Äddi Jos Bloes...


09 February 2016

Dënn U.N. Käerjéng’97 ass an Trauer.

Et ass bal kengem säin Numm sou verbonnen, wann een un dënn F.C. Jeunesse Hautcharage denkt, wéi dënn Numm Jos Bloes. Am Alter vun 90 Joer ass dënn Jos vun eis gaangen. Dënn F.C. Jeunesse Hautcharage huet dem Frënd Jos, deen als Spiller (vu 1946 un), als Caissier (1954-1993), deemno bal 40 Joer laang, an als Sekretär (1989-1991) an dono als Comitésmember an am Supporter-Club dem F.C. Jeunesse Hautcharage ëmmer gedingt huet, vill ze verdanken.

Dënn U.N. Käerjeng huet een gudden Mënsch verluer, een Mënsch deen ganz vill Aarbecht fir dënn Fussball gemaach huet. Als MEMBRE D'HONNEUR A VIE huet hien ëmmer dënn Veräin ënnerstëtzt, an war praktesch all Heem Match mat um rendez-vous fir eis Jongen ze ënnerstëtzen.

Mir sinn alleguerten traureg an dankbar fir alles wat ‘s du fir dënn Fussball an der Gemeng gemaach hues. Merci Jos, Rou an Fridden. Dengem Jong, dem Paul, Comitésmember vum U.N. Käerjeng, an der ganzer Famill drécken mir eist häerzlechst Bäileed aus!

Äddi Léiermeeschter.