Gutt Besserung Tom!


21 September 2016

Eng traurëg Nouvelle as leider den Moien beim UNK agetraff.

Eisen Nowuess-Goalkeeper Tom OTTELÉ huet sech gëschter Owend bei engem Match vun der Lëtzebuerger FLF U19 zu Saarbrécken d’Wuedenbeen gebrach.

Ob eng Operatioun néideg as, gët den Tom an deenen nächsten Deeg gewuer.



Mir op allefall als ganz UNK-Famill mat all eisen Memberen, Trainer, Spiller an Supporter wënschen Dir Tom, vill Courage an dëser schwéierer Zäit an mir sin sëcher: Du kënns nach méi staark zeréck!