Den Weekend bei der Jugend


19 September 2016

Et war den 1. Spilldaag fir eis Jugend.

Eis Juniors spillen doheem 0-0 géint d’US Remëleng.

Duerch Goaler vun Max LAMESCH an Alessandro DE CAROLIS gewannen eis Cadets mat 2-1 doheem géint d’UNA Strossen, loossen awer nach en puer gudd Goalchancen ongenotzt.

Och een positiven Optakt fir eis Scolaires I, déi doheem mat 2-0 géint Stengefort gewannen (Goaler duerch David TEIXEIRA an Timothé RUPIL). Eis Scolaires II mussen sech leider mat 0-2 dem CSO geschloen gin.

Am Derby zu Kéinzeg gewannen eis Minimes I duerch Goaler vun Luca LABALESTRA, Adulai DJABI an Daniel PEREIRA (2x) ënnert hiirem Trainer Roland COOS mat 4-0 . Eis 2. Equipe bei den Minimes huet 3-0 Forfait zu Remëleng gewonnen.

Och bei den Poussins I huet eisen Géigner vun der Jeunesse Esch leider keng Equipe zesummenkritt, eus Poussins II gewannen mat 7-1 géint den FC Mamer 32.

Eis Pupilles I gewannen mat 4-3 zu Monnerech während eis Pupilles II mat 1-17 zu Käerch en bëssen méi een saueren Samschden-Nomëtten haaten.

D’Bambinis vum UNK hun um Mini-Tournoi zu Habscht Deel geholl (UNK-Aischdall 1-1 & UNK-Kehlen 5-0).

Mir wënschen Ierch all een schéinen Start an déi nei Woch.