Den Weekend bei der Jugend


30 January 2017

Vollen Programm dësen Weekend fir all eis Equipen an eisen ganzen Trainerstaff vum UNK!



Eis Juniors U19 verléieren an engem gudden an intensiven Préparatiouns-Match géint den RFCU Luxembourg mat 1-2. Bis zur 80. Minutt stoung et nach 0-0, zum Schluss dann déi 3 Goaler (Goal fir den UNK duerch den Kai SPELLER).

Eng batter Lektioun gouf et fir eis Cadets U17, déi no enger schwaacher Leeschtung um Freiden den Owend mat 2-8 hiiren Test-Match géint den F91 Diddeléng verléieren.



Eis U15 bis U7 Equipen waren och den ganzen Weekend iwer um Tournéier vun der ES Clemency am Asaatz woubäi eis Pupilles U9 den Tournoi konnten gewannen. Bravo un all eis Equipen mat all hiiren Trainer fir den Asaatz iwert den ganzen Weekend um Tournéier bei eisem Noper.



Eis Pupilles U9 (Photo, 4. Plaatz vun 12 Equipen) an Minimes U13 waren ausserdeem och zu Moutfort op engem Tournéier aktiv. Hei gewannen eis U13 am Match fir 3. Plaatz vun 12 Equipen mat 3-2 géint Schëffleng am Elefmeterschéissen.



Dann stoung awer och den Futsal Championnat vun der FLF um Programm. Hei as et leider fir eis Minimes U13 net guergaangen fir sech ze qualifizéieren, eis Jongen hun net richteg Fouss gefasst bei dësem Tournéier an konnten deemno hiir gudd Leeschtungen aus deenen leschten Woch net confirméieren. Kapp héich, nächst Joër geet et besser!

Eis Pupilles U9 (1. Plaatz zu Mäertzeg) an Poussins U11 (1. Plaatz zu Monnerech) hun et besser gemaach an sech zweemol souverän fir d’Halleffinallen vum Futsal qualifizéiert! Dëss Halleffinallen gin den Weekend vum 11./12. Februar gespillt. Hei waarden mir elo op d’Auslousungen. Bravo un all d’Jungs an hiir Trainer.



Dann waren iwert den Weekend awer och 30 Bénévoler vum UNK-Jugendstaff bei der Cyclo Cross WM “Bieles 2017” am Asaatz. Hei hun déi 30 Fräiwelleg UNK-Leit een top Job geleescht an dozou bäigedroen dass deen ganzen P&R zu Éilereng reibungslos funktionnéiert huet! Villmols Merci un jidder Eenzelnen deen den Weekend eng Hand mat ugepaak huet!



En Samschden geet et weider, ënner Aanerem mat der Halleffinale vum Futsal bei den Scolaires ab 09.00 Auer um “Käerjenger Dribbel”.



Mir wënschen een gudden Start an déi nei Woch!