Am Check: HESS Pit, dënn Kapitän


12 August 2015

Numm a Virnumm…

Nom et prénom…

HESS Pit

Alter, Nummer, Positioun…

Age, numéro, position…

23 Joer / 5 / IV

Ech spille fir den UNK, well…

Je joue pour l’UNK, parce que…

Eng gudd Atmosphäre am Klub ass, an ech mech mam Klub identifizéieren

Wann ech Profi kéint ginn, dann…

Si je pouvais devenir joueur pro, je…

Willt ech eng Kéier op der „Enfield Road“ am Trikot vun Liverpool alaafen

D’Jugendaarbecht an engem Klub ass…

La formation des jeunes dans un club, c’est…

Daat wichtest iwerhaapt fir dass och kleng Klib iwerliewen

Mäi Lieblingsklub / Lieblingsspiller:

Mon club / joueur préféré:

Dortmund / Liverpool FC / Hummels /Gerrard

Fairplay gehéiert zum Sport, wéi…

Le fairplay fait partie du sport comme…

Bofferding op Kaerjeng

Benevolat ass…

Le bénévolat est…

zumols an Klib wéi dem UNK wichteg fir dass alles klappt an den Klub bestoen kann

Meng Famill ass fir mech…

Ma famille, c’est…

Mat dat wichtest, an verbrengen gaeren Zait mat hinnen.

Meng Vakanzen/mäi Congé verbréngen ech am léifsten zu…

J’aime passer mes vacances/mon congé à, au,

An den Bierger fir Ski ze fuerenoder aner Outdoor Sportarten an fir gud z’iessen an ze drenken.

Mat menge Kollege ginn ech am léifsten…

Avec mes potes, on aime sortir…

An d’Aalstadt eppes gemittlech drenken.

Laache kann ech iwwer…

Je peux rire de…

Baal alles, zmools mat mengen beschten Kollegen.

Meng Stäerkten…

Mes points forts…

Respektvoll um Terrain, eng gesond Agressivitéit / Durchsetzungsverméigen / hellefsbereet an meechtens gudd gelaunt.

Meng Schwächten…

Mes faiblesses…

Heiansdo ongedëlleg, an verschidden Sachen lichtsenneg

Wann ech fir een Dag eng aner Persoun kéint sinn, da wier ech…

Si je pouvais être une autre personne pour une journée, je serais…

Den Jan Olsson oder den Marcel Hirscher an kinnt mat en Ski Welt bereesen

Déi gréissten Erfindung ass…

L’invention la plus importante, c’est…

Energiegewennung, well waat gif d’Welt haut ouni Energie machen

Wann ech eppes un der Welt äennere kéint, da géif ech…

Si je pouvais changer quelque chose au monde, je…

Alleng kann een net vill änneren, do musse en schon zu vill sinn

Politik ass fir mech…

Pour moi, la politique, c’est…

Eppes wichteges wou een sech oft muss driwer opreegen

An der Schoul war ech/sinn ech…

A l’école, j’étais/je suis…

Net esou schlecht …. An bis elo klappt daat nach emmer