Eis U19 an der 1/2 Finale!


21 March 2018

Eis Juniors U19 qualifizéieren sech fir 1/2 Finale an der Coupe du Prince!

An engem gudden an intensiven Match gewannen eis Jongen mat 3-2 zu Dikkrech. Direkt no 12 Sekonnen sin d'Young Boys an Féierung gaangen. Eis Jongen hunn Drock gemaach bis zur Paus, sin awer mat dësem (onverdingten) Rëckstand an d'Vestiaren gaang.

Direkt nom Wiessel huet den UNK direkt erem den Toun ugin, as leider awer erem kaal erwëscht gin. Dikkrech as mat 2-0 a Féierung gaangen. Elo as alles oder näischt gespillt gin an mir sin duerch een Goal vum Kevin D'ANZICO op 1-2 erunkomm. D'Jongen hunn den gudden Rhytmus bäibehaalen, weiderhin Drock gemaach an sin mam Ausgläich belount gin (Kim GELHAUSEN). Elo wollt eis Equipe alles an effektiv geléngt den 3-2 kuerz virun Schluss mam 2. Goal vum Kim GELHAUSEN. 

Eng Equipen-Leeschtung déi gëschter bewisen huet, dass eng gudd Moral heiansdo déi puer Prozent méi aus Jidderengem kann eraushuelen!

Elo sinn mer gespaant géint ween et an der Hallef-Finale geet. Gespillt gët Dënschdes, den 10. Abrëll um 19:30 Auer!

VAMOS UNK!