*** SUPPORT OUR SPONSORS ***


30 April 2020

Déi sougenannte Corona-Kris trëfft net nëmmen eis als Veräin mä och eis Sponsoren! 
Mär froen Iech als Veräin keng finanziell Ënnerstëtzung, mä hëlleft eise Sponsoren dës schwéier Zäit z'iwwerstoen, sou dass si den U.N. Käerjeng '97 och an Zukunft weider ënnerstëtze kënnen. Ouni eis Sponsoren ass et als Veräin net méiglech gutt an erfollegräich ze schaffen an eise Projet weider ze fërderen!

Zesumme si mär staark, zesumme packe mär dat! ðŸ’ªðŸ¤Â

An den nächsten Deeg stelle mer Iech nach eis weider Sponsoren a Partner vir.

Där sidd nach net Sponsor oder Partner vum UNK, wëllt eis awer an Zukunft ënnerstëtzen, da mellt Iech bei eis: sponsoring@un-kaerjeng.lu

Zesumme fannen mer déi optimal Formule fir Iech, sief dat geziilt fir eis exemplaresch Jugendaarbecht, eis Senioren oder de Veräin ganz allgemeng ze fërderen. ðŸ‘ðŸ»


#vamosunk