Äddi Romain


11 February 2024

Den UNK muss iech leider matdeelen, dass de Romain Schoder eis fir ëmmer verlooss huet.
 
Als Spiller an Trainer bei der Jeunesse Hautcharage war de Romain beim historesche Gewënn vun der Coupe de Luxembourg 1971 dobäi an natierlech och bei de Matcher géint Chelsea an der Coupe d’Europe.
Och an de Joren dono war de Romain ëmmer en treie Supporter vun der Jeunesse Hautcharage a vum UNK.
 
Mär drécken der Famill an de Frënn vum Romain eist déifste Matgefill aus.
 
Zum Gedenken un de Romain Schoder an un de John Erpelding spillt eis Ekipp de Mëtten mat Trauerflor.