Den Weekend bei der Jugend


07 November 2016

Eis Juniors klappen an der Coupe du Prince d’Rupensia Larochette mat 11-0 an stin domadder verdingt an der 1/8 Finale. Hei waarden mir elo gespaant op d’Auslousung vun den Matcher.

Gefreet huet et eis, den Tom OTTELÉ bei der Equipe ze gesin (Photo). Den Tom haat sech am September d’Wuedenbeen gebrach an as operéiert gin. Heen krut vum Veräin een Trikot mat sämtlechen Ënnerschrëften vun allen UNK-Spiller iwerreegt.



Och eis Cadets konnten sech duerchsetzen. Géint d’Reserve-Equipe vum F91 Dudelange gewannen eis Jongen duerch Goaler vun Max LAMESCH (3), Luca MORBIDELLI (2), Loris DE LORENZI, Gianluca FUMAROLA an Bo KELSEN mat 8-0 an kënnen sech weider un der Spëtzt vun der Tabell behaapten. Hei bleift als grousst Ziel den Opstieg an 2. Klass am Wanter.



Och een Heematch gouf et fir eis Scolaires. An der Coupe gewannen hei eis Jongen en Samschden mat 2-1 géint den FC Erpelange 72. D’Goaler vum Rodrigo DUARTE an Luca RECCHIA sin duergaangen fir sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren. Bravo un d’Equipe an den Trainer.

Fir eis Minimes as et leider net duergaangen . Sie scheeden aus der Coupe des Minimes aus, dëst no enger 1-5 Néierlaag géint den FC Differdange 03. Hei huet schon an der 1. Halschent den UNK leider mat engem Feldspiller am Goal missten weiderspillen, well den Dylan BLEIMLING sech verletzt huet. Och eisen aaneren Goalkeeper bei den Minimes, den Luca GATTI huet sech während der Woch blesséiert. Hinnen 2 vun dëser Säit aus eng gudd Besserung gewënscht. Den UNK II bei den Minimes huet iwerdeems an engem Frëndschaftsmatch géint d’Jeunesse mat 1-7 den Kiirzeren gezunn.



Eis Poussins hun den Weekend genotzt fir een Trainings-Frëndschaftsmatch géint eis Pupilles ze spillen, während eis Bambinis een Match géint den FC Kehlen gespillt huet. Och hei as deemno gudd geschafft gin iwert den ganzen Weekend.



Bis dohin, wënschen mir een gudden Start an déi nei Woch an denkt drun….et gët Wanter. Waarm undoen um Training an hannert der Clôture.