News

Dernières News

Coupe des Seniors Réserves
23-03-2013

Coupe des Seniors Réserves

An der 1/8 Finale vun der Coupe des Seniors Réserves huet eis 2 Equipe Haut géint Fola no 11 Meter schéissen gewonnen. (2-2 no 90') Domat stinn eis Jongen an der 1/4 Final. Felicitatioun un ganz Equipe !

23-03-2013

FLF U21

D'U21 Formatioun vun der FLF hun sech den Owend op den Wee fir an Schottland gemaach. U Bord sin eis Spiller Sergio Teixeira, Pit Hess an Ken Corral, souwei eisen Kiné den Fränz Ries.

Coupe des Jeunes
23-03-2013

Coupe des Jeunes

Nodeem dass eis Cadets sech den Freiden schonn fir 1/4 Final vun der Coupe konnten qualifizéieren, hunn eis Scolaires duerch een 13-0 géint Jonglënster den Sprong och an 1/4 Final gepackt! Eis Minimes sinn am 11 Meter schéissen géint Rodange eliminéiert ginn. Felicitatioun den Spiller an hiren Traineren fir Qualifikatioun an den Minimes soen ech den Kapp net hänken loossen an no vir kucken!

Nouveau sponsor
22-03-2013

Nouveau sponsor

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux de pouvoir compter comme nouveau sponsor principal  le Garage Guillaume PEREIRA établi à L-4410 Soleuvre  18, Zone Artisanale UM WOELLER. Le Garage PEREIRA (pereira.lu) dispose d’un des plus beaux et consistants stocks de voitures d’occasion de toutes marques et pour tous budgets exposés sur une surface de plus de 2.300 mètres carrés. Le Garage PEREIRA s’est construit en vingt ans d’expérience une clientèle fidèle et il mise sur un service de qualité exemplaire ainsi que sur une relation directe avec ses clients.

Le Garage PEREIRA assure également avec un professionnalisme remarquable tous travaux de mécanique générale, de carrosserie et de peinture.

Nouveau sponsor
22-03-2013

Nouveau sponsor

U.N. KAERJENG ‘ 97 est fier et heureux d’annoncer la conclusion d’un contrat de partenariat et de sponsoring d’une durée de trois ans avec la Banque RAIFFEISEN . En vertu de ce contrat RAIFFEISEN deviendra le sponsor principal du célèbre JUGENDCUP organisé annuellement début septembre par l’UNK et qui constitue sans conteste l’épreuve la plus réputée au LUXEMBOURG dans les catégories de jeunes joueurs concernés. Le haut degré de professionnalisme et le remarquable dynamisme de la Banque RAIFFEISEN se conjuguent parfaitement avec les ambitions fortes et la gestion sérieuse qui caractérisent l’UNK.

21-03-2013

Coupe-Weekend fir 3 UNK-Equipen!

Schon haut den Owend treffen eis Cadets an der 1/8 Finale vun der Coupe des Cadets zu Mamer ab 19.00 Auer op den FC Mamer 32.
En Samschden dann spillen eis Scolaires doheem um 16.30 Auer géint d'Jeunesse Junglinster an eis Minimes trieden fir hiir 1/8 Finale schon um 13.00 Auer zu Rodange un!

21-03-2013

Dammen

E Samschdeg ass et erëm esou wäit. Da rullt de bal och nees bei den Dammen. Am éischte Match vun der Réckronn hu mär den Tabellenéischte vu Beetebuerg um Dribbel op Besuch. Kënnen eis Meedecher Revanche huele fir d'Nidderlag an der Hironn? Upëff ass ëm 19h

Gudd Besserung
18-03-2013

Gudd Besserung

Verletzungspech bei eise Reserven! Eisem Tuerm an der Ofwier, de Jérôme Gillen, ass beim Basketspillen d'Achillessehn gerass!!! Heen ass Geschter Moien zu Esch operéiert ginn. Op dësem Wee wënsche mer dem Gilli eng gutt a schnell Genesung, an der Hoffnung hee séier rëm mat eis um Terrain ze gesinn!

16-03-2013

Seniors II

Haut den Metten spillen eis Seniors résrves een Frendschafftsmatch geint Ell. Ustouss ass um 15:30 um Kaerjenger Dribbel.

14-03-2013

Den Weekend bei der Jugend

Wéi d'FLF elo matgedeelt huet, sin sämtlech Jugend-Matcher an den Kategorien vun Bambinis bis Juniors fir dësen Weekend (15. bis 17. März) elo OFGESOOT, dëst duerch d'Wieder-Konditiounen!

Mario PINTO DA COSTA
13-03-2013

Mario PINTO DA COSTA

C’est avec une immense tristesse que l’U.N. KAERJENG ‘ 97 a appris le décès inopiné de Mario PINTO DA COSTA. Mario PINTO DA COSTA a été un arbitre d’élite unanimement apprécié et respecté dégageant une autorité naturelle. Sa disparition brutale plonge tout le monde du football dans un grand chagrin. Nous tenons à présenter à sa famille nos plus sincères condoléances et nous l’assurons de nos profonds sentiments de compassion. Nous avons une pensée particulièrement émue pour sa fille Jennifer qui fait partie de l’équipe féminine de l’UNK.

13-03-2013

BGL-Ligue

Weinst dem ville Schnei vun den leschten Deeg ass den ganzen 18. Spilldaag an der BGL-Ligue dorenner och eisen Match geint den FC Woltz ofgesoot gin.

12-03-2013

Training

Weinst den schlechten Wiederkonditiounen sin all Trainingen vun Haut Densden ofgesoot.

Fir weider Infos frot aer Traineren.

11-03-2013

De Weekend bei der Jugend

Bambinis: RFCUL – UNK , 0-13

Pupilles I: UNK – CS Fola , 2-2

Pupilles II: UNK – FC Déifferdang , 2-7

Poussins I & II: Spill frei

Minimes I:UNK – FC Schëffleng , 1-0

Bei dëser Victoire ass virun allem zeréckzebehalen dass den Max Lamesch am Goal an der 2ter Halbzeit déi 3 Punkten fest gehalen huet , hien war bei 3-4 Een géint Een ëmmer den Gewënner vun dësen Dueller , Bravo un d’ Jongen alleguerten .

Minimes II: UNK – CS Fola , 4-1

Scolaires I: UNK – Swift Hesper , 0-1

An engem ganz flotten an intensiven Match verléieren eis Scolaires um Enn een bësschen Onglécklech mat 0-1.Virun allem ass den Ball an der 2ter Halbzeit gutt lafen gelooss gi awer mir hunn et net fäerdeg bruecht den Ball iwwert d’ Linn ze bréngen , par Rapport zur leschter Woch war et eng absolut Steigerung vum Niveau, Lafbereetschaft, Asatz, positiv Aggressivitéit vun all den Jongen.D’Trainer(en) woren trotz der Défaite deck zefriden well ausser dem Resultat (bal) alles ok wor, leider huet eben fir den Grupp dei verdengten Kiicht um Kuch gefehlt!

Scolaires II: UNK – FC Rodange , 1-1

No enger beschen verschlofener 1ter Halbzeit an 0:1 Reckstand hun d’Jongen dei 2ten Halbzeit richteg Gas gin an hun sech den Punkt do richteg verdengt an hätten zum Schluss souguer keinten en Dreier afueren.Den Wellen eppes ze rappen wor dei 2 Halbzeit kloer ze gesin.

Cadets: UNK – F91 Diddeleng , 1-3

Och wann Diddeleng duerch eng rout Kaart schonns an der 1ter Halbzeit nëmmen nach zu 10 gespillt hunn, waren se trotzdem iwwerleeën.

Juniors: FC Déifferdang – UNK , 5-1

Juniors verléieren hiren 1ten Match an der 2ter Klasse an wëssen dann och elo dass do den Niveau besser ass wei déi 10 Matcher virdrun wou se gespillt hunn.

Allgemeng, positiv war déi ganz gutt Zesummenaarbecht (Kommunikatioun) zwëschen Scolaires, Cadets an Juniors -Trainerstaff, dëst well verschidden Spiller gespaart respektiv verletzt waren an och nach sinn, sou hunn méi Spiller op dësem Weekend 2 mol missen untrieden, eng Situatioun déi Intern ëmmer versicht gëtt ze vermeiden well keen Spiller soll verheitzt ginn, awer déi nächst Wochen schwéier ze vermeiden wäert sinn.

10-03-2013

CS Fola - UNK

Fola-U.N. Käerjeng 4-1. Fola huet héich verdéngt gewonnen. Och wann mir nom 1-0, nach duerch een schéinen Goal vum Alex mat 1-1 an Paus gaangen sinn haten mir an der 2 Halschent keng Goal Chance méi. An der 15' huet den Jérôme Marcolino eng rout Kaart kritt an der 18' war et um Kirch vun der Fola an, an der 77' war et dann nach eng giel/rout fir den Pit Hess.

07-03-2013

Tirages Coupes Jeunes

1/8 Finale Coupe des Cadets: FC Mamer 32 - UNK (24/03/2013)
1/8 Finale Coupe des Scolaires: UNK - Jeunesse Junglinster (23/03/2013)
1/8 Finale Coupe des Minimes: FC Rodange 91 - UNK (23/03/2013)

07-03-2013

UNK - Standard Liege

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 informe qu’en raison du report des quart de finale de la Coupe de Luxembourg au 1er mai prochain et compte tenu de l’incertitude liée à son parcours dans cette épreuve avec à la clé une éventuelle qualification européenne dont le 1er tour préliminaire se jouera lors de la 1ère semaine de juillet, nous avons préféréannuler le match de gala UNK/STANDARD de Liège prévu pour le samedi 29 juin. En effet, l’organisation administrative et logistique de deux événements d’envergure quasi simultanés (dans l’hypothèse bien entendu que l’UNK se qualifierait pour l’Europa Ligue) , exclusivement sur base bénévole, constituerait un défi insurmontable.

 

L’UNK a ainsi opté pour mettre en pratique l’adage « mieux vaut prévenir que guérir » pour ne pas être forcé d’annuler (en fonction des aléas de la Coupe) la rencontre de gala à brève échéance avec tous les désagréments que cela engendrerait.

 

Une rencontre de gala est espérée au cours de la saison prochaine.

06-03-2013

Wichteg Punkten zu Nidderkuer

Haut den Owend hun maer 2:0 geint den Progrès Nidderkuer gewonn.

Opstellung: Stelletta, Fiorani, Marcolino, Gregoire (Welter), Hess, Andres, Sabotic, Rolandi, Corral, Zewe (Teixeira), Piron (Santos Piron).

Gooler: 1:0 Piron 50', 2:0 Corral 53'

04-03-2013

De Weekend bei der Jugend

Bambinis: UNK – FC Mondercange , 1-13

 

Pupilles I: US Rumelange – UNK , remis

 

Pupilles II: FC Ehlerange I – UNK II , 13-2

 

Poussins I:  Jeunesse Esch – UNK , 0-1

 

Poussins II: FC Differdange – UNK , 6-4

 

Minimes I: Progres Niederkorn - UNK , 0-0

 

Minimes II: FC Belval Belvaux I  – UNK II , 5-3

 

Scolaires I: UNK - Entente UMW/CSG , 1-0

 

Scolaires II: UNK II – Entente Sanem/Ehlerange I , 2-3

 

Cadets: Swift Hesper - UNK , 4-0

 

Juniors: Spill frei

 

Allgemeng,

no enger laanger Wanter Paus sollen mir déi éischt Resultater net ze vill analyséieren , d’ Kanner mussen erëm hier Repéiren um Terrain fannen, d’ Schong sinn gewiesselt ginn an den Ball ass och erëm een aneren wei iwwert den haarden Wanter an dem Training an der Hal, elo mam Retour vun der Sonn an richtegem Training um Terrain erëm ,wäerten och d’ Automatismen zeréck kommen.

UNK - FC Canach
03-03-2013

UNK - FC Canach

UN Käerjeng'97        1:1         FC Jeunesse Canach

Opstellung: Stelletta, Fiorani, Ramdedovic, Brix, Hess, Rolandi, Loes (Santos Pires 71'), Corral, Andres, Piron (Da Cruz 61'), Zewe.

Gooler: 1:0 Piron 2', 1:1 Amartey 22'.

02-03-2013

Seniors II

Geschter Owend hun eis Seniors II mat 0:2 geint d'UNA Strossen verluer.

02-03-2013

UNK - FC Canach

De Match vun Muer teschend dem UN Käerjéng'97 an dem FC Jeunesse Canach gett geleed vum Arbitertrio: Celik (aus Frankreich), Mateus Santos D. an Quiterio.

27-02-2013

Seniors reserves

Am 4 Tour vun der Coupe vun den Senior Reserven spillen eis Jongen den 24.03.2013 op der Fola.

27-02-2013

Tombola Apres-ski

Hei sin d'Gewenner vun der Tombola vun eiser Après-Ski

100€    0478
75€      2195
50€      0997
25€      1880, 2224, 1051, 1462

Gewenner sollen sech beim René Hames mellen.

26-02-2013

Coupe de Luxembourg

Weinst den schlechten Zoustänn vun den Terrainen huet d'FLF Matcher vun der Coupe fir Muer ofgesoot.

25-02-2013

LaLux Futsal 2012-13

Den Weekend waren dei 2 Finalen vum Futsal Championat,d’Scolaires kommen hanner Hesper op déi 2ten Platz,an ons Pupille op déi 4ten Platz.

Bravo fir des gutt Leeschtung …elo gëllt et d’Schong ze wiesselen well den nächsten Weekend geet den Championat erëm um Terrain dobaussen un…hoffentlech well den Wanter well jo net esou richteg lassloossen,mir wënschen all onsen Equipen bonne Chance am 2ten Tour vum Championat.

 

 

Futsal scolaires

1. Swift Hesperange

15 Pts

2. UN Käerjeng 97

9 Pts

3. Fola Esch

9 Pts

4. RFCU Luxembourg

6 Pts

5. Entente CSG/UMW

3 Pts

6. Jeunesse Esch

3 Pts

 

 

Futsal pupilles

 

1. Fola Esch

10 Pts

2. Swift Hesperange

8 Pts

3. FC Schifflange

8 Pts

4. UN Kaerjeng

7 Pts

5. RFCU Luxembourg

5 Pts

6. FC Differdange

3 Pts

 

24-02-2013

Apres-Ski 2013

Geschter wei eis grouss Apres-Ski Party.
Den DJ Rom an De Hofnarren hun fir mega Stemmung gesuergt.
EEn decken MERCI geet un all dei fleisseg Hänn dei iwer 4 Deeg am Asaatz waren, well ouni dei ass esou een Event net meiglech.
D' Fotoen fand Dier an eiser Galerie oder ob Pictures by Eric

23-02-2013

Scolaires

2 Plaz fir eis Scolaires an der Final vum Futsal! Felicitatioun un Spiller an Traineren fir déi gutt Performance. Gratulatioun dem Gewënner, dem Swift Hesper!

23-02-2013

Seniors I

Well weinst den schlechten Zoustänn vun den Terraien all Matcher vum Weekend ofgesot gin sin spillt eis eicht Ekipp een Frendschafftsmatch geint den FC Deifferdeng 03. Upeff ass um 14:30 um Dribbel

21-02-2013

LaLux Futsal

Finale Futsal Scolaires, Samschdeg den Moien ab 9.00 zu Munsbach, Organisateur ass den FC Munsbach ,Geigner sinn, RFCUL, Swift Hesper, Fola Esch, Jeunesse Esch an Entente CSG/UMW

Finale Futsal Pupilles, Sonndeg den Mëtteg ab 14.00 zu Nidderanven , Organisateur ass den US Hostert , Geigner sinn, RFCUL, Swift Hesper, Fola Esch, FC Schifflange an FC DIfferdange

Avis aux amateurs, kommt d’Jongen vum UN Käerjeng ufeieren !

17-02-2013

Match amical

Den Mëtten um Käerjenger Terrain bei sonnegem Wieder hunn mir mat 6-0 géint den FF Norden gewonnen. Eis Goaler hunn geschoss: Pit Hess, Ken Corral (3x), Henid Ramdedovic an Sergio Teixeira.

Sponsors
15-02-2013

Sponsors

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’informer que le club a conclu avec les sociétés JAKO et FREELANDER’S GROUP un contrat de sponsoring et de fourniture d’articles de sport longue durée portant sur les quatre prochaines saisons.

 

Nous tenons à remercier vivement et chaleureusement JAKO et FREELANDER’S pour leur soutien financier et leur partenariat hautement appréciés.

 

L’UNK est fier de pouvoir compter sur le professionnalisme de FREELANDER’S et se réjouit que l’ensemble de ses joueurs de toutes les catégories d’âge seront équipés en articles de sport JAKO réputés pour leur design élégant et leur grande qualité.

15-02-2013

Seniors II

Och den Match vun den Seniors II geint Ell ass den schlechten Wiederkonditiounen zum Opfer gefall.

15-02-2013

Match amical

Well d'Matcher an der BGL-Ligue ofgesot sin, pillen eis Seniors I desen Sonden een Frendschaftsmatch geint den FF Norden 02. Ustouss ass um 15:00 um aalen Kaerjenger Terrain.

15-02-2013

Seniors I

Weins den schlechten Wiederkonditiounen an den schlechten Zoustänn vun den Terraien huet d'FLF sämtlech Matcher vum Weekend ofgesot.
D'Matcher vum 14. Spilldag sin fir den 3. Abrell firgesin.

15-02-2013

Cadets

Nodeems en Mëttwoch schon den Test-Match bei den Cadets géint Schuller huet missen ofgesoot gin, as och elo den Frëndschaftsmatch UNK – FF Norden 02 bei den U17, deen fir dësen Sonnden (17/02) geplangt war wéngst den Wieder-Konditiounen, op nächsten Samschden, den 23/02/2013 verluecht gin. Den Match gët um 14.30 Auer um synth. Terrain vum “Käerjenger Dribbel” gespillt.

 

15-02-2013

Kéisowend

Den Kéisowend fir nächsten Freiden as elo dann offiziell "complet". Mir kënnen also LEIDER keng weider Umeldungen méi unhuelen, freeën eis awer op een flotten Owend nächst Woch! Bis geschwënn, schéinen Weekend alleguer!!

14-02-2013

Scolaires

Den Scolairestraining vun haut ass ofgesot. Den Sonden ass de Match geint Jeunesse um 17:30, rv ass um 16:30. D'Spiller dei konvokeiert sin kreien nach gesot op de Match an der Haal oder um Terrain gespillt gett.

13-02-2013

Cadets

De Frendschaftsmatch vun den Owend dei den Cadets geint Schuller ass weinst den schlechten Wiederkonditiounen ofgesot. 

11-02-2013

Progres Niederkorn - UN Kaerjeng

Desen Sonden ass et nees esou weit. De Ball rullt nees an der BGL - Ligue. Um 16:00 spillt den UN Käerjeng zu Nidderkuer geint den Progrès.

De Match gett geleed vum Här Durieux an hien gett assisteiert vun den Hären Sabotic an Muller J.

11-02-2013

Minimes

Desen Densden an Mettwoch ass bei den Minimes weinst den schlechten Wiederkonditiounen keen Training. Den Programm vum Weekend bleiwt bestoen ausser dass de Match geint Jeunesse gett an der Haal gespillt.

09-02-2013

Anna-Maria Zimmermann kennt net!

Management huet eis matgedeelt dass Anna-Maria net op Après-Ski Party kann kommen wéinst enger anerer Verflichtung.

Niewent dem DJ Rom sinn et dann De'Hofnarren déi fir eng Mega Stëmmung wäerten suergen.

08-02-2013

Match amical

Am 6 an leschten Testmatch virum Match den 17.2. um 16:00 Auer beim Noper vun Nidderkuer gewannen mir mat 4-1 géint d' US Rëmeleng. Eis Goaler hunn geschoss: Ken Corral, Sam Loes an Romain Zéwé (2x). No 5 Victoiren an engem Gläichspill denken ech dass mir gutt preparéiert sinn fir Reprise! An deem Sënn...kommt all op Nidderkuer fir eis Jongen ze ënnerstëtzen! Merci der Gemeng, virop den Jongen vum Dribbel an Acker déi et Méiglech gemaach hunn dass all eis Testmatcher um Dribbel konnten gespillt ginn!

Assemblée Genérale
08-02-2013

Assemblée Genérale

Geschter Owend war an der Buvette vum Dribbel eis Generalversammlung dei ganz gudd Besicht war.
Den President huet ee sportlechen Bilan vun all de Kategorien gezun  duerno huet den Emile Muller den Keesebericht gemaach.
No dessem Bericht huet Versammlung dem Keessier per Acclamatioun Décharge gin.

Zum Schluss hun nach den Sportscheffen Richard Sturm, den President vun der Sportskommissioun Frank Pirrotte an den Lucien Fusulier President vun der Entente e puer Wieder zu deser Versammlung an dem Verain gesot.

 

07-02-2013

Assemblée Genérale

Haut den owend ass 19:30 an der Buvette vum Dribbel d'Generalversammlung vum UN Kaerjeng'97.

06-02-2013

Minimes

L'entraînement spécifique catégorie Minimes du jeudi 7 février est reporté au 14 février 2013.

04-02-2013

LaLux Futsal 2012-13

Hei fannt Dir Informatiounen iwwert Finalen vum Futsal. Den U.N.'97 ass mat den Pupilles an den Scolairen an der Final. An deem Sënn...Kommt an ënnerstëtzt eis Ekippen !

04-02-2013

Interview mam Roland Schaack

Roland Schaack (Käerjéng): «Nous n'avons pas été à la hauteur»

 

L'UN Käerjéng 97 a effectué une première partie de championnat très décevante (11e, 11 points). Roland Schaack souhaite moins de nervosité et plus d'efficacité de la part de sa formation pour redresser rapidement le tir.

Roland Schaack ne cherche pas d'excuses! L'UNK s'est mis en danger. L'opération rachat débutera dès la reprise.
(Photo: Michel Dell'Aiera)
  • Quel bilan tirez-vous de votre première partie de championnat?

On ne va pas se mentir, nous n'avons pas été à la hauteur et le classement reflète nos manques. Nous avons été trop nerveux sur un grand nombre de matchs et l'efficacité nous a fait défaut. Nous nourrissons clairement d'autres ambitions surtout que nous avions décroché une belle troisième place lors du dernier exercice après avoir fini à la cinquième place en 2010/2011. Notre politique générale a changé puisque nous avons choisi d'incorporer des jeunes dans le groupe, mais il ne faudrait pas que cela se fasse au détriment des résultats passés.

  • Quel regard jetez-vous sur ces cinq premiers mois de compétition?

Le championnat de BGL Ligue est d'un bon niveau avec des moments intenses. J'espère juste que la meilleure équipe sera couronnée en fin d'exercice. Canach est la belle surprise de ce premier tour avec un mélange de joueurs brésiliens et portugais, tous très joueurs, très expérimentés et un brin malicieux. Pour ce qui est de la déception, je citerai l'UN Käerjéng 97 car compter onze points après treize journées n'est pas extraordinaire.

  • Quel joueur de BGL Ligue ressortez-vous du lot?

Sans conteste Stefano Bensi. Il a été très performant au cours des trois premiers mois de compétition et le Fola en a profité pour créer des écarts en haut de classement.

  • Qui sera champion, européen, barragiste et qui va descendre?

Le Fola me paraît apte à aller jusqu'au bout. Dudelange et la Jeunesse vont en découdre pour la place européenne. Pour la place de barragiste comme pour les deux qui mèneront à l'étage inférieur, vous me permettrez de m'abstenir de tout commentaire car nous sommes concernés par cet enjeu.

04-02-2013

Den Weekend bei der Jugend

Scolaires Futsal, FINALE!

Ons Scolaires kommen gëschter Mëtteg , um Dribbel , op déi 2ten Platz hannert dem RFCUL an qualifizéieren sech fir d’Finale vum Futsal Championnat dei den Weekend vum 23 an 24ten Februar gespillt ginn. Ons Pupilles sief nach mol drun erënnert sinn jo dann och an hirer Kategorie derbäi , also 2 vun 4 Alterskategorien hunn et bis an d’Finale gepackt, een groussen Bravo un d’ Spiller , Traineren an Supporteren vum UN Kaerjeng 97.

Elo waarden mir nach drop dass mir gewuer ginn wou des Finalen gespillt ginn, eng hal wou schonns zeréck behalen ginn ass, ass déi vun Nidderanven, Organisateur ass dann d’FLF an Zesummenaarbecht mam FC US Hostert.

Indoortourneieren all Kategorien

Ons Équipen Bambinis bis Cadets waren Samschdeg an Sonndeg um Stemper Cup zu Déifferdeng,

Ons Équipen Pupilles , Poussins an Minimes waren zu Schouweiler bei der Entente Schouweiler/Clemency derbäi,

An ons 1t Poussins waren och nach zu Mondorf aktiv gëschter Mëtteg, hei war d’US Mondorf mam FC Metz Organisateur,

also am groussen ganzen hunn ganz vill Jugendlecher vun onsem Veräin sech dësen Weekend an der Hal kennen ameséieren.

02-02-2013

Match amical

No Hamm, G'Maacher, Mondorf, Feelen (4 x gewonnen) stoung Haut den 5 Testmatch fir 2013 um Programm. Den Mëtten hunn mir géint den F91 Diddeleng 2-2 gespillt. Déi 1 Halschent hunn mir een Eelefmeter net eran kritt. Eis Gooler hun den Ken Corral an den Sam Loes geschoss.

Kéisowend
31-01-2013

Kéisowend

D'UNK Reserven invitéieren Ierch op hiiren éischten Kéisowend am Sall um Käerjenger Dribbel.
Fir nëmmen 10 € dierft dir ierch um Kéis-Buffet verwinnen loossen, den passenden Wäin dozou gët et selbstverständlech och.

Umellen bis den 19/02/2013 per mail op

30-01-2013

Match amical

Haut den Owend huet eis Seniors I hieren Frendschaftsmatch mat 1:0 geint Fehlen gewonn. Den Gool vum Match huet den Romain Zewe an der eichter Halschent geschoss.

Nexte Match ass den Samsden 2 Februar geint den F91 Diddeleng. Ustouss ass um 14:00h Kaerjenger Dribbel.

29-01-2013

Nouveau Transfert

Jérôme MARCOLINO âgé de 23 ans a signé un contrat longue durée s’étendant jusqu’en 2017. Jérôme est également un défenseur qui aime jouer avant tout dans l’axe de la défense. Jérôme vient en provenance de HAMM BENFICA. Il permet au club de compenser le départ de Laurent GUTHLEBER.

Den Weekend bei der Jugend
28-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal, FINALE!

Ons Pupilles hunn gëschter Moien um Dribbel et fäerdeg bruecht sech fir d’Finale vum Futsal ze qualifizéieren,3 Matcher gewonnen 1 mol Remis an 1 mol verluer ass duer gaangen fir sech als 2ten hannert der Fola,géint déi ons Jongen den 1ten Match gespillt haten an 2-0 gewonnen hunn ,ze plazéieren. Kollektiv waren d’ Jongen vum UNK bei wäitem déi beschten Equipe, munch mol huet souguer een bësschen Egoismus virum Goal gefeelt, oft nach eng Pass ze vill, awer hei schwätzen mir vun Jongen déi 7 bis 8 Joer al sinn, also dëst sinn déi fir den UNK Seniors 1 am Joer 2022 . Een ganz groussen Bravo gelt den Traineren Coos Roland an Bernard Jean-Claude, och soll Disziplin erwäänt ginn déi souwuel um Terrain wei nieft dem Terrain irreprochabel ass.

Et hunn gespillt, Hebbelinck Yanis am Goal, Dinis Diogo, Azevedo Dylan, Agostinelli Massimo, Salouh Yacine, Fernandes Noe, Hengesch Tommy, Teixeira Fabio, Pelle Luc, den Batista Nuno war leider krank an huet missen Moies ofsoen.

D’ Finale ass virgesinn den 23 oder 24ten Februar, wou ass awer nach net sécher.

 

Poussins Futsal,

Am 3ten Tour, also och ½ Finale ginn ons Poussins dei 5t vun 6 Equipen an sinn elo eliminéiert,Bravo trotzdem fir dësen flotten Parcours bis dohinner.

Scolaires Futsal,

Sief nach mol drun erënnert dass ons Scolaires Sonndeg den 3ten Februar ab 14.00, um Dribbel, am 3ten Tour also ½ Finale probéieren sech och fir d’ Finale vum Futsal ze qualifizéieren, avis aux amateurs.

Scolaires Tournoi zu Bartreng,

Leschten Freideg den Owend huet een Groupe vun den Scolaires den Tournoi zu Bartreng gewonnen, 12 Equipen hunn hei gespillt , an der Finale mat 5-4 am 6 Meter schéissen géint d’Entente Weiler-Itzeg, et hunn gespillt,

Brugetti Kevin am Goal, Daunois Adrien, Manata Bryan, Morbidelli Sam, Jacoby Alex, Lejeune Eden, Silva Dani, Martins Eric, Bravo hinnen an dem Trainer Steve Glesener.

28-01-2013

fUNKy Fuesbal

Den Samsden war déi 1 Editioun vun eisem Kannerfuesbal um Käerjenger Dribbel. Ganz vill Kanner haten den Wee, mat hiren Elteren, Grousselteren...an eis Buvette fonnt. Den Clown Eric huet während puer Stonnen mat den Kanner Spiller gemaach, gedanzt... an den Petz huet fir Musek gesuergt sou dass et fir déi kleng een flotten Nomëtten war. Den Clown Eric gëtt Iech lo schonn rdv fir 2014. Fotoen fannt dir an der Galeries

27-01-2013

Match amical

Geschter hun eis Jongen vun der eichhter Ekipp hiern dretten Frendschafftsmatch fir d'Joer 2013 gespillt. An desem Match konnten sie mat 5:2 geint d'US Mondorf gewannen. Gooler 3x Corral an 2x Zewe.

25-01-2013

Match amical

Den Frendschaftsmatch vun eisen Seniors I geint d'US Mondorf gett Muer de metten um 15:00h gespillt an net wei firgesin um 16:00h.

25-01-2013

Seniors II

Weins dem ville Schnei ass den Frendschafftsmatch vun eisen Seniors II vun Haut den owend ofgesoot.

24-01-2013

Training bei den Scolaires

Den Training vun den Scolaires vun Haut ass ofgesot gin. Traineiert gett elo den Sonden de Moien um 9:30h op Acker. (Ganze Grupp)

Clayton SANTOS PIRES
23-01-2013

Clayton SANTOS PIRES

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’annoncer que le jeune et talentueux Clayton SANTOS PIRES issu de son vivier a signé un contrat longue durée couvrant les saisons 2013/2014, 2014/2015, 2015/2016 et 2016/2017. Clayton est un joueur polyvalent très doué techniquement dont la marge de progression est substantielle et dont le potentiel ne demande qu’à éclore. Après les signatures des jeunes Sam LOES, Chris STUMPF et Tom WEILAND, l’apport de Clayton constitue un nouveau pas vers la mise en pratique du concept « UNK 2017 » qui mise résolument sur des jeunes joueurs sélectionnables en vue de disposer à l’échéance 2017 d’une équipe ambitieuse se basant sur des joueurs de notre cru.

Den Jeff hält op
22-01-2013

Den Jeff hält op

Den Jeff Feller huet decideiert no zwou schweiren Operatiounen um Réck ob desem Niveau keen Fussball mei zespillen.
Mier wenschen him alles Gudds fir seng Zukunft an hoffen dass heen dem Verain erhalen bleiwt.

21-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal,

Ons Pupille spillen Sonndes den 27ten Januar um Dribbel, ab 9.00 versichen se sech fir d’ Finale vum Futsalchampionnat ze qualifizéieren, déi zwou éischt Équipen aus enger 6er Gruppe sinn dann den Weekend vum 23 an 24ten Februar derbäi, Avis aux amateurs.

Poussins Futsal,

Ons Poussins spillen Sonndes den 27ten Januar zu Remeleng, ab 9.00 versichen se sech fir d’ Finale vum Futsalchampionnat ze qualifizéieren, déi zwou éischt Équipen aus enger 6er Gruppe sinn dann den Weekend vum 23 an 24ten Februar derbäi, Avis aux amateurs.

Minimes Futsal,

Ons Minimes sinn leider aus dem Futsalchampionnat éliminéiert, si kommen den Samschdeg den Moien zu Mënsbech ob déi 5ten Platz vun 6 Équipen, leider waren puer Spiller net derbäi des well si dës Woch mat der Schoul an der Skivakanz ware, och eng flott Saach, et kann een eben net iwwerall sinn zu gläicher Zäit.

Scolaires Futsal,

Ons Scolaires qualifizéieren sech an engem ganz schwaachen Gruppe als 2ten fir den 3ten Tour, ugerappt wei den TGV ,5-0 an 4-0 gewonnen déi 2 éischt Matcher, dunn déi 2 nächst verluer, hei war déiwen Wanterschlof um Programm mat enger Portioun Iwwerhieflechkeet kombinéiert, kann nëmmen schif goen, um Enn nach mol kuerz erwächt, den leschten Match gewonnen, an domadder ass et dann duer gaangen fir een Tour weider ze kommen, hoffentlech hunn d’Jongen verstan dass et liicht ass en bis zwee Gäng zréck ze schalten et duerno awer ganz schwéier ass erëm 2 Gäng erop ze schalten.

Fazit vum Trainer:

IWWERHIEFLECHKEET ASS DEN UFANK VUM ENN,ËMMER ZWEE FÉISS UM BUEDEN BLEIWEN.

Cadets:

Training Optakt dësen Donneschdeg.

Juniors:

Training Optakt haut den Owend.

21-01-2013

Training bei den Scolaires

Weinst den aktuellen Wiederkonditionen ass den Training um Terrain vun Muer Densden ofgesoot gin.
Den Training ass owes um 20:15 an der Hal vum Dribbel verluecht gin.

Match amical
19-01-2013

Match amical

Am Frendschaftsmatch de Metten geint den CS Greiwenmaacher wennt den UN Käerjéng mat 4:3. Et huet denkbar schlecht ugefaang well no 30' waren maer schon 0:3 hannen. Mee duerch Gooler vum Sergio Teixeira, Romain Andres, Ken Corral an Ernad Sabotic konnten maer desen Match nach wannen.
Fotoen vum Match fand Dier an eiser Galerie.

18-01-2013

Match gett zu Kaerjeng gespillt

Weinst dem onbespillbaren Terrain zu Grevenmacher gett den Frendschafftsmatch muer um aalen Kaerjenger Terrain gespillt. Ustouss ass um 15:00.

Philippe Stelletta
18-01-2013

Philippe Stelletta

L’UNK a enregistré avec grande satisfaction que son gardien Philippe STELLETTA a décidé de rester au club pendant trois saisons supplémentaires (2013/2014, 2014/2015, 2015/2016). Philippe est un gardien aux réflexes étonnants qui dégage une autorité naturelle et qui sait à merveille motiver ses coéquipiers.

 

Ernad Sabotic
18-01-2013

Ernad Sabotic

L’U.N. KAERJENG ‘ 97 est heureux d’annoncer que son capitaine et joueur emblématique Ernad SABOTIC a prolongé le contrat le liant à notre club pour une saison (2013/2014) avec option pour une saison supplémentaire. Ernad de par sa très grande expérience, sa combattivité exemplaire, son approche professionnelle rigoureuse constitue un modèle à suivre et il encadrera au mieux nos nombreux jeunes joueurs.

UNK 2017
18-01-2013

UNK 2017

L’UNK est fier de faire part que les jeunes joueurs suivants issus de son vivier ont souscrit des contrats de longue durée portant sur les saisons 2013/2014, 2014/2015, 2015/2016 et 2016/2017 : Tom WEILAND (gardien de but), Chris STUMPF (joueur offensif) et Sam LOES (attaquant). Le fait de lier ces jeunes en provenance de notre sérail représente la mise en œuvre concrète et progressive de notre ambitieux projet « UNK2017 » qui, rappelons-le, vise à disposer à l’horizon 2017 d’une équipe hautement compétitive de joueurs sélectionnables formés pour l’essentiel par notre club. Les joueurs précités sont intégrés avec effet immédiat dans le cadre de l’équipe 1ère.

Aal Zaiten
18-01-2013

Aal Zaiten

Den UN Käerjeng hat d'Idee fir eng Galerie "Aal Zaiten" zeman. Fir Alleguer dei Leit dei nach aal Foto vum UN Käerjeng, FC Jeunesse Hautcharage oder der US Bascharage huet w.e.g. eranmailen ob . Et gin bestemmt flott Erennerungen. Merci

Den Heng am Asaatz
18-01-2013

Den Heng am Asaatz

Fir dass eis Ekippen trotz dem ville Schnei kennen trenaieren, ass eisen Gärtner den Heng am gang deen aalen Käerjenger Terrain freizescheppen.

18-01-2013

De Kugener Ed as net méi.

Leider si mir geschter informéiert ginn, dass den Arbitter Ed Kugener verstuerwen as.
Den Ed war den déingschteelsten Arbitter op eisem Jugend-Cup. Gären si mir him och während der Saison um Terrain begéingt.
Op an niewend dem Terrain war hien e joviale Kärel deen bei de Spiller a bei den Varainsdirigenten beléiwt war.

Mir wärten nach laang un den Eddes denken.
Der trauernder Famill soe mir eist härzlecht Baileed.

18-01-2013

Seniors reserves

Flotten Trainingsoptakt gëschter Owend an der Hal um Dribbel. 27 Spiller haaten de Wee op den Training fonnt, dorënner natierlech de Gros vun den 2.-Equipieren, awer och puer Vedetten vun der 3. Equipe! Den Ansch huet gezaubert, de Lou ass vill gelaf, de Laange war eng Kaz am Gol, de Ralf huet gemeckert, de Suad huet an d'Héise gerannt an den Team Manager war deenen aaneren hire Beschten... ;)

Haut den Owend geet et da raus an de Schnéi. Et gi keng Schnéimännecher gebaut mee gelaf, also bréngt w.e.g. alleguer nieft de Fussballsschung och är Lafschlappe mat!

Laurent Guthleber
18-01-2013

Laurent Guthleber

L’U.N. KAERJENG’ 97 tient à informer que d’un commun accord entre le joueur Laurent GUTHLEBER et notre club, le contrat du joueur précité a été résilié.

Laurent GUTHLEBER est libre d’effectuer avec effet immédiat un transfert auprès d’un autre club de son choix. Nous remercions Laurent pour les services rendus et lui souhaitons bonne chance pour la suite de sa carrière sportive.

 

Keen Training
16-01-2013

Keen Training

Weint deenen schlechten Wiederkonditiounen ass haut kee Training bei den Minimes an de Scolaires.
Fir weider Froen kennt dir Ierch bei denen jeweilegen Traineren mellen.

Den Weekend bei der Jugend
14-01-2013

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal zu Walferdange,

 

Ons Pupillen kommen op déi 2ten Platz an hirer Poule an sinn elo fir den 3ten Tour qualifizéiert, déi 2 éischt plazéiert Équipen aus 3 Gruppen mat 6 Équipen, qualifizéieren sech dann fir déi grouss Futsal Finalen déi den Weekend vum 23 an 24ten Februar programméiert sinn.

 

Poussins Futsal zu Larochette,

 

Ons Poussins kommen op déi 3ten Platz an hirer Poule an sinn elo fir den 3ten Tour qualifizéiert, déi 2 éischt plazéiert Équipen aus 3 Gruppen mat 6 Équipen, qualifizéieren sech dann fir déi grouss Futsal Finalen déi den Weekend vum 23 an 24ten Februar programméiert sinn.

 

Minimes Futsal zu Munsbach ,

 

Nächsten Weekend,Samsdeg den 19ten spillen ons Minime zu Munsbach vun 9.00 un an versichen sech dann och fir den 3ten Tour ze qualifizéieren.

 

Scolaires Futsal zu Kaerjeng,

 

Nächsten Weekend, Sonndes den 20ten Januar ab 14.00 spillen ons Scolaires op Acker, an versichen sech dann och fir den 3ten Tour ze qualifizéieren, Avis aux amateurs.

 

Scolaires U15(FLF),Futsal

 

Geschter an der Coque huet d’U15 dei eischten keier desen Internationalen Futsal Tournoi gewonnen,3 Jongen vum UN Kaerjeng hunn do matgespillt,bravo!

 

Classement final:

 

1. Luxembourg U15

 

2. VfL Bochum 1848

 

3. FC Metz

 

4. 1 FC Saarbrücken

 

5. 1 FSV Mainz 05

 

6. Racing FC Union Luxembourg

 

7. SV Eintracht 05 Trier

 

8. Fortuna Sittard

 

Sélection Luxembourg: Tom Ottele(UNK), Bobby Jiang, David Darrosa Iglesias, Fabien Heinz(UNK), Ken Kartheiser, Brandon Soares Rosa, Luca Duriatti, André Jesus Maltez, Eric Brandenburger, Stefan Lopes Rocha(UNK).

 

Juniors

4 vun onsen Junioren, den Sam Loes, Tom Weiland, Chris Stumpf an Christophe Da Cunha trainéieren säit dem 7ten Januar mam Kader vun onser 1ter Équipe, an bis elo verleeft och alles ganz gutt, den Samschdeg konnten den Chris an Sam och am Frëndschaft Match géint RM Hamm Benfica matspillen, um Enn vun der Virbereedung vun den Seniors 1, décidéiert dann den Trainer Roland Schaack zesummen mam Prési ob een oder méi ganz an den 1t Équipe Kader integréiert gëtt.

13-01-2013

Neijoersfeier 2013

Wei all Joer hat den UNK och desst Joer eng Neijoersfeier fir all deenen Leit merci zesoen dei daat ganzt Joer fir den Verain do sin.

Desst Joer stoung um Programme Karaoke. Fotoen vun dem leschtegen Spektael fand dier an deser Galerie

Match amical
12-01-2013

Match amical

Am 1 Testmatch fir 2013 haut um Dribbel gewannen mir mat 3-1 géint den RM Hamm. Eis Goaler hunn geschoss: Ken Corral, Stéphane Da Cruz an den Sergio Teixeira! Den nächsten Testmatch ass den 15.1. op der Jeunesse.
An desem Match stoung och den Julien Rolandi no langer Verletzungspaus nees um Terrain.

Den Demir ass do
11-01-2013

Den Demir ass do

Nom Jérôme Winckel huet nees een vun eisen 1 Equipe Spiller "zougeschloen". Den U.N.''97 gratuléiert dem Henid an senger Madame zur Gebuert vun hirem klengen Jong. Den Demir ass den 9 Januar um 0:45 Auer op Welt komm an war 3800 g schwéier an 50 cm grouss. Der Mamm an och dem Papp géit et gutt.

07-01-2013

fUNKy Club Cup

No zwee Deeg Turneier an 90 gespillten Matcher steet den Gewenner vum fUNKy Club Cup 2013 fest. Den F91 Diddeleng gewennt zum Schluss knapp virun dem Racing Letzebuerg an dem FC Deifferdeng'03. Den UN Kaerjeng'97 kennt ob dei 4. Plaatz. Plaatzen 5 an 6 sin fir d' US Remeleng an den FC Scheffleng.

05-01-2013

fUNKy Ladys Cup 2013

Haut den owend hun och Dammen gespillt. Bei hinnen haten maer folgend Endklassement:

1. RFCU Luxembourg
2. FC Schifflange
3. UN Käerjeng'97
4. FC Deifferdeng'03
5. US Rumelange

D'Fotoen vum Ladys Cup kommen an den nexten puer Deeg ob den Site.

05-01-2013

fUnky Club Cup 2013

Sou den eichten Spilldaag vum fUNKy Club Cup ass gespillt.
No den Categorien, Cadets, Scolaires an Minimes hun maer folgenden Teschestand:

1. RFCU Luxembourg 32 pts
2. F91 Dudelannge 25 pts
3. FC Deifferdeng'03 22 pts
4. UN Käerjeng'97 22 pts
5. US Rumelange 18 pts
6. FC Schifflange 6 pts

Muar geet et dann Moies weider bei de Poussins, an Mettes ass et dann un de Pupilles an Poussins.

05-01-2013

fUNKy Club Cup 2013

De Moien ass eisen fUNKy Club Cup 2013 ugangen, an daat mat der Categorie vun de Cadets. Fotoen vum ganzen Tournoi fand Daer an eiser Galerie.

02-01-2013

Seniors reserves

Den 17ten Januar fänkt den Training bei den Seniors reserves un. Hei fand daer Trainingen vum Mount Januar.

Jeudi 17 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Vendredi 18 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Lundi 21 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Mardi 22 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Jeudi 24 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Vendredi 25 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Lundi 28 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Mardi 29 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.
Jeudi 31 janv. Entrainement 19 h 30  Bascharage Synth.

 

27-12-2012

Preparatioun Seniors 1 op Réckronn

Méindes den 7 Januar 2013 ass Reprise vum Training. Folgend Testmatcher stinn um Programm.

12.01.2013 16:00 Auer U.N.’97-Hamm

15.01.2013 19:30 Auer Jeunesse-U.N.’97

19.01.2013 15:00 Auer Grevenmacher-U.N.’97

26.01.2013 16:00 Auer U.N.’97-Mondorf

30.01.2013 19:30 Auer U.N.’97-Feulen

02.02.2013 14:00 Auer U.N.’97-Dudelange

08.02.2013 19:30 U.N.’97-Rumelange

17.02.2013 Reprise Championat Niederkorn-U.N.’97

      
27-12-2012

Feierdeeg bei den Pupilles

Den 22. Dezember hun sie zu Scheffleng dei zweeten Plaatz gemaach.
Den Daag drop stoung dann den RFCUL um Programm wou eis Pupilles dann ob dei 7. Plaatz koumen.
Um zweeten Chreschtdaag dann hun eis Jongen den Tournoi zu Remeleng gewonn.

23-12-2012

UNK 2013

Ab 1 Januar iwwerhëlt den De Bernardi Marc Responsabilitéit vun eisen Buvetten. Eng Plaz déi iwwert laang Joeren vum Hames René garantéiert ginn ass. Merci René fir all déi Joeren! Eng weider Ännerung ass déi dass den Hengesch Steve sech ëm alles bekëmmert wat Vestimentaire ass, eng Tâche déi bis elo den Birsens Bern hat. Merci dem Bern fir dat Engagement wat 's du während villen Joeren has. Thill Susi bekëmmert sech ab dem 1 Januar ëm den finanziellen Volet betreffend UEFA Lizenz. Dem Susi, Marc an Steve wënschen mir all Guddes an hiren neien Funktiounen.

20-12-2012

Coupe de Luxembourg

Haut war den Tirage vun den 1/4 Finalen vun der Coupe de Lëtzebuerg. Mir spillen den 27 Februar 2013 um Dribbel géint Nidderkuer.

Den Weekend bei der Jugend
17-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles Futsal, répéchage:

Zu Iechternach kommen ons Pupille op déi 1ten platz an sinn domadder qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat. All d’ Matcher gewonnen bei engem Torverhältniss vun 14-0, also besser ass schwéier, den Trainer an d’ Spiller waren ganz zefridden.

Hei hunn mir awer elo säit puer Méint een Problem, verschidden Elteren!!! kennen net mateneen an Woch fir Woch ass erëm iergend eng Diskussioun, dëst ass inakzeptabel, grad esou wei mir vun onsen Spiller an Traineren een exemplarescht Verhalen froen wier et flott wann d’ Elteren dëst och giffen uwenden, mir alleguerten zesummen vertrieden den UN Kaerjeng am In an Ausland, an sollen ons behuelen, Merci

Poussins Futsal, répéchage :

Op Acker kommen ons Poussins op déi 2ten Platz hannert der Etzella an sinn domadder qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat.

Minimes :

Op Initiative vun den Traineren, Max an Pascal, ass en internen Futsal Tournoi den Sonndeg den Moien op Acker organiséiert ginn, 5 Équipen hunn vun 9 bis 12 Auer intensiv gespillt an um Enn gewënnt déi rout Équipe, awer Gewënner waren se alleguerten, 36 Spiller haten den ganzen Moien vill Spaass.

Scolaires, Futsal 1ten Tour :

Op Acker Samschdeg den Moien, 1ten Platz fir d’ Jongen, sinn domadder och qualifizéiert fir den 2ten Tour vum Futsal Championat, den Trainerstaff war vum spillereschen Niveau awer net begeeschtert, hei ass nach vill Loft no uewen.

Scolaires Tournoi triangulaire:

Den Sonndeg den Moien hunn ons Scolaires dësen Tournoi Um Dribbel gespillt, Moies an der Hal an Mëttes um syntetheschem Terrain, dëst mam 1FC Saarbrecken an der Foussballschoul U15 vun der AS Nancy Lorraine. An der Hal war den Niveau absolut ausgeglach an Detailer hunn den Ënnerscheed gemaach, um Terrain Mëttes hunn mir am 1ten Match 1-2 géint Nanzeg verluer wou mir och ganz gutt mat gehalen hunn, am 2ten Match géint Saarbrecken sinn mir awer dunn agebrach an verléieren 5-0, d’Batterien waren total platt! Dëst och well eben den Futsal op Samschdeg vun der FLF programméiert ginn war nodeems leschten Weekend ofgesot ginn war. Ënnert dem Strich extrem positiven Tournoi, ganz vill Komplimenter huet onsen Veräin den UN Kaerjeng, fir des Idee an Organisatioun vun onsen Géigner gemaach kritt.

Mir soen Merci, am Numm vun all onsen Scolaires, Claude, Steve an Angelo

Dem Mulles an Nico ,2 Presidenten déi sech ëm den offiziellen Dësch gekëmmert hunn an der Hal Moies, an all d’ Hëllef bei der Organisatioun virdrun.

Dem Fan Club ‘Mama’ fir zerwéieren vun Ronn 75 Menüen an der Mëttesstonn, un Spiller Traineren an Arbiteren.

Den Paparazzi, Jean-Marie, Carlos an Marcel fir déi flott Fotoen déi se ons ëmmer zur Verfügung stellen.

Dem Marc fir den Catering.

Dem Rene, Jako an Nico fir den Service an der Buvette den ganzen Dag.

Den Arbiteren ënnert der Leedung vum Romain Broy, hien hat 2 ganz jonk talentéiert Arbiteren agelueden, Jeremy Muller an Joel Fernandes, den ganzen Dag hunn se sech ofgewiesselt als Arbiter oder Linieriichter an déi 2 jonk Arbiteren konnten och schonns International Erfahrungen sammelen, den ganzen Dag keng giel oder rout Kaart, ëmmer am Zeechen vum Fairplay an Respekt, einfach nëmmen flott. Den Romain an Jeremy hunn och nach op hier Suen verzicht, chapeau!

Den Romeo ass do
15-12-2012

Den Romeo ass do

Den Moien um 10h43 ass eisem Keeper Jerome Winckel sein klengen Jong ob d'Welt komm. Bei der Gebuert hat den Romeo 3125gr an 50 cm.
Mir wenschen dem Jerome, senger Frendin Conny Metzler alles Gudds an nach vill schein Stonnen.

14-12-2012

Tournoi Triangulaire

Desen Sonden hun eis Scolairen (U15) een Tournoi Trinangulaire mat dem 1.FC Saarbrücken an dem AS Nancy Lorraine.

Desen Tournoi gett um Dribbel gespillt an der Haal souwei och um Terrain.

Den Programm fand dir hei.

14-12-2012

Cactus & Chrëschtmaart

D'Jugendcommision vum UN Käerjéng'97 grillt zanter Haut an bis den 24 Dezember nach mat beim Cactus Bascharage. Wann daer loscht ob Glühwain, Cremant een gudden Grillinger hudd dann kommt bei de Cactus well et lount sech.

Och eis Seniors II + III sin desen Weekend ganz aktiv, sie hun een flotten Gedrenksstand um Kaerjenger Chrëschtmaart ob der Pace Cito.

An dem Senn Prost an een gudden Apetitt.

11-12-2012

LaLux Futsal 2012-13

Desen Samsden gin "Tour de Repechage" op Acker gespillt.
Moies ab 8:30 ass et un de Scolaires an Mettes ass et dann ab 16:00 un eisen Poussins. Vun hei aus wenschen maer eisen Ekippen Bonne Chance an dass sie et an dei nexte Ronn packen.
Programmer vun den jeweilegen Kategorien fand dier hei.

10-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Minimes Futsal:
Ons Minimen kommen zu Déifferdeng den Sonndeg Moien op déi 5 ten platz bei 6 Equipen,3 mol Remis gespillt an 2 Defaite, an mussen elo an den répéchage, also et bleift nach eng zweet Chance fir een Tour weider ze kommen.
Scolaires Futsal:
D’FLF huet den Freideg den Mëtteg den Futsal vum Samschdeg ofgesot den zu Kayl virgesin war.Elo waarden mir op een neien Datum fir ze spillen.
Futsal allgemeng:
Bis elo hunn ons Puilles, Poussins an Minimes een Tour Futsal gespillt, keng Équipe huet sech direkt fir den nächsten Tour qualifizéiert, ze ernimmen ass dass d’Formule geännert huet dess Saison, nëmmen den 1ten aus all Group ass am nächsten Tour, am répéchage kommen awer dann den 1ten an 2ten een Tour weider, also all ons Équipen hunn nach Méiglechkeet fir dëst Ziel ze erreechen, mir wënschen bonne Chance.

Genial flott war et ze gesinn wei schonns den Samschdeg den Moien d’ Kanner deck stolz mat hirem Rucksack deen sie Freides vum Kleeschen kritt hun, op den Halen Training komm sinn.
Am Numm vun all den Traineren an Spiller soen mir een decken Merci ,dem Kleeschen dem Comité vum UNK an der Jugendkommissioun fir d’ Organisatioun, bestellen an verschenken vun dësem flotten Cadeau.
Mir profitéieren och hei vun der Geleeënheet fir elo schonns Schéin Feierdeeg ze wënschen un all ons Spiller, Dirigenten an Benevolen , Sponsoren, Supporteren an Traineren, an alleguerten déi mir hei vergiess hunn.

Kleeschen
08-12-2012

Kleeschen

Den Kleeschen an den Houseker sinn Haut um Käerjenger Dribbel bei eis Bambinis, Pupilles an Poussins komm. Am Gepäck hat hien fir all Kand an all Trainer een flotten Rucksak! Den Kleeschen huet awer och fir Kategorien Minimes, Scolaires an Cadets den selwechten Cadeau do gelooss den mir dann an den nächsten Deeg verdeelen. Eis Junioren ginn Keelen spillen mat Iessen.
07-12-2012

3:0 Défaite um Racing

Gëschter Owend am Nodrosmatch hunn eis Seniors I mat 3:0 géint den RFCUL verluer.

03-12-2012

Den Weekend bei der Jugend

Pupilles: Futsal 1ten Tour, d’Pupilles mussen an den Repéchage fir an den 2ten Tour ze kommen.

Poussins: Futsal 1ten Tour, d’Poussins haten een schlechten Dag erwëscht, um Enn ginn se déi 5t an sinn domadder mussen och sie am Repéchage untrieden.

Minimes: Coupe des Minimes Etzella Ettelbruck – UNK, 0-1
De Match huet gutt ugefangen, béid Équipen hunn schéinen Fussball gewisen, no 15 Minutten war et esou weit, schéin Aktioun vu Käerjeng iwwert Riets, Schoss vu Sadin Avdusinovic, op der Ligne iergend wéi gehalen, do koum mat voller Vitesse een Verteideger vun Ettelbréck an huet de Ball an säin Goal eran geschoss, 0-1 an der Paus.
2 Halschent huet net esou gutt ugefangen, Käerjeng war net méi am Match mä huet awer ganz gutt verdeedegt an Ettelbréck konnt kee Goal schéissen. Lues a lues ass Käerjeng erëm an den Match komm, Ettelbréck huet nach ëmmer voll gedréckt fir e Goal ze schéissen, dat ass hinnen bal gelongen 1 Minutt virun Schluss wou de Ball no engem Wäitschoss op de Poteau gaangen ass, d’Gléick war op onserer Säit.
Et ass awer 0-1 bliwwen.

Scolaires : Coupe des Scolaires UNK – Progrès Nidderkuer,0-0, 7-6 no Eelefmeterschéissen
Also dëst war eng ganz haart Noss fir d’Scolaires géint een ganz gudden Géigner, och wann mir den Match an der Hand haten hunn mir et net fäerdeg bruecht fir een Goal an den 70 Minutten ze schéissen, dunn koum d’ Lotterie vum Eelefmeterschéissen an mir waren mat engem Fouss dobaussen virum leschten Penalty well mir der schonns 2 Verschoss haten, Dame Chance war awer bei ons an Nidderkuer huet och verschoss, dunn hunn mir déi 2 nächsten verwandelt an Nidderkuer erëm verschoss, also beim Eelefmeter Krimi waren verschiddener vun onsen Jongen schonns total zerstéiert awer et ass nach duer gaangen.
Nom Match haten Traineren an Elteren d’ Jongen op eng Spaghetti an Dessert invitéiert am Sall um Dribbel, genialen Owend als Ofschloss vun enger genialer 1ter Halschent vun der Saison. Mega Merci un all d’ Mammen fir d’Entrée, Spaghetti, Kéis an Kuch, an den Pappen fir d’ Gedrénks, Prost :-).

Cadets: Coupe des Cadets UNK – Entente Reisdorf/Veianen 9-0
“Géint een iwwerfuerderten Géigner vun Reisdorf gewannen eis U17 mat 9-0. Domadder schléissen eis Jongen hir positiv Virronn mat engem Iwwerwanteren an der Coupe erfollegräich of. Den Géigner ass Gottseidank nët ënnerschat ginn. No enger fussballeresch nët gudder 1. Halschent stoung et 3-0 fir den UNK. An der Paus sinn einfach Saachen wéi Ballbesëtz, optimal Laafweer an Spill ouni Ball ugeschwat ginn. Et sollt einfachen Fussball gebueden ginn, och d’ Chancen-Ausnotzen war am 2. Duerchgang besser, sou dass d’ Jongen sech belounen an verdéngt och an dëser Héicht den Match gewannen. Elo ginn mir dann an déi verdéngten Wanter Paus, Félicitatiounen vum COACH un déi GANZ EQUIPE fir déi leschten Méint un éierlecher Aarbecht !“
Goaler bei den Cadets: Noé EWERT (3), Ken LEINER (2), Joé NURENBERG (2), Gino DE MARINI, Andrea FUMAROLA

Juniors: Coupe du Prince Entente Äischdall - UNK , 4-3
Ons Junioren sinn éliminéiert, se waren 3-0 hannen ,hunn et dunn awer fäerdeg bruecht fir op 3-3 zeréck ze kommen, um Enn verléieren se awer 4-3,villäicht waren si sech der Saach ze vill sécher well d’Entente eng Divisioun méi déif spillt, dann gëtt een oft gestrooft, inakzeptabel ass wat nom Match passéiert ass, 2 vun onsen Spiller hunn eng rout Kaart nom Match kritt, et muss een och kennen verléieren ouni aus der Këscht ze sprangen et wier besser gewiescht dës Energie wier während den 90 Minutten agesat ginn .

> Fazit: D’Minimes, Scolaires an Cadets bleiwen an deenen verschiddenen Coupe des Jeunes, gespaant waarden mir op den Tirage fir den nächsten Tour, een decken Bravo iech alleguerten Spiller, Traineren an Fans dat bei äiskalen Wanterwieder,2012 war gutt hoffen mir dass 2013 nach besser gëtt.
Elo kann den Kleeschen kommen, mir denken mol dëst Joer ginn et net vill Routen fir d’ Traineren.

02-12-2012

Den UNK steet an der 1/4 Finale

Haut de Metten konnten eis Jongen sech mat 1:0 geint den RM Hamm Benfica behaapten an stinn elo an der 1/4 Finale vun der Coupe de Luxembourg.
Elo heescht et nach just een positived Resultat den Donneschden um Racing man an dann geet et an dei wuehlverdingten Wanterpaus.

02-12-2012

Coupe des Cadets

Gëschter hunn jo schonn eis Minimes an Scolaires sech qualifizéiert fir den 3 Tour, haut hunn eis Cadets dat selwecht gemaach an deem Si sech mat 9-0 géint E. Reisduerf / Veianen duerch gesat hunn

01-12-2012

Coupe des Jeunes

Haut ass den 2 Tour an der Coupe gespillt ginn bei den Minimes an och bei den Scolaires. Eis Minimes gewannen zu Ettelbréck mat 1-0, an eis Scolaires gewannen um Dribbel no 11 m géint Nidderkuer.

30-11-2012

U.N. Käerjéng'97 - RM Hamm Benfica

Am Kader vun der 1/8 Final an der Coupe de Luxembourg spillt den Sonnden um 16:00 Auer um Käerjenger Dribbel den U.N. Käerjéng'97 géint den RM Hamm Benfica.

Arbitrage: Herren Durieux - Curfs - Hoffmann Ch.

Balles de Match: Klein Anne, Eric Hames an hiert kléngt Meedchen, Amy.

27-11-2012

RFCUL-U.N.'97 den 6.12.2012

Den Match géint den RFCUL ass Donneschdes den 6.12.2012 um 20:00 Auer um Stade Hamerel.

27-11-2012

Amy Hames

Um 9:33 Auer huet d'Amy d'Liicht erbléckst. Hat ass 2550 g schwéier an 45 cm grouss. Dem Amy an der Mamm geet et gudd. Den U.N. Käerjeng gratuléiert ganz häerzlech den Elteren, dem Anne an dem Eric méi awer och den Grousselteren, dem Lydia an René.

26-11-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis:FC Belval Belvaux – UNK,2-8

Poussins I: CS Sanem - UNK ,1-4

Poussins II: UNK – FC Differdange, 6-1

Minimes I:UNK – RFCUL, 0-3

Leider mussen ons Minime elo ofsteigen,desst ass awer keen Beebroch. Den Sonndeg den Moien bei engem Indoortournoi zu Huestert kommen d’minime op déi 2ten Platz.

Minimes II:FC Differdange – UNK, 0-3 Forfait

Ons Jongen mat den Traineren waren zu Deifferdeng den Arbiter och awer dei Deifferdenger hunn gefehlt,bei hinnen intern war een Kommunikatiounsproblem,duerfir gewannen mir mat 3-0 Forfait.

Scolaires I:F91 Dudelange – UNK ,0-3

Esou et ass geschafft mat dësem 3-0 sinn d’Scolaires vum UNK offiziell Champion vum 1ten Tour 1t Klasse,wann si et fäerdeg bréngen och den 2ten Tour ze gewannen dann sinn se Champion vun Lëtzebuerg,soss gëtt et eng Finale géint den Gewënner vum 2ten Tour,erëm den Match kloer dominéiert,och wann eng gewëssen Nervositéit net ze verstoppen war,fir just virun der Dier nach ageholl ze ginn,2 Goaler vum Fabien Heinz,desst no zwou Megapassen vum Bryan Fortes an een Eelefmeter vum Youri Inglebert,erëm 100% als Equipe dem Géigner keng Chance gelooss,Bravo Jongen an een groussen Merci un den Fan Club deen Match fir Match ëmmer erëm mat on Tour ass.

Scolaires II:UNK – Entente Wormeldange/Canach/Mensdorf,1-0

No zwou batteren Nidderlagen ass eng Reaktioun vun den Jongen komm,den Trainer Steve Glesener war deck zefridden,och hei gët et am 2ten Tour eng Divisioun erof,ze soen ass awer dass vill Jongen méi wei een Mol bei der 1ter Scolaires agesprongen sinn an do hiren Mann gestallt hunn,Merci Steve fir deng Aarbecht am Hannergrond.

Cadets: UNK – Jeunesse Esch, 3-1

Also ons Cadet bleiwen mat dëser Victoire an der 1ter Klasse,Bravo un all Spiller an Traineren, hei kann een berouegt soen dass 100% aus dem Potential eraus geholl ginn ass,Puer sauer Nidderlagen am Ufank awer d’Jongen hunn mat Leidenschaft an vill Trainingsansatz sech net kleng kréien gelooss.Belounung ass am 2ten Tour erëm 1t Klasse duerfen ze spillen

Juniors: FC Pétange – UNK ,1-2

10ten Match an 10ten Victoire also 30-0 Punkten,qui dit mieux?, domadder Champion vun der 3ter Klasse an den 2ten Tour an der 2ter Klasse ass d’Belounung fir Spiller an Traineren.

Fazit: Elo ass den 1Tour vum Championat bei der Jugend ofgeschloss,den nächsten Weekend spillen ons Equipen nach een Tour Coupe des Jeunes dobaussen,dann spillen ons Jongen an Meedercher Futsalchampionat respektiv Indoortournoien,ënnert dem Stréch kann een berouegt soen dass ganz gudd geschafft ginn ass um an nieft dem Terrain,mir soen Merci den Spiller,Traineren,Comitésmemberen,Elteren,Supporteren,Sponsoren an all déi wou mir hei vergiess hunn,desst ass den Ufank vum Projet UNK 2017,den Puppelchen ass op den Been, puer wackeler sinn nach dran awer mir hoffen gutt unzekommen,an dem Sënn

Vive den ganzen UNK

25-11-2012

UNK wënnt géint Maacher

U.N.'97-C.S. Gréiwemaacher 2-0 (Eis Goaler hunn den Stéphane Piron an den Jérôme Brix geschoss). Wéi och schonn an den leschten Matcher huet een eis Jongen gesinn mat enger 100 % Astellung, an dat een fir den aneren huet erëm gestemmt. No deenen vun der Sauer déi leschten Woch war et dëss Kéier un deenen vun der Musel.

23-11-2012

UN'97 Käerjeng - CS Grevenmacher

Am Kader vum 13 Spilldag spillt den Sonden um 16:00 Auer um Dribbel den UN Käerjeng géint den CS Gréiwemacher.

Arbitrage: Bourgnon, De Carolis C, Felten

Balles de Match: THERMAL HOTEL MONDORF / VETERANS U.N. Käerjéng‘97

23-11-2012

RFCUL-U.N.'97

Den Match RFCUL-U.N.'97 gëtt den 9 Dezember um 16:00 Auer um Stade Hammerel fresch gespillt. Dat ass dann den leschte Match vum Joer 2012.

Au revoir et Merci
23-11-2012

Au revoir et Merci

L'U.N. KAERJENG ' 97 , tient à vous féliciter pour votre formidable carrière à la fois sur le plan national et international. Vous avez toujours été un exemple à suivre et un "Aushängeschild" pour l'arbitrage luxembourgeois.

Nous regrettons sincèrement que vous avez décidé de raccrocher, et espérons vous revoir bientôt dans d'autres fonctions.

Nous vous souhaitons bonne chance pour la suite et dans l'immédiat une excellente prestation comme d'habitude lors du derby eschois toujours explosif.

22-11-2012

Cadets U17

Eis Cadets U17 gewannen um Mëttwoch-Owend een Nodrosmatch bei der Jeunesse Esch mat 4-2 (Goaler: Gino DE MARINI 2, Noé EWERT, Ben FUNCK) an behaalen esou d'Chance op den Verbleif an der 1. Klass. Félicitatioun.
Retour-Match géint d'Jeunesse: En Sonnden um 14.00 Auer um Käerjenger Dribbel !

22-11-2012

Communiqué de Presse 22.11.2012

20-11-2012

Tournoi triangulaire fir U15

Den UNK' 97organiseiert een Tournoi triangulaire fir U15 (Scolaires) desst mat der Bedeelegung vun der AS Nancy-Lorraine (F) an dem 1.FC Saaarbrecken(D),eng speziell Formule ass sech derbäi ausgeduecht ginn,mir spille Moies Futsal 5-5 'Um dribbel' all Veräin mécht zwou Equipen aus engem 16er Spillerkader,jidderee géint jiddereen,mécht 5 Matcher fir all Equipe,zesumme gëtt zu Mëtteg giess uewen am Sall um Terrain,a Mëttes spille mir um Haptterrain wann d’Wieder desst erlabt,soss um syntheteschen Terrain ,2 Matcher a 35 min fir all Equipe 11-11. Desst leeft Sonndeg den 16ten Dezember of,avis aux amateurs,kommt ons Jongen ënnerstëtzen.

Arbiter Romain Broy & friends.

 

20-11-2012

Coupe de Luxembourg

An der 1/8 Final vun der Coupe de Lëtzebuerg spillen mir den 2 Dezember doheem géint Hamm.

20-11-2012

Coupes des jeunes

Tirage fir Coupe an denen verschiddenen Kategorien.
2 Tour an der Coupe du Prince: Hobscheid/Eischen - U.N.'97
2 Tour vun der Coupe des Cadets: U.N.'97 - E. Reisdorf/Vianden

2 Tour vun der Coupe des Scolaires: U.N.'97 - Niederkorn
2 Tour vun der Coupe des Minimes: Etzella - U.N.'97

 

19-11-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis: UNK – FC Differdange ,1-2

Pupilles I: UNK – Jeunesse Esch , 14-1

Pupille iwwerrennen Jeunesse,Woch fir Woch maachen se Top Resultater,hei sinn een puer Ballzauberer am kommen.Ons Pupille hunn keen Match verluer am ganzen Championnat.Geschter Moien waren se op Huestert op een Indoortournoi an och do hun se alles platt gemach 1t platz an flotten Fussball gespillt.

Pupilles II: UNK – The Belval Belvaux ,4-3,ganz gutt Leschtung vun der 2ter Pupille.

Poussins I: UNK – FC Mondercange,4-2

Poussins II:F91 - UNK ,6-2

Minimes I: FC Mondercange – UNK, 0-0

Minimes II: UNK - FC Rodange,9-0

Scolaires I:UNK - Entente Mersch/Lintgen/Lorentzweiler 5-1,

An engem haart zum Deel iweragressiv vum Géigner gefouerten Match hunn eis Scolaires sech um Enn verdéngt duerchgesat.(Dësen Satz ass d’Kopie vum 1ten Match) ,derbäi koum nach dass onsen Géigner sech als schlechten Verléierer beholl huet,nieft Verbal Provokatiounen ass et och nach nom Match zu engem Gerangel koum,den Arbiter huet mat vill Diplomatie dessen Problem geleisst,soss waren et Spären an Geldstrofen op zwou Säiten,den Trainer vun der Entente huet sech fir d’Behuelen vun sengen Spiller entschëllegt,mir op onseree Säit hunn och zum Deel falsch reagéiert mussen dorausser leieren net op Provokatiounen ze reagéieren,dees Problematik ass direkt nom Match am Vestiaire mat den Jongen duerchgeschafft ginn, Ons 1t Scolaires spillt elo nächsten Samschden um 14.00 zu Diddeleng géint den F91 een decisiven Match fir d’1t platz am 1ten Tour vum Championat 1t Klasse wann d’Jongen gewannen dann sinn se Champion vum 1ten Tour an domadder schonns sécher qualifizéiert fir d’Finale vum Scolaireschampionnat, Avis aux amateurs!

Scolaires II: Union 05 Kayl/Tétange - UNK 8-0,

Hei ass ze soen dass puer Spiller bei der 1ter gefehlt hunn verschidden Jongen Alex Jacoby ,Sam Morbidelli vun der 2ter Scolaires bei der 1ter Scolaires matgespillt hunn an hier sach och gudd gemaach hunn,duerfier war ons 2t Scolaires awer manner gutt besat.

Cadets: Fola Esch - UNK 1-2

“No engem intensiven Match gewannen mir verdéngt mat 2-1, eng immens Reaktioun op den Match vum leschten Sonnden. Mir sinn vun Ufank un gudd an dës Partie komm an hunn déi 1. Halschent komplett dominéiert. Duerch een wonnerschéin direkt verwandelten Fräistouss vum Ben FUNCK op 1-0 war et eng flott erausgespillten Aktioun vum Noé EWERT op den Denis STUMPF deen zum 2-0 gefouert huet. Duerch eng stabil Ofwier- an Goalkeeperleeschtung as et mam 2-0 an d’Paus gaangen. Leider hunn mir an der 2. Halschent op zwee wichteg Offensivakteuren (Joé NURENBERG/Ken LEINER) verletzungsbedingt missten verzichten sou dass mir ëmmer méi an eis Halschent gedrängt goufen. Hei as mat vill Leidenschaft bis zum Schluss gekämpft gin an dëss enorm wichteg Punkten am Kampf ëm den Klassenerhalt sinn verdéngt geholl gin. Elo heescht et en Mëttwoch op der Jeunesse alles dofir ginn fir an der 1. Klass ze bleiwen ».

Juniors: UNK - FC Rodange, 4-0

9ten Match an 9ten Victoire elo bleift nach een Match fir mat 30-0 Punkten ofzeschléissen,no der Wanterpaus dann an der 2ter Klasse,wäerten ons Géigner,Etzella,Deifferdeng,Swift Hesper,Entente Woltz,Entente CSG/UMW ons Junioren dann mol richteg testen .

18-11-2012

7:5 no Penalty scheissen

FC Rouspert-U.N.'97 2-2 no 90' an 3-3 no 120'. Eelefmeterschéissen huet missen den Vainqueur vum Match definéieren an déi hunn mir dunn och fir eis Entscheed. Wéi erwaard ass et den schwéieren Match ginn, méi eis Jongen hunn een fir den aneren gespillt an mir haten den gréissten Wellen fir den Match fir eis ze Entscheeden. Mir hunn eis net aus der Rou bréngen gelooss... vun kengem!

15-11-2012

Tombola Crazy Cup

12-11-2012

Seniors II

Den Freiden hun eis Seniors II mat 2:0 geint CS Fola Esch verluer.

12-11-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis:FC Mondercange – UNK ,21-1

Also dësen Score ass och zerkaleren,vue que dass mir mat enger ganz neier Bambinis Equipe ugefangen hunn an Monnerech schons eng agespillten Equipe presentéiert huet,lescht Saison war et ëmgedréint,d’Spiller déi hunn dat souwisou eng Stonn nom Match schonns vergiess den Trainer,Romain Blasi knat villäicht mäi laang drun.

Pupilles I: UNK – FCD ,5-0

Pupilles II: FC Schifflange – UNK ,0-11

Poussins I: RFCUL - UNK ,2-0

eng ganz gutt 2t Halbzeit ass net duer gaangen fir den Match ze dréinen,den Goalkeeper vum Racing hat och een ganz gudden Dag erwächt an huet keen Ball eran gelooss.

Poussins II: UNK – Red Star Merl, 3-0

Och wann d’Spiller vun Merel virum Match am Vestiaire gemierkt hu dass Kaerjeng een Meedchen am Goal hat hunn se et awer net fäerdeg bruecht een eran ze schäissen net beim Gioia an och net beim Noah,Bravo un déi ganz Equipe.

Minimes I:Jeunesse Junglinster - UNK 3-2

Ons Jongen loungen 2-1 fir,hunn awer dunn 2 Spiller mateneen vum Terrain gesat kritt mat enger Zäitstrof den Géigner huet dovun profitéiert an ons 2 Goaler geschoss,elo mussen ons Minimes an der Réckronn erëm an der 2ter Klasse spillen,net schlëmm Kapp héich an erëm versichen an déi 1t opzesteigen.

Minimes II: UNK – FC Mamer, 2-5

Scolaires I:Jeunesse Esch – UNK ,0-5

Een perfekt gefouerten Match vun den Scolaires nom 1-0 vum Eric Martins war d’Eis gebrach an vun do un war alles méi einfach,elo bleiwen nach 2 Matcher fir ons Scolaires,mat zwou Victoiren kann keen hinnen méi hiren Dram huelen fir Champion vum 1ten Tour an der 1ter Klasse ze ginn,awer 2 schwéier Matcher stinn nach virun der Dier.

Scolaires II:US Sandweiler I – UNK ,7-0

Cadets: UNK – RFCUL, 1-7

Keng Chance géint een ganz staarken Géigner,och wann den Score héich ausgefall ass war net alles negativ,virun allem ass opgefall dass ons Jongen wollten propper no vir spillen awer ëmschalten vun offensiv op defensiv huet guer net geklappt,do bleift nach eng grouss Baustell fir déi nächsten Wochen,mir wënschen hinnen bonne Chance fir déi 2 Matcher géint Jeunesse Esch,dass se an der 1ter Klasse verbleiwen kennen.

Juniors: FC Schifflange – UNK ,1-4

8ten Match an 8ten Victoire domadder 24-0 Punkten,bei dësem Match huet den Cadet Goalkeeper Gianluca Bianchini den verletzen Junior Goalkeeper Tom Weiland ersat an seng sach gutt gemaach,mir wënschen dem Tom eng gudd Besserung.

 

12-11-2012

Reckbléck vun der Damen-Hironn

A 7 Championnatsmatcher sti 4 Victoiren (géint den CSO, den FCD 03, Stengefort a Rëmeleng), 2 Gläichspiller (géint Käerch/Simmer an US Esch) an 1 Néierlag (géint Beetebuerg) zu Buch. Dat si 14 Punkte vun 21 méiglechen. 46 Goler goufe geschoss an 18 Mol huet et am Natascha senger Këscht gerabbelt. Momentan si mär Tabellenzweete mat 7 Punkte Réckstand op Beetebuerg an engem respektiv 3 Punkte Virsprong op Déifferdeng respektiv US Esch.

11-11-2012

Eis Dammen spillen 2:2

Sou! Haut huele mär ee Punkt a kënnen och domat zefridde sinn. No engem sauere Match steet et 2:2 (Goler vu Svenja a Kim). Kompliment un eis Verteidegung mat Lisa, Melanie, Mandy an Natascha. Elo ass Wanterpaus

11-11-2012

1 Punkt zu Kayl/Tetange

Kayl/Téiteng-U.N.'97 1-1. (Goal Romain Zéwé) An engem Match wou een net kann soen dass et un der richteger Astellung gefeelt hat, huet awer wéi sou oft an den leschten Wochen Reussite e beschen gefeelt. 2 Halschent ass just an eng Richtung gaangen a doduerch hunn mir dann nach den héich verdéngten Ausgläich geschoss.

Gudd Besserung
07-11-2012

Gudd Besserung

Dem Jeff Feller, den Muer mat den Bandscheiwen operéiert gëtt wënschen mir all Guddes an dass hien erëm séier op den Been ass.

07-11-2012

Futsal

D'FLF huet d'Gruppen vum 1. Tour am Futsal ausgeloust.

Am Groupe D treffen eis Scolaires U15 op folgend Géigner: FCD03, Fola Esch, Jeunesse Esch, Union Kayl/Tétange an CSO.

Eis Minimes U13 kréien et am Groupe H mam CSO, SC Bettembourg, FCD03, CSP an FC Schifflange ze din.

Bei den Poussins U11 treffen am Groupe E eis Jongen op d'Veräiner Jeunesse Esch, Ent. Clemency, US Mondorf, FC Mamer 32 an Belval Belvaux.

An eis Pupilles U9 trieden an folgendem Groupe E un: Alliance Aischdall HE, FCD03, FC Kehlen, FC Ehlerange, FC Schengen

All eisen Equipen BONNE CHANCE fir dëss Saison an der Haal, gidd duerch d'Land d'Faarwen vum UNK mat Stolz an Freed vertrieden!

05-11-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis: Keen Match
 
Pupilles: F91 Diddeléng – UNK , 7-2
 
Coupe des Poussins I: FC UNA Strassen -  UNK ,3-2 leider sinn ons Poussins elo aus der Coupe eraus.
 
Coupe des Minimes I:FC Blo-Wäiss Miedernach - UNK , remis Terrain onbespillbar
 
Coupe des Scolaires I: UNK - FC Blo-Wäiss Miedernach ,6-0
D’ Scolaires kommen een Tour weider ouni grouss ze spillen, bei dësem Match waren d’ Highlights virun allem virum Match, onsen Géigner ass 16.10 opgetaucht, den Match sollt 16.30 ufänken, dunn huet hiren Trainer gemierkt dass se keng Uniforme derbäi haten, den UNK huet natierlech eng zur Verfügung gestallt, soss war et direkt 3-0 Forfait fir ons, dësweideren huet hiren Goalkeeper missen feststellen dass hien nëmmen eng Händsch derbäi hat, dunn huet onsen Goalkeeper Tom Ottele him säin 2t puer geléint, also een decken Bravo fir ganz vill Fairplay un den ganzen Veräin.
 
Coupe des Cadets: Fräilous fir ons Cadets Equipe
 
Coupe du Prince, Juniors: SC Betebuerg – UNK ,0-3 Forfait
 
Net genuch Spiller fir onsen Géigner vun Beetebuerg.

04-11-2012

UNK - Jeunesse

Den UN Käerjéng huet haut mat 3:2 geint d'Jeunesse Esch verluer. An der Halbzeit stoung et nach 1:1.
Opstellung: Stelletta, Santos, Guthleber, Binsfeld (Grégoire), Fiorani, Sabotic, Zydko, Andres, Da Cruz, Piron (Teixeira), Da Cruz (Reichling), Zewe.

04-11-2012

Damen iwerrennen US Remeleng

Geschter owend stoung et no 90' 20:0 fir eis Meedércher geint d'US Remeleng.

Gooler: Svenja Reiser (7), Kim Peltier (6), Kristin Birsens (4), Michele Bofferding (2) an Milena Agostino.

04-11-2012

Seniors III

Den Freiden den owend hun eis Jongen vun der dretter Ekipp 4:4 geint den FC Rodange gespillt. Gooler hun geschoss: Vic Mendes (2), Christian Bour, Franco Luisi.

03-11-2012

Communique de Presse

02-11-2012

Coupe de Luxembourg

An der 1/16 Final vun der Coupe de Lëtzebuerg spillen eis Senoirs I geint d'Victoria Rouspert. Desen Match as op Sonndes, den 18 November zu Rouspert ugesat.
Eis Seniors II kreien et am 3. Tour mat Ierpeldeng ze dinn. Desen Match gëtt den 25 November um Dribbel gespillt.

02-11-2012

UNK - Jeunesse Esch

Am Kader vum 11 Spilldag kënnt den Sonden  16:00 Auer d'Jeunesse Esch op den Dribbel op Besuch.
Arbitrage: Kopriwa-Da Silva Joa-Bras
Balles de Match:M. Paul ORIGER / M. Yvon LIERNEUX

30-10-2012

Verletzungssuergen beim UNK

Den Julien Rolandi huet dës Saison nach guer net gespillt duerch Verletzung, den Ken Corral huet sech am Match geint den CS Peiteng een Muskelfaserress zougezun, eisen Jeff Feller leid un engem Bandscheiwenvirfall a lo och nach den Henid Ramdedovic deen sech am Match geint d'Etzella d'Innenband am Knéi iwerdeent an ugerass huet.
Maer wenschen hinen all eng gutt Besserung!

29-10-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis: FC Rodange – UNK, 10-3
 
Pupilles: Keen Match dësen Weekend.
 
Poussins I:  UNK – Progèrs Niederkorn  ,11-1
No enger ganz gudder 1ter Halschent wou Kaerjeng mat 7-0 an Féierung war ass an der 2ter Halschent een bësschen Disziplin an Uerdnung verluer gaangen well jiddereen säin Goal wollt schéissen goen, als Spiller am Geescht vum Fussball jo ganz richteg, als Trainer muss een einfach mol eng kéier acceptéieren, uschwätzen an déi nächsten kéier villäicht dann besser maachen.
 
Poussins II: Union Kayl/Téiteng – UNK, 7-2
An der Pause stong et 4-0, 2t Halschent huet d’ Équipe sech besser geiert, ënnert dem Stréch war Kayl/Téiteng awer physesch total iwwerleeën
 
Minimes I:UNK – FC Déifferdang 2-0,
D’ Jonge waren vum Ufank un am Match ,hu de Géigner net vill spille gelooss .
Eis Jongen hunn eng ganz gutt 1 Halschent gespillt. Se wossten dass Haut déi lescht Chance wier fir an der Klasse I eventuell ze bleiwen.
 
Kuerz virun der Paus nodeems Déifferdeng just e puer mol kuerz virum Käerjenger Goal war krut eis Équipe een geféierlechen Fräistouss deen vum Paddy Funck mam lenke Fouss fest eran geschoss gouf! De Paddy sot zum Trainer : Fir mäin Papp! Fir seng 40 Joer! D'Local Équipe war an der Paus beim waarmen Téi 1-0 a Féierung. 2t Halschent huet zwar vill méi Defensiv ugefange mä et huet awer geklappt. Déifferdeng huet et net gepackt eis 1 Goal ze schéissen! 10 Minutte virum Schluss, hunn d'Käerjenger esouguer den 2-0 geschoss! No engem Corner huet de Kapitän Yann Maquet,  de Ball eran geschoss!
 
Nodeems den Arbiter of gepaff huet waren eis Spiller euphoresch esou wei wann si elo eng Champions League gewonnen hätten!  Dat waren déi éischten Victoire an 3 Punkte fir eis Minimes I! Si kënne stolz sinn well an deene lescht 6 Matcher huet Déifferdeng nëmmen 2 Goaler geschoss kritt an Haut huet Käerjeng hinnen an engem Match der 2 derbäi geschoss! Weider esou!
 
 
Minimes II: Jeunesse Esch  – UNK 1-0
 
Scolaires I: UNK – Swift Hesper 2-1,
Erëm géint den Tabellenzweeten doheem gewonnen, domader bleiwen d’Scolaires op der 1ter Platz , 3 Matcher virun Schluss, virun allem sinn am Mentalen Beräich déi zwou lescht Wochen immens Fortschrëtter gemaach ginn, d’ Massendénger sinn net méi do! an d’ Platz sinn richteg Männer(cher) komm, 1-0 no 6 Minutten fir ons, Goal Fabien Heinz, duerno huet den Tom am Goal puer direkt Vergläicher mat den geignereschen Stiermer  gewonnen, kuerz no der Pause den Ausgläich fir den Swift , an 5 Minutten virun Enn den 2-1 duerch den Stefan Lopes.
Also alt erëm eng kollektiv Victoire allen 14 an Eng Richtung, Bravo Jongen, weider esou, awer oppassen vun deenen nächsten 3 Matcher gëtt guer keen méi einfach wei dei geint RFCUL an Swift Hesper.
 
Scolaires II:UNK – The Belval Belvaux 1-0,
 
Cadets: F91 Dudelange - UNK 3-0,
Also no 2 Victoiren fir ons Cadets, ass et op Diddeleng gaangen dësen Sonndeg, d’Cadets verléieren géint eng absolut Fussballeresch Top Équipe vum F91, mir sollen ons guer net schummen, et ass kloer ze  gesinn dass zb par rapport zum 1ten Match géint Diddeleng villes besser ginn ass, all déi Aarbecht vun Spiller an Trainer mécht sech bezuelt.
 
Juniors: US Esch  – UNK 2-4
7ten Match ,7ten Victoire, also 21-0 Punkten.

28-10-2012

Batter Defaite zu Ettlebréck

Den UN Kaerjéng verleiert mat 3:1 zu Ettelbréck.

Opstellung: Stelletta, Brix (Santos 46'), Binsfeld, Ramdedovic (Grégoire 22'), Fiorani, Sabotic, Andres, Teixeira (Zewe 54'),  Reichling, Prion Da Cruz.

Gooler: 1:0; 2:0 Turpel, 2:1 Piron, 3:1 Bassing.

28-10-2012

Eis Dammen verleieren um RFCUL

11 couragéiert UNK-Girls hunn haut an der Stad ouni Ersatzbänk gekämpft an eng batter Néierlag mussen astiechen. D'Racing-Meedecher hu vun Ufank un näischt ubrenne gelooss an 11:0 gewonn (Halbzeitstand 3:0). Deemno si mär aus der Coupe eraus an elo gëllt et sech op d'Championnat ze konzentréieren, an d'Saison ass nach laang.

24-10-2012

Crazy Cup 2012

Crazy Cup 2012
Samedi, le 03 novembre 2012

Centre Sportif OP ACKER

 

 

Poule 1 :   Les Amis de la TGD            Poule 2 :   CS Petange

                 US Rumelange                                       U.S.Mondorf

                 Sporting Bertrange                                 Millebaach-Lusitanos

                 UN Kaerjeng’97                                     Differdange 03

                 Etoile Sportive Clemency                       Union 05 Kayl Teiteng

 

Eliminatoires :  (durée d’une rencontre 1 x 12 minutes )

 

13.00  P1  Amis TGD - US Rumelange  

13.14  P2  CS Petange – US Mondorf    

13.28  P1  Bertrange – UNK’97              

13.42  P2  Millebaach – Differdange 03 

13.56  P1  Amis TGD – ES Clemency    

14.10  P2  CS Petange – Kayl-Teiteng 

14.24  P1  US Rumelange – Bertrange   

14.38  P2  US Mondorf – Millebaach     

14.52  P1  UNK’97 – ES Clemency         

15.06  P2  Differdange 03 – Kayl -Teiteng

15.20  P1   Amis TGD – Bertrange

15.34  P2   CS Petange - Millebaach

15.48  P1   US Rumelange – UNK’97

16.02  P2   US Mondorf – Differdange 03

16.16  P1   Bertrange – ES Clemency

16.30  P2   Millebaach – Kayl-Teiteng

16.44  P1   Amis TGD – UNK’97

16.58  P2   CS Petange – Differdange 03 

17.12  P1   US Rumelange – ES Clemency

17.26  P2   US Mondorf – Kayl/Teiteng

 

Les Finales

 

17.45 heures

 

3ième – 4ième place     

 

18.00 heures

 

1ière – 2ième place                

23-10-2012

Seniors II

Eis Seniors II verleieren mat 2:1 gent den FC Victoria Rosport.
Eisen Gool huet den Lionel Dias geschoss.

23-10-2012

Cour d'Appel

RFCUL-U.N.'97 wou beim Stand vun 0-1 no 56 Minutten Luuchten ausgaangen waren a wou den Tribunal Fédéral, ouni eng Enquête opzemaachen, decidéiert hat den Match frësch ze spillen. Mir sinn an Appel gaangen géint dat Uerteel a hunn den Owend virun der Cour d'Appel den Match mat 3-0 forfait gewonnen.

22-10-2012

Coupe des Jeunes

D’FLF huet d’Jugend-Coupen ausgeloust.
Eis Juniors mussen Samschdes, den 03/11/2012 beim SC Bettembourg untrieden. Den Géigner spillt momentan an der 4. Klass. No 5 Spilldeeg bleiwen sie awer ongeschloen bei 3 gewonnen Match an 2 Gläichspiller an stin op der Plaatz 2 an der Tabelle.

Eis Cadets hun een Fräilouss zougesprach kritt an sin deemno direkt een Tour weider!
Och um Samschden den 03/11/2012 kréien eis Scolaires am 1. Tour vun der Coupe Besuch vum FC Blo-Weiss Medernach aus der 2. Klass. Sie beleen hei déi 5. Plaatz mat 4 Punkten aus 5 Matcher.
Géint deen selwechten Géigner um selwechten Daag mussen och eis Minimes untrieden. Sie reesen awer op Medernach an mussen géint d’Equipe aus der 4. Klass sech beweisen.
D’Poussins vum UNK spillen dann Sonndes den 04/11 beim FC UNA Strassen hiiren 1. Tour!

22-10-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis: UNK – Fola Esch,7-3
 
1ten Match vun den Bambinis dës Saison an gewonnen, een Genoss hinnen nozekucken wei se hir Goaler zelebréieren, wei op der Télé, witzegt Erliefnes, den Mamadu huet deen ganzen Wee vum Terrain II bis an den Vestiaire gekrasch well hien net huet dierfen ‘Um Dribbel’ duschen, seng Mamm wollt dass hien soll doheem duschen.
 
D’ Équipe: Reche-Wilhelmsen Esteban, Da Silva Manaia Fabio, Djabi Embalo Mamadu, Kremer Léon, Da Silva Ferreira Moreira, Jan Guillaume, Perna Domenico, Balance Yann
 
Pupilles I: UNK – Kayl/Tetange,15-0
 
Pupilles II: UNK – Clemency/Schouweiler, 3-4
 
Poussins I: Jeunesse Esch - UNK,0-6
 
Poussins II: UNK - US Rumelange,1-8
 
Minimes I: F91 Dudelange - UNK ,2-0
 
Minimes II: UNK – FC Miniere Lasauvage,3-1
 
Scolaires I: UNK – RFCUL ,2-1
Verdéngten Victoire géint den Tabellen éischten an domader iwwerhuelen ons Scolaires déi 1ten Platz an der 1ter classe, no engem onverdengten Réckstand an der 2ter Halbzeit hunn Jongen erëm Moral bewisen an den Match als Équipe an den leschten 5 Minutten zu hiren Gonschten gedréint, déi 3 Goaler sinn op Fräistouss hin gefall, also och schonns Ënnen sinn dës Spill Situatiounen ganz wichteg, an se ginn och bei verschidden Traininger an geübt, elo kennt nächsten Weekend erëm zu engem Vergläich 1ten géint den 2ten wann Hesper, den Samschdeg um 16.00 Auer op Besuch kennt, den 1ten Match hunn mir 5-1 verluer, an och komplett verschlof, Revanche ass ugesot, Avis aux  amateurs dann.
 
Scolaires II: Entente Weiler-Itzeg – UNK,4-0
 
Cadets: Swift Hesperange – UNK,1-8
D'Jongen hun virum Match gewosst, dass no der 3-4 Néierlaag am Hinmatch onbedingt eng Reaktioun huet missen kommen. Mat enormer Laafbereetschaft an kollektivem Equipen-Geescht sin mir fréi 2-0 an Féierung gaangen. Duerch richteg Laafweeër ouni Ball hun mir Hesper quasi keng Chance geloos an sin zur Paus bis op 4-0 a Féierung gaangen. Eng Usproch an der Halbzeit, wéi ech se selwer nach nie haat, esou POSITIV stoung ech ënner "Schock".
Wéi daat dann esou üblech as am deem Alter, fällt bei esou engem däitlech Rëckstand d'Moral beim Géigner an mir hun vun hiiren Ondisziplinéiertheeten Profit geschloen an verdingt och dëser aussergewéinlecher Héicht um Holleschbierg gewonnen an vill Moral getankt fir déi wichteg Matcher déi nach kommen an déi Chance d'Klass ze haalen wëllen mir elo méi wéi nie notzen!
Goaler: Gino DE MARINI (2), Ben FUNCK (2), Ken Leiner, Joé NURENBERG, Alex PERRARD, Noé EWERT.
 
 
Juniors: FC Belval Belvaux – UNK,1-2
6ten Victoire, domadder 18-0 Punkten, Bravo.

21-10-2012

Eis Damen spillen 5:5 glaich

De Samsden spillen eis Damen geint  Kaerch/Simern 5:5 glaich.
Gooler: Svenja Reiser 3, Kim Peltier an Kelly Greene.

21-10-2012

3:0 Victoire am Derby

Haut den owend hun maer mat 3:0 geint eisen Noper vun Peiteng gewonn.

Opstellung: Stelletta, Brix, Binsfeld, Ramdedovic, Fiorani, Sabotic, Andres, Teixeira (62' Zydko), Corral (19'Reichling), Prion Da Cruz (79'Zewe).
Gooler: 1:0 Teixeira 40', 2:0 Fiorani 87', 3:0 Piron 88'.

18-10-2012

UNK'97 - CS Peiteng

Am Kader vum 9 Spilldag kënnt den Sonden  18:30 Auer den Noper vum CS Peiteng op den Dribbel op Besuch.
Arbitrage: Vivas-Jacob K-Portela M
Balles de Match: M. Marco THILL / M. Pierre PLETSCHETTE

Ski Opening Party
17-10-2012

Ski Opening Party

Den 17 November 2012 ab 19:00 Auer zu Uewerkäerjeng am Schoulhaff ass Ski Opening Party. Um Programm ass Mega Hüttestëmmung mam Dj ROM an géint 22:00 Auer ass den Optrëtt vum Michael WENDLER mat sengen gréissten Hit’s wéi "Sie liebt den DJ", "Nina",… . Virverkaf :12 €, an Oweskeess :15 €.

16-10-2012

Seniors I

Geschter huet eis eicht Ekipp um Dribbel een Testmatch mat 4:0 geint Canach gewonn. 

Gooler: Piron, Da Cruz, Teixeira an Corral. Elo heescht et dei zolit Leeschtung vum Testmatch de Sonden geint Peiteng ze konfirmeieren.

16-10-2012

Seniors II

Geschter Owend hun eis Spiller vun der zweeter Ekipp mat 8:2 geint den FC Deifferdeng verluer. Eis Gooler hun den Franco Luisi an den Andy Hansen geschoss.

15-10-2012

Match amical

Den Owend spillt eis Seniors I en Frendschaftsmatch geint den FC Jeunesse Canach.

Ustouss ass um 20:00 um Dribbel

14-10-2012

Den Weekend bei der Jugend

Bambinis:Entente Clémency-Schouweiler – UNK,
 
Remis net genuch Spiller bei der Entente,
leider hunn ons Bambinis nach keen Match gespillt, well vill Veräiner Problemer haten/hunn mat Lizenzen, den UNK ass an dëser Geschicht och schonns virun puer Wochen bei der Jugendkommissioun vun der FLF intervenéiert, beim nächsten Kongress soll eng Statutenännerung kommen,
den Trainer Romain Blasi versicht elo ab nächsten  Weekend respektiv Allerhellegevakanz dës Matcher nozehuelen
 
Pupilles: US Rumelange – UNK,4-8
 
Poussins I:  UNK – Belval Belvaux ,7-0
 
Poussins II: FC Mondercange – UNK, 1-6
 
Minimes I:UNK – FC Mondercange 1-1,
1ten Goal, Eelefmeter Alessandro Suzzi, respektiv 1ten Punkt fir ons Minimes I
 
Minimes II:FC Rodange – UNK 2-2,
 
Scolaires I:Entente Mersch/Lintgen/Lorentzweiler – UNK 0-4,
An engem hart zum Deel iweragressiv vum Géigner gefouerten Match hunn eis Scolaires sech um Enn verdéngt duerchgesat.Virun allem ass den Ball an der 2ter Halbzeit gut lafen gelooss gi wat sech um Schluss dunn och um Resultat erëmspigelt.

Ons 1t scolaire spillt elo nächsten Samschden um 13.30 doheem géint den RFCUL een ganz interessanten Match fir eventuell d’1t platz am 1ten Tour vum Championat 1t classe , Avis aux amateurs!

 
Scolaires II:UNK – Union 05 Kayl/Tétange 1-1,
 
Cadets: UNK – Fola Esch 1-0,goal Nurenberg Joe
Also no 3 Défaiten eng 1ten Victoire fir ons Cadets, an engem flotten Match, hunn se kollektiv & taktesch ganz gutt  harmonéiert an verdéngt gewonnen, weider esou!
Klengen batteren Nogeschmaach bei dësem Match ass den 4ten Eelefmeter zou onsen gonschten ,net verwandelt gin. Positiv ass et Eelefmeteren gepaff ze kréien, ass een Zeechen dass een oft beim Géigner am 16 Meter ass, elo heescht et nach dovunner profitéieren, awer déi allerbeschten Spiller hunn der schonns verschoss, also net Verzweiwelen.
 
Juniors: FC Rodange – UNK (0-1), 0-9
No enger relativ schwacher 1ter Halbzeit wou mir 1-0 vir waren, och well den Tom Weiland am Goal schonns 2 flott Paraden gemaach hat, huet den Trainer, Ralf Bunk, an der Pause mol eng richteg ‘Standpauke’ gehalen, den Message ass ukomm! ,an d’Juniors iwwerrennen Rodange an der 2ter Halbzeit ,elo sinn Spiller an Traineren ,no 5 Matcher ongeschloen mat engem Goal Verhältnis vun +29, um Wee aus der 3ter Divisioun eraus, wou se näischt verluer hunn,  seriöse Matcher an der Réck ronn spillen an sou weit wei méiglech an der Coupe du Prince kommen, dës mussen Zieler vun den Junior sinn.

 

 

 

 

13-10-2012

Eis Dammen net ze stoppen

Eis Dammen hun den Owend mat Stengefort kuerzeprozess gemaach an mat 5:1 gewonn.
Gooler: Kim Peltier (2), Svenja Reiser (2) an Kristin Birsens. An domadden hun sie elo aus 4 Matcher 9 Punkten geholl. Respect fir dei Super Leeschtung!

13-10-2012

Seniors III

Haut den Owend hun eis Jongen vun der Seniors III mat 6:2 geint zweet Ekipp vun Lasauvage gewonn. Eis Gooler hun den Steve Thurpel (2), den Romain Gaasch (2), den Christian Bour an den Serge Micarelli geschoss.

08-10-2012

Eis Dammen wannen beim FC Déifferdeng

An angem spannenden an intensive Match klappen eis Dammen den FC Déifferdeng mat 3-2 duerch Goaler vum Svenja (2) a Kim.

07-10-2012

1 Equipe Frëndschaftsmatcher

Den 10.10. um 19:30 Auer spillen mir een Frëndschaftsmatch zu Mondorf a den 15.10. um 20:00 Auer spillen mir um Dribbel géint Canach.

06-10-2012

Seniors réserves

Geschter Owend hun beid Seniors réserves Ekippen gespillt.
Eis Zweet huet 3:1 geint den FC Mamer gewonn. Gooler: Msrco Pereira, Clayton Santos an Alexis Grégoire.
Eis Drett huet 1:1 glaich mat der US Rumelange gespillt.

05-10-2012

Gaby & Romain hunn sech Jo Wuert ginn

Haut op der Käerjenger Gemeng hunn eisen Jugendtrainer den Romain Blasi an eisen Member vun der Jugendkommissioun Gaby Saalfrank sech Jo Wuert ginn. Mir wënschen deenen 2 sympatheschen Leit aus der Famill vum U.N.'97, am Numm vun der grousser U.N. Käerjéng Famille nëmmen schéin Stonnen! Gaby & Romain alles Guddes!

04-10-2012

No 56' sinn Luuchten ausgaangen

RFCUL- U.N.'97 0-1

Duerch een scheinen Goal vum Alex Fiorani aus 30 m ass den UN Käerjeng'97 mat 1:0 an Feierung gaang. . An der 56' sinn dunn Luuchten ausgaangen an wéi no 30' Minutten nach ëmmer net Luuchten gaangen sinn huet den Arbiter dat gemaach wat Statuten virgesinn an den Match ofgebrach!

Eist Bäileed
02-10-2012

Eist Bäileed

Dem Nico Zenner, eisem laangjäregen Comitésmember a Präsident seng Mamm, dem David Zenner, eisem Jugendtrainer an dem Yannick Zenner, eisem Masseur hier Bomi ass an der Nuecht am Alter vun 75 Joer gestuerwen. Déi grouss Famill vum U.N. Käerjeng'97 dréckt Iech säin Häerzlechst Bäileed aus an wäert Renée an gudder Erënnerung behalen.

01-10-2012

Seniors II

Eis Seniors II verleieren um Freiden Owend mat 1:6 zu Mondorf. Eise Gool huet den Ken Corral geschoss deen no langer Verletzungspaus nees gespillt huet.

30-09-2012

Keng Punkten geint Diddeleng

Den UN Käerjeng'97 verleiert mat 1:3 geint den F91 Diddeleng.

Gooler: 0:1 Da Mota, 0:2 Idazza, 1:2 Zewe, 1:3 Steinmetz.

Opstellung: Stelletta, Brix ( Santos 71'), Ramdedovic, Binsfeld, Fiorani, Sabotic, Andres, Teixeira ( Zewe 71'), Reichling, Piron (Corral 54') Da Cruz.

29-09-2012

UNK'97 - F91 Diddeleng

Am Kader vum 7 Spilldag kënnt muer um 16:00 Auer den F91 op den Dribbel op Besuch. Dëst gëtt mat Sécherheet keen einfachen Match méi mat der Mentalitéit "een fir den aneren" dann ass een positiv Resultat villäicht méiglech.
Arbitrage: Wilmes L-Heinen-Mossong
Balles de Match: M. Carlo LINK / M. Marco LEMMER
Nach niewen bäi gesot, den Accès op den Dribbel iwwert den Cactus ass op.

28-09-2012

Juniors U19

An engem viirgezunenen Match vum 3. Spilldaag gewannen eis Juniors U19 gëschter Owend mat 7-2 geint d'US Esch. Schon no 17 Minuten stoung et 5-0 fir den UNK !

28-09-2012

Jako Sportswear

Sämtlech Jugendspiller kënnen ab elo erëm déi offiziell UNK-Sportswear bestellen. Einfach bei Ärem Trainer een Bestell-Schäin froen an d'Commande ofgin!
27-09-2012

Seniors II

Den Dënschden Owend hunn eis Seniors II onglécklech mat 2:1 géint d'US Horstert verluer.

Eise Gool huet den Clayton Santos geschoss.

24-09-2012

Seniors III

Eis Seniors III wannen geschter Metten mat 8:2 geint d'Luna Uewerkuer. Eis Gooler hun geschoss: Franco Luisi 4x, Andy Pescheux, Marco Poul, Vic Mendes an Luigi Castellucci.

24-09-2012

Den Weekend bei der Jugend

Um 2. Weekend vum Championnat gewannen eis Junioren géint eng iwerfuedert Equipe vun Bieles mat 6-0, eis Cadets verléieren onglëcklech mat 3-4 géint den Swift Hesper.
D'Scolaires I spillen um RFCUL 1-1 gläich, d'Minimes I verléieren knapp mat 0-2 géint den F91 Diddeléng!
Pupilles I wannen mat 14-0 geint den FC Deifferdeng an Pupilles II wannen mat 4:1 geint den FC Rodange

23-09-2012

3:2 Defaite zu Woltz

An engem Match deen net vill mat Fussball zedin hat verleieren maer mat 3:2 geint Woltz. 

Eis Gooler hun den Da Cruz (1:1) an Piron (2:2) geschoss.

1 Victoire fir eis Damen
22-09-2012

1 Victoire fir eis Damen

Haut den Owend huet eis Damenekipp hieren eichten Championatsmatch gespillt. Et ass denkbar schlecht ugang an no 20 Minuten luchen sie mat 2:0 hannen. Mais et koum prompt eng Äntwert an et goung mat engem 2:2 an Paus. No der Paus hun eis Meedercher dun obgedreint an mat 7:2 gewonnen.

22-09-2012

1 Spilldaag bei den Dammen

Fir hiren éischten offiziellen Optrëtt a der Veräinsgeschicht wënschen mir eisen Dammen vill Spaass a Hoffen dass déi éischten 3 Punkten um Dribbel bleiwen. Den Match géint den CS Uewerkuer ass um 19:00 Auer.

20-09-2012

Seniors reserves

Geschter hun eis Seniors II hieren eichten Coupematch mat 2:0 geint Medernach gewonn.

Gooler 1:0 Hansen 7' an den 2:0 Mendes 65'.
Eis Seniors III Verleieren hieren match mat 0:2 geint Colmar-Bierg.

19-09-2012

Den Weekend bei der Jugend

Um éischten Spilldaag vun der Jugend wannen d'Juniors verdingt mat 6-3 am Derby géint Péiteng, bei den Cadets as keen Arbitter komm, deemno as deen Match net gespillt gin. Eis Scolaires I brilléieren mat engem 5-1 géint den F91 an d'Minimes I verléieren mat 0-4 beim RFCUL.
Scolaires II: Wuermer-UNK 2-0
Minimes II: UNK-FCD03 0-0

19-09-2012

Championat bei den Pupillen

De Samsden ass dann och den Championat bei de Pupillen ugangen. Pupilles 1 konnten sech mat 14:0 geint Fola duerchsetzen an eis Pupilles 2 spillen mat Suessem 1:1 glaich

19-09-2012

Dîner spéctatcle

D'Härenekipp oragniseieren den 28 September een Diner spéctacle. Weider Detailler fand dir hei am Fichier.

19-09-2012

Trainerschulung am Kader vum Projet UNK 2017

Dëse Sonndeg vun 9.00 Auer machen ons Jugendtraineren eng weider Trainerschulung zum Thema Laafkoordination, ënnert der Leedung vum Carsten Effertz, d’Spiller vun den U13 & U15 wäerten de prakteschen deel um Terrain virféieren. Den 1ten Deel ass Theorie a visuell Informatioune fir d’Traineren am Versammlungssall.

UEFA U19
17-09-2012

UEFA U19

Am Kader vum Tournoi UEFA U19 Tour Qualifikatioun Groupe 5 fannen 2 Matcher um Käerjenger Dribbel statt. Déi Matcher ginn jeeweils um 19:00 Auer gespillt an dëst den 11 an 16 Oktober 2012.

16-09-2012

4:1 Defaite geint Fola

Den UN Käerjéng'97 huet sech um Dribbel dem CS Fola missen mat 4:1 geschloe gin.

Obstellung: Stelletta, Feller (Teixeira 79') , Guthleber, Grégoire, Zydko, Sabotic, Ramdedovic (Da Cruz 64'), Binsfeld, Fiorani, Reichling (Andres 71'), Zewe.

Gooler: 0:1,0:2 Bensi, 1:2 Sabotic, 1:3 Rani, 1:4 Hornuss.

13-09-2012

Neien Member am Comité

Den UN Käerjéng'97 ass frou Ierch mat zedeelen das de Marc de Bernardi neien Member vum Comité ass. Hien war schon an der Jugendkommissioun aktiv. Ab 1.1.2013 iwerhellt de Marc Successioun vum René Hames als Responsablen vun de Buvetten.

12-09-2012

UNK - CS Fola

De Match vum 5 Spilldaag an der BGL-Ligue tëschend dem UN Käerjeng'97 an dem CS Fols Esch gëtt den Sonden 16. September um 16:00 um Käerjenger Dribbel gespillt.

Arbitrage: Reisch-Tropeano-Carlos

Balles de Match: M. Michel WOLTER / M. Frank PIRROTTE

12-09-2012

Merci

De Präsident vun der Jugendkommission seet allen Leit MERCI, déi de ganze Weekend um Site eng Hand ugepaakt hunn a geschafft hunn.
Awer och viirdrun an duerno as e Megejob gemaat ginn.
Merci eisen Cadeten a Junioren dass si en Daag investéiert hunn, et soll net hire Schued sinn.
 
Grousse MERCI un Sponsoren an och Gemeng Käerjeng matt hiren Aarbechter a Portieren.
 
Och dunn  wéi ech out of order war hunn déi Responsabel zu 150% bewisen dass op si Verlooss as.
Matt där Réckendeckung an deem Engagement well ech gären d'Editioun 21 an Ugreff huelen.
 
MERCI, MERCi,MERCi
10-09-2012

Fir 5€ mam Bus ob Woltz

Mir spillen Samschdes den 22 September um 18:00 Auer am Kader vum 6 Spilldag beim FC Wolz. Depart um Käerjenger Dribbel ass um 15:00 Auer. Et sinn nach 20 Plazen fräi! Den Depart zu Wolz ass géint 21:00 Auer. Avis aux amateurs. Umeldung bis den 20.09.2012 um 621 18 57 97 oder (Muller Emile)

10-09-2012

Bubbles 'n more Jugendcup

Hei fand Daer Fotoen an Impressiounen vun 3 Deeg Jugend-Cup. Foto

10-09-2012

Fotoen vun den Pupilles vum JC2012

09-09-2012

Bubbles n' more Jugend-Cup 2012

Den dretten n leschten Daag vum Bubbles 'n more Jugedcup 2012 ass eriwer. Haut hun net manner wei 23 Pupilles-Ekippen gespillt an et gouf ganz groussen Fussball gewisen. An Kreinung vum Weekend war dass eis Jongen an enger spannender Final mat 2:1 geint den RFCU Letzbuerg gewonnen hunn. Op der dretter Plaatz stoungen zum Schluss eis Noper vum Progrès Niedercorn.
En decken MERCI geet vum UN Käerjéng, der Jugend Komissioun an dem Organisations-comité un dei vill Leit dei die 3 Deeg hei geschaft hun, well ouni dei vill fleisseg Hänn sou een flotten Tournoi net meiglech.

08-09-2012

Bubbles 'n more Jugendcup

Dei zwee eicht Deeg vum Bubble 'n more Jugendcup 2012 sin gespillt. Geschter um Freiden ass et mam Bambinis-Tournoi ugangen deen vum CS Fola gewonnen gouf, d'Jongen vum UN Käaerjéng koumen ob dei 6. Platz.
Duerno war dann dei offiziel Ouverture wou den Nico Ralinger, Michel Wolter an Emile Muller hier Rieden gehal hun. Owes huet den Christian du coin an Zumba Chiccas fir gudd Stemmung gesuergt.
Haut war et dann un den Minimes an Poussins. Bei herllechem Wieder hun 30 Ekippen an den 2 Kategorien gespillt. Bei den Minimes konnten sech d'Jongen vunm 1 FC Kaiserslautern gewonn, op dei zweeten Plaatz koum den RSC Anderlecht virun der U13 Formatioun vun der FLF. Eisen UN Käerjeng koum op dei 11 Plaatz.
Bei de Poussins konnten sech ebenfalls Spiller vum 1 FC Kaiserslautern an daat virun dem BVB Borussia Dortmund an der Eintracht Trier. Bescht Letzeboiesch Ekipp war den UN Käerjeng op der 5. Plaatz. Dei zweet Ekipp koum ob dei 15. Plaatz. Muer geet et dann weider mam Pupilles-Tournoi.

06-09-2012

Nouveaux Sponsors

L’U.N. Käerjéng ‘ 97 est fier et heureux de pouvoir compter comme nouveaux sponsors sympathisants:
 
- la société AREA IMMO, ayant son siège social à L-4955 BASCHARAGE, 22 rue des Roses, spécialiste en toutes opérations d’achat, de vente et de location immobilières
 
- la société YILESTE, établie à L-1670 SENNINGERBERG, 63 Gromscheed, dont l’activité consiste en la distribution en gros de produits textiles, de bijoux ainsi que d’appareils électroménagers et dont la “fashion wear” (vêtements de marque) distribuée peut être achetée au magasin EXTRA BOLD SHOP située à L-1930 LUXEMBOURG, 24, avenue de la Liberté.

Bubbles n
06-09-2012

Bubbles n' more Jugend-Cup 2012

Programme du Tournoi / Spielprogramme

Prolongation
04-09-2012

Prolongation

 

L’U.N. Käerjéng’97 est heureux d'informer que son joueur Alessandro FIORANI, formé au club et symbolisant à merveille le "made par UNK", a prolongé son contrat le liant au club pour les trois prochaines saisons. Alex, malgré son jeune âge est d'ores et déjà un pilier de l'équipe, occupant avec autorité et panache le couloir soit dans une position défensive soit dans un rôle offensif et brillant par son intelligence de jeu, son engagement et sa force de percussion.

Ce renouvellement de contrat portant sur le long terme souligne de nouveau l'ambitieuse politique sportive de l'UNK visant à disposer à l'horizon 2017 d'une équipe hautement compétitive composée de joueurs issus de son propre sérail, respectivement de jeunes joueurs sélectionnables recrutés et qui dans le cadre épanouissant que leur offre l'UNK peuvent progresser tranquillement en vue d'atteindre la plénitude de leur Talent.

 

02-09-2012

Pupilles wannen den Tournoi

An engem Tournoi zu Mäertert/Waasserbëlleg gin eis Pupilles mat enger Gooldifferenz vun +20 souverän déi éisch.

31-08-2012

Match amical

Den Testmatch Haut géint den CS Gréiwemaacher geet mat 2-3 verluer. Eis Gooler hu geschoss: Zéwé an Andres. Den 25.11.2012, um 13. Spilldag dréine mir den Spiiss dann einfach ëm.

31-08-2012

Bubbles 'n more Jugendcup

Nächste Weekend as et nees esou wait.

Den Organisatiounscomité matt un hirer Spetzt de Buergermeeschter Michel WOLTER organiséieren den 20. Jugend-Cup um Käerjenger Dribbel.

D’Jubiläumseditoun fend statt ennert dem Numm „Bubbles’n More Jugend-Cup 2012“.

64 Equipen aus 4 Natiounen bidden de ganze Weekend Fussball op engem héigen Niveau.

Vun e Freiden 17:30 un rullt de Ball bis e Sonnden den Owend 18:00.

Bayern München an Borussia Dortmund, FC Metz an AS Nancy-Lorraine, RSC Anderlecht an CS Sedan, 1. FC Kaiserslautern an FC Saarbrücken an nach vill aner Topequipen komme gären op Käerjeng fiir sech hiren fans zu Letzebuerg ze weisen.

Freides owes ab 21:00 Auer grouus Opening Party mamm DJ Chrescht du Coin an den Zumbachicas

Fiir Ambiance as also beschtens gesuergt.

De genaue Programm fand diir ennert http://www.un-kaerjeng.lu/Bubbles%20n%20more%20Jugend-Cup%202012.html

Fotoen vun der Editioun 2011: http://www.un-kaerjeng.lu/galeries.html

 

Ticketen am Viirverkaaf ginn et an eiser Buvette am Container während den Trainingsseancen.

 

Mir gesinn eis de Weekend vum 7. – 9. September um „Bubbles’n More Jugend-Cup“

29-08-2012

Testmatcher bei der Jugend

Eis Cadets U17 hun leschten Freiden mat 1-4 (1-0) géint d'Fola Esch verluer, eis Juniors U19 klappen deen selwechten Géigner gëschter Owend mat 4-3 (1-2).
Haut den Owend um Käerjenger Dribbel dann spillen eis Minimes U13 um 18.30 Auer géinz d'US Lexy (F) een éischten Testmatch.

Transfert de Pit HESS
29-08-2012

Transfert de Pit HESS

L' U.N. Käerjéng’97 est heureux d'annoncer le transfert de Pit HESS  avec effet au 1 janvier 2013.

Pit, né le 17.1.1992, figure sans conteste parmi les joueurs les plus prometteurs et talentueux de sa génération. Pit est un défenseur polyvalent ayant joué plus de 50 matchs pour les différentes sélections nationales U et il est actuellement un pilier incontournable de l'équipe luxembourgeoise des U21.

Pit a été formé comme Gilles BETTMER au renommé club allemand de Freiburg et a intégré cette saison le cadre de l'équipe fanion de l'Eintracht Trier. Il a signé un contrat pour une durée de 3 ans. Ce recrutement de choix  souligne de nouveau la politique sportive de l'U.N. Käerjéng’97 tendant à miser sur des jeunes joueurs luxembourgeois au potentiel avéré qui ne demande qu'à éclore au haut niveau.

Nouveau Partenaire
27-08-2012

Nouveau Partenaire

L’ U.N. Käerjéng’97 est heureux d’annoncer de pouvoir compter comme nouveau partenaire la réputée société You-Foot / Sita Software S.A. - 220 av de la Liberté L- 4602 Niederkorn.
C’est un partenariat unique et innovant conçu par un inconditionnel du football pour remplir les stades !
Le principe est simple : vous sélectionnez votre club et le match que vous voulez voir et vous pouvez alors gagner votre billet, en cochant la bonne réponse à la question relative au sponsor. Si aucun billet sponsorisé n'est plus disponible, vous pouvez acheter en ligne votre (vos) place(s) pour le match choisi.
Site Web:
http://www.you-foot.lu/fr/

25-08-2012

FC Kanech-U.N. Käerjeng 97 3-1 (0-0)

 

Am 4. Match gëtt et déi 2 Nidderlag fir dës Saison. Virun 190 Leit déi bezuelt hunn sinn mir an 49' duerch een Elefmeter vum Ernad Sabotic a Féierung gaangen. Den 1-1 duerch den Ferreira an der 66' ass och op Eelefmeter hin gefall. Den 2-1 fir Kanech schéisst a der 73' den Kalabic a den 3-1 an der 77' schéisst den Cravo. An dem Match gouf et op Kanecher Säit 2 rout Kaarten ( 46' Moreira an 54' Del Globo) a op eiser Säit huet den Jeff Feller an der 66' Giel/Rout gesinn.

Eis Ekipp: Winckel, Zydko, Guthleber, Binsfeld, Feller, Sabotic, Andres, Reichling, Teixeira, Fiorani (Loes), Zewe.

Lo ass Paus bis den 16 September a dann heescht um Käerjenger Dribbel den Géigner Fola. 

 

24-08-2012

Charte Fair-Play & Respect

23-08-2012

FC Canach-U.N. Käerjéng'97

De Match vum U.N. Käerjeng'97 geint den FC Jeunesse Canach desen Samsden um 17:00 zu Canach gett geleed vun den Hären Kopriwa-Faria Monteiro-Portela de Assua.

23-08-2012

Trainer Schulung am Kader vum Projet U.N. Käerjéng 2017

Sonndes den 23ten September vun 09:30 aus un maachen mir eng Trainer Schulung Thema Laf Koordinatioun, ganz wichtegt Thema an der Ausbildung vun onsen Jugend Spiller, den Carsten Effertz den ons och s2s presentéiert huet, kennt ons eng Demo maachen mat Video ,Theorie an prakteschen Übungen um Terrain.

19-08-2012

2:2 bei Temperaturen vun 37°C

Den UN Käerjeng'97 an den FC Deifferdeng'03 spillen 2:2 glaich.

Opstellung: Winckel, Fiorani, Guthleber, Binsfeld, Zydko, Andres (Stumpf 90'), Sabotic, Teixeira (Loes 84'), Feller (Brix 59'), Reichling, Zewe.

Gooler: Teixeira   1:0
            Bettmer  1:1
            Piskor     1:2
            Zewe      2:2
Fotoen vum Match: http://sport.rtl.lu/fotoen/sportfotoen/11297/overview?back=/fotoen/sportfoto

17-08-2012

UNK'97 geint FCD 03

Desen Sonden spillen maer um 16:00 geint den FC Deifferdeng 03.

Arbitrage: Durieux - Pires - Bras          

Balles de Match: Mika ARENDT an Noelia NOEL

Coupe Felix Binsfeld
15-08-2012

Coupe Felix Binsfeld

Haut hunn mir zu Ierpeldeng 2 Matcher am Kader vun der Coupe Felix Binsfeld gespillt.
Ierpeldeng-U.N.'97 0-2 (Goaler: Andres an Reichling); Etzella-U.N.'97 0-1 (Teixeira).

12-08-2012

2:0 geint den Progrès

Den UN Käerjéng'97 wennt mat 2:0(0:0) geint den Noper vun Nidderkuer.

Opstellung UNK: Winckel, Feller, Guthleber, Grégoire, Zydko, Binsfeld, Andres (Brix 85'), Sabotic (C), Reichling ( Teixeira 75'), Zewe (Piron 81'), Fiorani.

Gooler: 46' Fiorani, 79' Sabotic (11m)

11-08-2012

Ännerung Match Juniors U19

De Match vun eisen U19 geint Metz gett net um Woiwer gespillt mais um 15:00 zu Uewerkuer um neien Stadion.

Dernières News

15-06-2013

MERCI

Gëschter an eiser sinn Leit ,...
15-06-2013

Assemblée Générale 2013

Ganz vill Leit haten de Wee an eis...
14-06-2013

Seniors III

De Championnatsmatch vum 15.6.2013...
13-06-2013

Nouveau sponsor symphatisant

L’U.N. KAERJENG ‘ 97...
13-06-2013

Nouveau sponsor symphatisant

L’U.N. Kaerjeng ‘ 97...
13-06-2013

Merci Jos !

Well de Jos Stropek muer net op ka...