Eis Scolaires an der Finale vum Futsal 2018


02 March 2018

Eis Scolaires U15 stin an der Finale vum Futsal-Championnat 2017-2018.

Muër den Moien kämpfen eis Jongen ab 09:00 Auer an der Sportshaal zu Useldéng ëm den Titel vum Haalenmeeschter 2018. Hei kënnt et zu spannenden Dueller géint Sporting Mertzig, RFCU Luxembourg, Etzella Ettelbruck, F91 Dudelange an FC Differdange 03.

Mir wënschen eisen Jongen an dem ganzen Trainer-Staff vill Gléck an allen Zuschauer an Elteren déi den Wee op Useldéng maachen eng haard Stëmm beim Ufeieren!

#vamosunk