Stefano Bensi. Il a été très performant au cours des trois premiers mois de compétition et le Fola en a profité pour créer des écarts en haut de classement.

  • Qui sera champion, européen, barragiste et qui va descendre?

Le Fola me paraît apte à aller jusqu'au bout. Dudelange et la Jeunesse vont en découdre pour la place européenne. Pour la place de barragiste comme pour les deux qui mèneront à l'étage inférieur, vous me permettrez de m'abstenir de tout commentaire car nous sommes concernés par cet enjeu.

04-02-2013

Den Weekend bei der Jugend

Scolaires Futsal, FINALE!

Ons Scolaires kommen gëschter Mëtteg , um Dribbel , op déi 2ten Platz hannert dem RFCUL an qualifizéieren sech fir d’Finale vum Futsal Championnat dei den Weekend vum 23 an 24ten Februar gespillt ginn. Ons Pupilles sief nach mol drun erënnert sinn jo dann och an hirer Kategorie derbäi , also 2 vun 4 Alterskategorien hunn et bis an d’Finale gepackt, een groussen Bravo un d’ Spiller , Traineren an Supporteren vum UN Kaerjeng 97.

Elo waarden mir nach drop dass mir gewuer ginn wou des Finalen gespillt ginn, eng hal wou schonns zeréck behalen ginn ass, ass déi vun Nidderanven, Organisateur ass dann d’FLF an Zesummenaarbecht mam FC US Hostert.

Indoortourneieren all Kategorien

Ons Équipen Bambinis bis Cadets waren Samschdeg an Sonndeg um Stemper Cup zu Déifferdeng,

Ons Équipen Pupilles , Poussins an Minimes waren zu Schouweiler bei der Entente Schouweiler/Clemency derbäi,

An ons 1t Poussins waren och nach zu Mondorf aktiv gëschter Mëtteg, hei war d’US Mondorf mam FC Metz Organisateur,

also am groussen ganzen hunn ganz vill Jugendlecher vun onsem Veräin sech dësen Weekend an der Hal kennen ameséieren.

02-02-2013

Match amical

No Hamm, G'Maacher, Mondorf, Feelen (4 x gewonnen) stoung Haut den 5 Testmatch fir 2013 um Programm. Den Mëtten hunn mir géint den F91 Diddeleng 2-2 gespillt. Déi 1 Halschent hunn mir een Eelefmeter net eran kritt. Eis Gooler hun den Ken Corral an den Sam Loes geschoss.

Kéisowend
31-01-2013

Kéisowend

D'UNK Reserven invitéieren Ierch op hiiren éischten Kéisowend am Sall um Käerjenger Dribbel.
Fir nëmmen 10 € dierft dir ierch um Kéis-Buffet verwinnen loossen, den passenden Wäin dozou gët et selbstverständlech och.

Umellen bis den 19/02/2013 per mail op

30-01-2013

Match amical

Haut den Owend huet eis Seniors I hieren Frendschaftsmatch mat 1:0 geint Fehlen gewonn. Den Gool vum Match huet den Romain Zewe an der eichter Halschent geschoss.

Nexte Match ass den Samsden 2 Februar geint den F91 Diddeleng. Ustouss ass um 14:00h Kaerjenger Dribbel.

29-01-2013

Nouveau Transfert

Jérôme MARCOLINO âgé de 23 ans a signé un contrat longue durée s’étendant jusqu’en 2017. Jérôme est également un défenseur qui aime jouer avant tout dans l’axe de la défense. Jérôme vient en provenance de HAMM BENFICA. Il permet au club de compenser le départ de Laurent GUTHLEBER.

Den Weekend bei der Jugend
28-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal, FINALE!

Ons Pupilles hunn gëschter Moien um Dribbel et fäerdeg bruecht sech fir d’Finale vum Futsal ze qualifizéieren,3 Matcher gewonnen 1 mol Remis an 1 mol verluer ass duer gaangen fir sech als 2ten hannert der Fola,géint déi ons Jongen den 1ten Match gespillt haten an 2-0 gewonnen hunn ,ze plazéieren. Kollektiv waren d’ Jongen vum UNK bei wäitem déi beschten Equipe, munch mol huet souguer een bësschen Egoismus virum Goal gefeelt, oft nach eng Pass ze vill, awer hei schwätzen mir vun Jongen déi 7 bis 8 Joer al sinn, also dëst sinn déi fir den UNK Seniors 1 am Joer 2022 . Een ganz groussen Bravo gelt den Traineren Coos Roland an Bernard Jean-Claude, och soll Disziplin erwäänt ginn déi souwuel um Terrain wei nieft dem Terrain irreprochabel ass.

Et hunn gespillt, Hebbelinck Yanis am Goal, Dinis Diogo, Azevedo Dylan, Agostinelli Massimo, Salouh Yacine, Fernandes Noe, Hengesch Tommy, Teixeira Fabio, Pelle Luc, den Batista Nuno war leider krank an huet missen Moies ofsoen.

D’ Finale ass virgesinn den 23 oder 24ten Februar, wou ass awer nach net sécher.

 

Poussins Futsal,

Am 3ten Tour, also och ½ Finale ginn ons Poussins dei 5t vun 6 Equipen an sinn elo eliminéiert,Bravo trotzdem fir dësen flotten Parcours bis dohinner.

Scolaires Futsal,

Sief nach mol drun erënnert dass ons Scolaires Sonndeg den 3ten Februar ab 14.00, um Dribbel, am 3ten Tour also ½ Finale probéieren sech och fir d’ Finale vum Futsal ze qualifizéieren, avis aux amateurs.

Scolaires Tournoi zu Bartreng,

Leschten Freideg den Owend huet een Groupe vun den Scolaires den Tournoi zu Bartreng gewonnen, 12 Equipen hunn hei gespillt , an der Finale mat 5-4 am 6 Meter schéissen géint d’Entente Weiler-Itzeg, et hunn gespillt,

Brugetti Kevin am Goal, Daunois Adrien, Manata Bryan, Morbidelli Sam, Jacoby Alex, Lejeune Eden, Silva Dani, Martins Eric, Bravo hinnen an dem Trainer Steve Glesener.

28-01-2013

fUNKy Fuesbal

Den Samsden war déi 1 Editioun vun eisem Kannerfuesbal um Käerjenger Dribbel. Ganz vill Kanner haten den Wee, mat hiren Elteren, Grousselteren...an eis Buvette fonnt. Den Clown Eric huet während puer Stonnen mat den Kanner Spiller gemaach, gedanzt... an den Petz huet fir Musek gesuergt sou dass et fir déi kleng een flotten Nomëtten war. Den Clown Eric gëtt Iech lo schonn rdv fir 2014. Fotoen fannt dir an der Galeries

27-01-2013

Match amical

Geschter hun eis Jongen vun der eichhter Ekipp hiern dretten Frendschafftsmatch fir d'Joer 2013 gespillt. An desem Match konnten sie mat 5:2 geint d'US Mondorf gewannen. Gooler 3x Corral an 2x Zewe.

25-01-2013

Match amical

Den Frendschaftsmatch vun eisen Seniors I geint d'US Mondorf gett Muer de metten um 15:00h gespillt an net wei firgesin um 16:00h.

25-01-2013

Seniors II

Weins dem ville Schnei ass den Frendschafftsmatch vun eisen Seniors II vun Haut den owend ofgesoot.

24-01-2013

Training bei den Scolaires

Den Training vun den Scolaires vun Haut ass ofgesot gin. Traineiert gett elo den Sonden de Moien um 9:30h op Acker. (Ganze Grupp)

Clayton SANTOS PIRES
23-01-2013

Clayton SANTOS PIRES

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’annoncer que le jeune et talentueux Clayton SANTOS PIRES issu de son vivier a signé un contrat longue durée couvrant les saisons 2013/2014, 2014/2015, 2015/2016 et 2016/2017. Clayton est un joueur polyvalent très doué techniquement dont la marge de progression est substantielle et dont le potentiel ne demande qu’à éclore. Après les signatures des jeunes Sam LOES, Chris STUMPF et Tom WEILAND, l’apport de Clayton constitue un nouveau pas vers la mise en pratique du concept « UNK 2017 » qui mise résolument sur des jeunes joueurs sélectionnables en vue de disposer à l’échéance 2017 d’une équipe ambitieuse se basant sur des joueurs de notre cru.

Den Jeff hält op
22-01-2013

Den Jeff hält op

Den Jeff Feller huet decideiert no zwou schweiren Operatiounen um Réck ob desem Niveau keen Fussball mei zespillen.
Mier wenschen him alles Gudds fir seng Zukunft an hoffen dass heen dem Verain erhalen bleiwt.

21-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal,

Ons Pupille spillen Sonndes den 27ten Januar um Dribbel, ab 9.00 versichen se sech fir d’ Finale vum Futsalchampionnat ze qualifizéieren, déi zwou éischt Équipen aus enger 6er Gruppe sinn dann den Weekend vum 23 an 24ten Februar derbäi, Avis aux amateurs.

Poussins Futsal,

Ons Poussins spillen Sonndes den 27ten Januar zu Remeleng, ab 9.00 versichen se sech fir d’ Finale vum Futsalchampionnat ze qualifizéieren, déi zwou éischt Équipen aus enger 6er Gruppe sinn dann den Weekend vum 23 an 24ten Februar derbäi, Avis aux amateurs.

Minimes Futsal,

Ons Minimes sinn leider aus dem Futsalchampionnat éliminéiert, si kommen den Samschdeg den Moien zu Mënsbech ob déi 5ten Platz vun 6 Équipen, leider waren puer Spiller net derbäi des well si dës Woch mat der Schoul an der Skivakanz ware, och eng flott Saach, et kann een eben net iwwerall sinn zu gläicher Zäit.

Scolaires Futsal,

Ons Scolaires qualifizéieren sech an engem ganz schwaachen Gruppe als 2ten fir den 3ten Tour, ugerappt wei den TGV ,5-0 an 4-0 gewonnen déi 2 éischt Matcher, dunn déi 2 nächst verluer, hei war déiwen Wanterschlof um Programm mat enger Portioun Iwwerhieflechkeet kombinéiert, kann nëmmen schif goen, um Enn nach mol kuerz erwächt, den leschten Match gewonnen, an domadder ass et dann duer gaangen fir een Tour weider ze kommen, hoffentlech hunn d’Jongen verstan dass et liicht ass en bis zwee Gäng zréck ze schalten et duerno awer ganz schwéier ass erëm 2 Gäng erop ze schalten.

Fazit vum Trainer:

IWWERHIEFLECHKEET ASS DEN UFANK VUM ENN,ËMMER ZWEE FÉISS UM BUEDEN BLEIWEN.

Cadets:

Training Optakt dësen Donneschdeg.

Juniors:

Training Optakt haut den Owend.

21-01-2013

Training bei den Scolaires

Weinst den aktuellen Wiederkonditionen ass den Training um Terrain vun Muer Densden ofgesoot gin.
Den Training ass owes um 20:15 an der Hal vum Dribbel verluecht gin.

Match amical
19-01-2013

Match amical

Am Frendschaftsmatch de Metten geint den CS Greiwenmaacher wennt den UN Käerjéng mat 4:3. Et huet denkbar schlecht ugefaang well no 30' waren maer schon 0:3 hannen. Mee duerch Gooler vum Sergio Teixeira, Romain Andres, Ken Corral an Ernad Sabotic konnten maer desen Match nach wannen.
Fotoen vum Match fand Dier an eiser Galerie.

18-01-2013

Match gett zu Kaerjeng gespillt

Weinst dem onbespillbaren Terrain zu Grevenmacher gett den Frendschafftsmatch muer um aalen Kaerjenger Terrain gespillt. Ustouss ass um 15:00.

Philippe Stelletta
18-01-2013

Philippe Stelletta

L’UNK a enregistré avec grande satisfaction que son gardien Philippe STELLETTA a décidé de rester au club pendant trois saisons supplémentaires (2013/2014, 2014/2015, 2015/2016). Philippe est un gardien aux réflexes étonnants qui dégage une autorité naturelle et qui sait à merveille motiver ses coéquipiers.

 

Ernad Sabotic
18-01-2013

Ernad Sabotic

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’annoncer que son capitaine et joueur emblématique Ernad SABOTIC a prolongé le contrat le liant à notre club pour une saison (2013/2014) avec option pour une saison supplémentaire. Ernad de par sa très grande expérience, sa combattivité exemplaire, son approche professionnelle rigoureuse constitue un modèle à suivre et il encadrera au mieux nos nombreux jeunes joueurs.

UNK 2017
18-01-2013

UNK 2017

L’UNK est fier de faire part que les jeunes joueurs suivants issus de son vivier ont souscrit des contrats de longue durée portant sur les saisons 2013/2014, 2014/2015, 2015/2016 et 2016/2017 : Tom WEILAND (gardien de but), Chris STUMPF (joueur offensif) et Sam LOES (attaquant). Le fait de lier ces jeunes en provenance de notre sérail représente la mise en œuvre concrète et progressive de notre ambitieux projet « UNK2017 » qui, rappelons-le, vise à disposer à l’horizon 2017 d’une équipe hautement compétitive de joueurs sélectionnables formés pour l’essentiel par notre club. Les joueurs précités sont intégrés avec effet immédiat dans le cadre de l’équipe 1ère.

Aal Zaiten
18-01-2013

Aal Zaiten

Den UN Käerjeng hat d'Idee fir eng Galerie "Aal Zaiten" zeman. Fir Alleguer dei Leit dei nach aal Foto vum UN Käerjeng, FC Jeunesse Hautcharage oder der US Bascharage huet w.e.g. eranmailen ob . Et gin bestemmt flott Erennerungen. Merci

Den Heng am Asaatz
18-01-2013

Den Heng am Asaatz

Fir dass eis Ekippen trotz dem ville Schnei kennen trenaieren, ass eisen Gärtner den Heng am gang deen aalen Käerjenger Terrain freizescheppen.

18-01-2013

De Kugener Ed as net méi.

Leider si mir geschter informéiert ginn, dass den Arbitter Ed Kugener verstuerwen as.
Den Ed war den déingschteelsten Arbitter op eisem Jugend-Cup. Gären si mir him och während der Saison um Terrain begéingt.
Op an niewend dem Terrain war hien e joviale Kärel deen bei de Spiller a bei den Varainsdirigenten beléiwt war.

Mir wärten nach laang un den Eddes denken.
Der trauernder Famill soe mir eist härzlecht Baileed.

18-01-2013

Seniors reserves

Flotten Trainingsoptakt gëschter Owend an der Hal um Dribbel. 27 Spiller haaten de Wee op den Training fonnt, dorënner natierlech de Gros vun den 2.-Equipieren, awer och puer Vedetten vun der 3. Equipe! Den Ansch huet gezaubert, de Lou ass vill gelaf, de Laange war eng Kaz am Gol, de Ralf huet gemeckert, de Suad huet an d'Héise gerannt an den Team Manager war deenen aaneren hire Beschten... ;)

Haut den Owend geet et da raus an de Schnéi. Et gi keng Schnéimännecher gebaut mee gelaf, also bréngt w.e.g. alleguer nieft de Fussballsschung och är Lafschlappe mat!

Laurent Guthleber
18-01-2013

Laurent Guthleber

L’U.N. KAERJENG’ 97 tient à informer que d’un commun accord entre le joueur Laurent GUTHLEBER et notre club, le contrat du joueur précité a été résilié.

Laurent GUTHLEBER est libre d’effectuer avec effet immédiat un transfert auprès d’un autre club de son choix. Nous remercions Laurent pour les services rendus et lui souhaitons bonne chance pour la suite de sa carrière sportive.

 

Keen Training
16-01-2013

Keen Training

Weint deenen schlechten Wiederkonditiounen ass haut kee Training bei den Minimes an de Scolaires.
Fir weider Froen kennt dir Ierch bei denen jeweilegen Traineren mellen.

Den Weekend bei der Jugend
14-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal zu Walferdange,

 

Ons Pupillen kommen op déi 2ten Platz an hirer Poule an sinn elo fir den 3ten Tour qualifizéiert, déi 2 éischt plazéiert Équipen aus 3 Gruppen mat 6 Équipen, qualifizéieren sech dann fir déi grouss Futsal Finalen déi den Weekend vum 23 an 24ten Februar programméiert sinn.

 

Poussins Futsal zu Larochette,

 

Ons Poussins kommen op déi 3ten Platz an hirer Poule an sinn elo fir den 3ten Tour qualifizéiert, déi 2 éischt plazéiert Équipen aus 3 Gruppen mat 6 Équipen, qualifizéieren sech dann fir déi grouss Futsal Finalen déi den Weekend vum 23 an 24ten Februar programméiert sinn.

 

Minimes Futsal zu Munsbach ,

 

Nächsten Weekend,Samsdeg den 19ten spillen ons Minime zu Munsbach vun 9.00 un an versichen sech dann och fir den 3ten Tour ze qualifizéieren.

 

Scolaires Futsal zu Kaerjeng,

 

Nächsten Weekend, Sonndes den 20ten Januar ab 14.00 spillen ons Scolaires op Acker, an versichen sech dann och fir den 3ten Tour ze qualifizéieren, Avis aux amateurs.

 

Scolaires U15(FLF),Futsal

 

Geschter an der Coque huet d’U15 dei eischten keier desen Internationalen Futsal Tournoi gewonnen,3 Jongen vum UN Kaerjeng hunn do matgespillt,bravo!

 

Classement final:

 

1. Luxembourg U15

 

2. VfL Bochum 1848

 

3. FC Metz

 

4. 1 FC Saarbrücken

 

5. 1 FSV Mainz 05

 

6. Racing FC Union Luxembourg

 

7. SV Eintracht 05 Trier

 

8. Fortuna Sittard

 

Sélection Luxembourg: Tom Ottele(UNK), Bobby Jiang, David Darrosa Iglesias, Fabien Heinz(UNK), Ken Kartheiser, Brandon Soares Rosa, Luca Duriatti, André Jesus Maltez, Eric Brandenburger, Stefan Lopes Rocha(UNK).

 

Juniors

4 vun onsen Junioren, den Sam Loes, Tom Weiland, Chris Stumpf an Christophe Da Cunha trainéieren säit dem 7ten Januar mam Kader vun onser 1ter Équipe, an bis elo verleeft och alles ganz gutt, den Samschdeg konnten den Chris an Sam och am Frëndschaft Match géint RM Hamm Benfica matspillen, um Enn vun der Virbereedung vun den Seniors 1, décidéiert dann den Trainer Roland Schaack zesummen mam Prési ob een oder méi ganz an den 1t Équipe Kader integréiert gëtt.

13-01-2013

Neijoersfeier 2013

Wei all Joer hat den UNK och desst Joer eng Neijoersfeier fir all deenen Leit merci zesoen dei daat ganzt Joer fir den Verain do sin.

Desst Joer stoung um Programme Karaoke. Fotoen vun dem leschtegen Spektael fand dier an deser Galerie

Match amical
12-01-2013

Match amical

Am 1 Testmatch fir 2013 haut um Dribbel gewannen mir mat 3-1 géint den RM Hamm. Eis Goaler hunn geschoss: Ken Corral, Stéphane Da Cruz an den Sergio Teixeira! Den nächsten Testmatch ass den 15.1. op der Jeunesse.
An desem Match stoung och den Julien Rolandi no langer Verletzungspaus nees um Terrain.

Den Demir ass do
11-01-2013

Den Demir ass do

Nom Jérôme Winckel huet nees een vun eisen 1 Equipe Spiller "zougeschloen". Den U.N.''97 gratuléiert dem Henid an senger Madame zur Gebuert vun hirem klengen Jong. Den Demir ass den 9 Januar um 0:45 Auer op Welt komm an war 3800 g schwéier an 50 cm grouss. Der Mamm an och dem Papp géit et gutt.

07-01-2013

fUNKy Club Cup

No zwee Deeg Turneier an 90 gespillten Matcher steet den Gewenner vum fUNKy Club Cup 2013 fest. Den F91 Diddeleng gewennt zum Schluss knapp virun dem Racing Letzebuerg an dem FC Deifferdeng'03. Den UN Kaerjeng'97 kennt ob dei 4. Plaatz. Plaatzen 5 an 6 sin fir d' US Remeleng an den FC Scheffleng.

05-01-2013

fUNKy Ladys Cup 2013

Haut den owend hun och Dammen gespillt. Bei hinnen haten maer folgend Endklassement:

1. RFCU Luxembourg
2. FC Schifflange
3. UN Käerjeng'97
4. FC Deifferdeng'03
5. US Rumelange

D'Fotoen vum Ladys Cup kommen an den nexten puer Deeg ob den Site.

05-01-2013

fUnky Club Cup 2013

Sou den eichten Spilldaag vum fUNKy Club Cup ass gespillt.
No den Categorien, Cadets, Scolaires an Minimes hun maer folgenden Teschestand:

1. RFCU Luxembourg 32 pts
2. F91 Dudelannge 25 pts
3. FC Deifferdeng'03 22 pts
4. UN Käerjeng'97 22 pts
5. US Rumelange 18 pts
6. FC Schifflange 6 pts

Muar geet et dann Moies weider bei de Poussins, an Mettes ass et dann un de Pupilles an Poussins.

05-01-2013

fUNKy Club Cup 2013

De Moien ass eisen fUNKy Club Cup 2013 ugangen, an daat mat der Categorie vun de Cadets. Fotoen vum ganzen Tournoi fand Daer an eiser Galerie.

02-01-2013

Seniors reserves

Den 17ten Januar fänkt den Training bei den Seniors reserves un. Hei fand daer Trainingen vum Mount Januar.

Jeudi 17 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Vendredi 18 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Lundi 21 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Mardi 22 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Jeudi 24 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Vendredi 25 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Lundi 28 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Mardi 29 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Jeudi 31 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.

 

27-12-2012

Preparatioun Seniors 1 op Réckronn

Méindes den 7 Januar 2013 ass Reprise vum Training. Folgend Testmatcher stinn um Programm.

12.01.2013 16:00 Auer U.N.’97-Hamm

15.01.2013 19:30 Auer Jeunesse-U.N.’97

19.01.2013 15:00 Auer Grevenmacher-U.N.’97

26.01.2013 16:00 Auer U.N.’97-Mondorf

30.01.2013 19:30 Auer U.N.’97-Feulen

02.02.2013 14:00 Auer U.N.’97-Dudelange

08.02.2013 19:30 U.N.’97-Rumelange

17.02.2013 Reprise Championat Niederkorn-U.N.’97

      
27-12-2012

Feierdeeg bei den Pupilles

Den 22. Dezember hun sie zu Scheffleng dei zweeten Plaatz gemaach.
Den Daag drop stoung dann den RFCUL um Programm wou eis Pupilles dann ob dei 7. Plaatz koumen.
Um zweeten Chreschtdaag dann hun eis Jongen den Tournoi zu Remeleng gewonn.

23-12-2012

UNK 2013

Ab 1 Januar iwwerhëlt den De Bernardi Marc Responsabilitéit vun eisen Buvetten. Eng Plaz déi iwwert laang Joeren vum Hames René garantéiert ginn ass. Merci René fir all déi Joeren! Eng weider Ännerung ass déi dass den Hengesch Steve sech ëm alles bekëmmert wat Vestimentaire ass, eng Tâche déi bis elo den Birsens Bern hat. Merci dem Bern fir dat Engagement wat 's du während villen Joeren has. Thill Susi bekëmmert sech ab dem 1 Januar ëm den finanziellen Volet betreffend UEFA Lizenz. Dem Susi, Marc an Steve wënschen mir all Guddes an hiren neien Funktiounen.

20-12-2012

Coupe de Luxembourg

Haut war den Tirage vun den 1/4 Finalen vun der Coupe de Lëtzebuerg. Mir spillen den 27 Februar 2013 um Dribbel géint Nidderkuer.

Den Weekend bei der Jugend
17-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal, répéchage:

Zu Iechternach kommen ons Pupille op déi 1ten platz an sinn domadder qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat. All d’ Matcher gewonnen bei engem Torverhältniss vun 14-0, also besser ass schwéier, den Trainer an d’ Spiller waren ganz zefridden.

Hei hunn mir awer elo säit puer Méint een Problem, verschidden Elteren!!! kennen net mateneen an Woch fir Woch ass erëm iergend eng Diskussioun, dëst ass inakzeptabel, grad esou wei mir vun onsen Spiller an Traineren een exemplarescht Verhalen froen wier et flott wann d’ Elteren dëst och giffen uwenden, mir alleguerten zesummen vertrieden den UN Kaerjeng am In an Ausland, an sollen ons behuelen, Merci

Poussins Futsal, répéchage :

Op Acker kommen ons Poussins op déi 2ten Platz hannert der Etzella an sinn domadder qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat.

Minimes :

Op Initiative vun den Traineren, Max an Pascal, ass en internen Futsal Tournoi den Sonndeg den Moien op Acker organiséiert ginn, 5 Équipen hunn vun 9 bis 12 Auer intensiv gespillt an um Enn gewënnt déi rout Équipe, awer Gewënner waren se alleguerten, 36 Spiller haten den ganzen Moien vill Spaass.

Scolaires, Futsal 1ten Tour :

Op Acker Samschdeg den Moien, 1ten Platz fir d’ Jongen, sinn domadder och qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat, den Trainerstaff war vum spillereschen Niveau awer net begeeschtert, hei ass nach vill Loft no uewen.

Scolaires Tournoi triangulaire:

Den Sonndeg den Moien hunn ons Scolaires dësen Tournoi Um Dribbel gespillt, Moies an der Hal an Mëttes um syntetheschem Terrain, dëst mam 1FC Saarbrecken an der Foussballschoul U15 vun der AS Nancy Lorraine. An der Hal war den Niveau absolut ausgeglach an Detailer hunn den Ënnerscheed gemaach, um Terrain Mëttes hunn mir am 1ten Match 1-2 géint Nanzeg verluer wou mir och ganz gutt mat gehalen hunn, am 2ten Match géint Saarbrecken sinn mir awer dunn agebrach an verléieren 5-0, d’Batterien waren total platt! Dëst och well eben den Futsal op Samschdeg vun der FLF programméiert ginn war nodeems leschten Weekend ofgesot ginn war. Ënnert dem Strich extrem positiven Tournoi, ganz vill Komplimenter huet onsen Veräin den UN Kaerjeng, fir des Idee an Organisatioun vun onsen Géigner gemaach kritt.

Mir soen Merci, am Numm vun all onsen Scolaires, Claude, Steve an Angelo

Dem Mulles an Nico ,2 Presidenten déi sech ëm den offiziellen Dësch gekëmmert hunn an der Hal Moies, an all d’ Hëllef bei der Organisatioun virdrun.

Dem Fan Club ‘Mama’ fir zerwéieren vun Ronn 75 Menüen an der Mëttesstonn, un Spiller Traineren an Arbiteren.

Den Paparazzi, Jean-Marie, Carlos an Marcel fir déi flott Fotoen déi se ons ëmmer zur Verfügung stellen.

Dem Marc fir den Catering.

Dem Rene, Jako an Nico fir den Service an der Buvette den ganzen Dag.

Den Arbiteren ënnert der Leedung vum Romain Broy, hien hat 2 ganz jonk talentéiert Arbiteren agelueden, Jeremy Muller an Joel Fernandes, den ganzen Dag hunn se sech ofgewiesselt als Arbiter oder Linieriichter an déi 2 jonk Arbiteren konnten och schonns International Erfahrungen sammelen, den ganzen Dag keng giel oder rout Kaart, ëmmer am Zeechen vum Fairplay an Respekt, einfach nëmmen flott. Den Romain an Jeremy hunn och nach op hier Suen verzicht, chapeau!

Den Romeo ass do
15-12-2012

Den Romeo ass do

Den Moien um 10h43 ass eisem Keeper Jerome Winckel sein klengen Jong ob d'Welt komm. Bei der Gebuert hat den Romeo 3125gr an 50 cm.
Mir wenschen dem Jerome, senger Frendin Conny Metzler alles Gudds an nach vill schein Stonnen.

14-12-2012

Tournoi Triangulaire

Desen Sonden hun eis Scolairen (U15) een Tournoi Trinangulaire mat dem 1.FC Saarbrücken an dem AS Nancy Lorraine.

Desen Tournoi gett um Dribbel gespillt an der Haal souwei och um Terrain.

Den Programm fand dir hei.

14-12-2012

Cactus & Chrëschtmaart

D'Jugendcommision vum UN Käerjéng'97 grillt zanter Haut an bis den 24 Dezember nach mat beim Cactus Bascharage. Wann daer loscht ob Glühwain, Cremant een gudden Grillinger hudd dann kommt bei de Cactus well et lount sech.

Och eis Seniors II + III sin desen Weekend ganz aktiv, sie hun een flotten Gedrenksstand um Kaerjenger Chrëschtmaart ob der Pace Cito.

An dem Senn Prost an een gudden Apetitt.

11-12-2012

LaLux Futsal 2012-13

Desen Samsden gin "Tour de Repechage" op Acker gespillt.
Moies ab 8:30 ass et un de Scolaires an Mettes ass et dann ab 16:00 un eisen Poussins. Vun hei aus wenschen maer eisen Ekippen Bonne Chance an dass sie et an dei nexte Ronn packen.
Programmer vun den jeweilegen Kategorien fand dier hei.

10-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Minimes Futsal:
Ons Minimen kommen zu Déifferdeng den Sonndeg Moien op déi 5 ten platz bei 6 Equipen,3 mol Remis gespillt an 2 Defaite, an mussen elo an den répéchage, also et bleift nach eng zweet Chance fir een Tour weider ze kommen.
Scolaires Futsal:
D’FLF huet den Freideg den Mëtteg den Futsal vum Samschdeg ofgesot den zu Kayl virgesin war.Elo waarden mir op een neien Datum fir ze spillen.
Futsal allgemeng:
Bis elo hunn ons Puilles, Poussins an Minimes een Tour Futsal gespillt, keng Équipe huet sech direkt fir den nächsten Tour qualifizéiert, ze ernimmen ass dass d’Formule geännert huet dess Saison, nëmmen den 1ten aus all Group ass am nächsten Tour, am répéchage kommen awer dann den 1ten an 2ten een Tour weider, also all ons Équipen hunn nach Méiglechkeet fir dëst Ziel ze erreechen, mir wënschen bonne Chance.

Genial flott war et ze gesinn wei schonns den Samschdeg den Moien d’ Kanner deck stolz mat hirem Rucksack deen sie Freides vum Kleeschen kritt hun, op den Halen Training komm sinn.
Am Numm vun all den Traineren an Spiller soen mir een decken Merci ,dem Kleeschen dem Comité vum UNK an der Jugendkommissioun fir d’ Organisatioun, bestellen an verschenken vun dësem flotten Cadeau.
Mir profitéieren och hei vun der Geleeënheet fir elo schonns Schéin Feierdeeg ze wënschen un all ons Spiller, Dirigenten an Benevolen , Sponsoren, Supporteren an Traineren, an alleguerten déi mir hei vergiess hunn.

Kleeschen
08-12-2012

Kleeschen

Den Kleeschen an den Houseker sinn Haut um Käerjenger Dribbel bei eis Bambinis, Pupilles an Poussins komm. Am Gepäck hat hien fir all Kand an all Trainer een flotten Rucksak! Den Kleeschen huet awer och fir Kategorien Minimes, Scolaires an Cadets den selwechten Cadeau do gelooss den mir dann an den nächsten Deeg verdeelen. Eis Junioren ginn Keelen spillen mat Iessen.
07-12-2012

3:0 Défaite um Racing

Gëschter Owend am Nodrosmatch hunn eis Seniors I mat 3:0 géint den RFCUL verluer.

03-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles: Futsal 1ten Tour, d’Pupilles mussen an den Repéchage fir an den 2ten Tour ze kommen.

Poussins: Futsal 1ten Tour, d’Poussins haten een schlechten Dag erwëscht, um Enn ginn se déi 5t an sinn domadder mussen och sie am Repéchage untrieden.

Minimes: Coupe des Minimes Etzella Ettelbruck – UNK, 0-1
De Match huet gutt ugefangen, béid Équipen hunn schéinen Fussball gewisen, no 15 Minutten war et esou weit, schéin Aktioun vu Käerjeng iwwert Riets, Schoss vu Sadin Avdusinovic, op der Ligne iergend wéi gehalen, do koum mat voller Vitesse een Verteideger vun Ettelbréck an huet de Ball an säin Goal eran geschoss, 0-1 an der Paus.
2 Halschent huet net esou gutt ugefangen, Käerjeng war net méi am Match mä huet awer ganz gutt verdeedegt an Ettelbréck konnt kee Goal schéissen. Lues a lues ass Käerjeng erëm an den Match komm, Ettelbréck huet nach ëmmer voll gedréckt fir e Goal ze schéissen, dat ass hinnen bal gelongen 1 Minutt virun Schluss wou de Ball no engem Wäitschoss op de Poteau gaangen ass, d’Gléick war op onserer Säit.
Et ass awer 0-1 bliwwen.

Scolaires : Coupe des Scolaires UNK – Progrès Nidderkuer,0-0, 7-6 no Eelefmeterschéissen
Also dëst war eng ganz haart Noss fir d’Scolaires géint een ganz gudden Géigner, och wann mir den Match an der Hand haten hunn mir et net fäerdeg bruecht fir een Goal an den 70 Minutten ze schéissen, dunn koum d’ Lotterie vum Eelefmeterschéissen an mir waren mat engem Fouss dobaussen virum leschten Penalty well mir der schonns 2 Verschoss haten, Dame Chance war awer bei ons an Nidderkuer huet och verschoss, dunn hunn mir déi 2 nächsten verwandelt an Nidderkuer erëm verschoss, also beim Eelefmeter Krimi waren verschiddener vun onsen Jongen schonns total zerstéiert awer et ass nach duer gaangen.
Nom Match haten Traineren an Elteren d’ Jongen op eng Spaghetti an Dessert invitéiert am Sall um Dribbel, genialen Owend als Ofschloss vun enger genialer 1ter Halschent vun der Saison. Mega Merci un all d’ Mammen fir d’Entrée, Spaghetti, Kéis an Kuch, an den Pappen fir d’ Gedrénks, Prost :-).

Cadets: Coupe des Cadets UNK – Entente Reisdorf/Veianen 9-0
“Géint een iwwerfuerderten Géigner vun Reisdorf gewannen eis U17 mat 9-0. Domadder schléissen eis Jongen hir positiv Virronn mat engem Iwwerwanteren an der Coupe erfollegräich of. Den Géigner ass Gottseidank nët ënnerschat ginn. No enger fussballeresch nët gudder 1. Halschent stoung et 3-0 fir den UNK. An der Paus sinn einfach Saachen wéi Ballbesëtz, optimal Laafweer an Spill ouni Ball ugeschwat ginn. Et sollt einfachen Fussball gebueden ginn, och d’ Chancen-Ausnotzen war am 2. Duerchgang besser, sou dass d’ Jongen sech belounen an verdéngt och an dëser Héicht den Match gewannen. Elo ginn mir dann an déi verdéngten Wanter Paus, Félicitatiounen vum COACH un déi GANZ EQUIPE fir déi leschten Méint un éierlecher Aarbecht !“
Goaler bei den Cadets: Noé EWERT (3), Ken LEINER (2), Joé NURENBERG (2), Gino DE MARINI, Andrea FUMAROLA

Juniors: Coupe du Prince Entente Äischdall - UNK , 4-3
Ons Junioren sinn éliminéiert, se waren 3-0 hannen ,hunn et dunn awer fäerdeg bruecht fir op 3-3 zeréck ze kommen, um Enn verléieren se awer 4-3,villäicht waren si sech der Saach ze vill sécher well d’Entente eng Divisioun méi déif spillt, dann gëtt een oft gestrooft, inakzeptabel ass wat nom Match passéiert ass, 2 vun onsen Spiller hunn eng rout Kaart nom Match kritt, et muss een och kennen verléieren ouni aus der Këscht ze sprangen et wier besser gewiescht dës Energie wier während den 90 Minutten agesat ginn .

> Fazit: D’Minimes, Scolaires an Cadets bleiwen an deenen verschiddenen Coupe des Jeunes, gespaant waarden mir op den Tirage fir den nächsten Tour, een decken Bravo iech alleguerten Spiller, Traineren an Fans dat bei äiskalen Wanterwieder,2012 war gutt hoffen mir dass 2013 nach besser gëtt.
Elo kann den Kleeschen kommen, mir denken mol dëst Joer ginn et net vill Routen fir d’ Traineren.

02-12-2012

Den UNK steet an der 1/4 Finale

Haut de Metten konnten eis Jongen sech mat 1:0 geint den RM Hamm Benfica behaapten an stinn elo an der 1/4 Finale vun der Coupe de Luxembourg.
Elo heescht et nach just een positived Resultat den Donneschden um Racing man an dann geet et an dei wuehlverdingten Wanterpaus.

02-12-2012

Coupe des Cadets

Gëschter hunn jo schonn eis Minimes an Scolaires sech qualifizéiert fir den 3 Tour, haut hunn eis Cadets dat selwecht gemaach an deem Si sech mat 9-0 géint E. Reisduerf / Veianen duerch gesat hunn

01-12-2012

Coupe des Jeunes

Haut ass den 2 Tour an der Coupe gespillt ginn bei den Minimes an och bei den Scolaires. Eis Minimes gewannen zu Ettelbréck mat 1-0, an eis Scolaires gewannen um Dribbel no 11 m géint Nidderkuer.

30-11-2012

U.N. Käerjéng'97 - RM Hamm Benfica

Am Kader vun der 1/8 Final an der Coupe de Luxembourg spillt den Sonnden um 16:00 Auer um Käerjenger Dribbel den U.N. Käerjéng'97 géint den RM Hamm Benfica.

Arbitrage: Herren Durieux - Curfs - Hoffmann Ch.

Balles de Match: Klein Anne, Eric Hames an hiert kléngt Meedchen, Amy.

Dernières News

15-06-2013

Assemblée Générale 2013

Ganz vill Leit haten de Wee an eis...
14-06-2013

Seniors III

De Championnatsmatch vum 15.6.2013...
13-06-2013

Nouveau sponsor symphatisant

L’U.N. KAERJENG ‘ 97...