Generalversammlung UNK


27 June 2015

Gëschter Owend war Generalversammlung vum UNK an der Buvette wou dënn Sall gerammelt voll war. Dënn President ass ënner anerem am Detail op Saison 2014/15 agaangen iert dënn René Hames dënn Rapport vum techneschen Sekretär virbruecht huet. Nodeem dass dënn Steve Hengesch als President vun der Jugendkommissioun dënn Aktivitéits bericht virgedroen huet war et um Claude Heinz aus eiser Direction sportive fir am Detail ze soen wat am Jugendberäich 2014/2015 alles gelaf ass. Et sinn 3 nei Kandidaturen fir dënn Comité do gewiescht wou riwwer dënn President sech gefreet huet an Generalversammlung huet per Akklamatioun, Hären Jim Thomes, Marc Lambert an Marc Longhino ugeholl. Dënn Trainer Angelo Fiorucci huet no engem klengen Réckbléck an Ausbléck déi nei Spiller fir Saison 2015/2016 virgestallt. Et sinn ganz vill Merci'en ausgeschwat an Éierungen virgeholl ginn iert et um Sportschäffen Richard Sturm war fir Wuert un Versammlung ze riichten. Dënn Schäffen huet ënnert anerem dënn neien Terrain deen lo gebaut soll ginn virgestallt huet.