RFCUL - UNK


09 December 2023

Leschte Match vun der Hironn!
 
Fir de Kont vum 15. Spilldag an der BGL Ligue reest eis Ekipp dëse Sonnden op de Verluerekascht wou et géint de Stadter Racing geet.
 
No de gudde Resultater an de leschte Woche wäert eis Ekipp och am leschte Match vun der Hironn alles dru setze fir dëse positiven Trend mat an d'Wanterpaus ze huelen.
 
Dofir brauche mer natierlech rëm déi ganz Ënnerstëtzung vun eisen treie Supporter a Fans. Dofir alles op de Verluerekascht!
 
All zesumme fir den UNK!
 
#vamosunk