Duebëlen Fair-Play-Präiss fir eis Jugend
22 September 2016
Den UNK as um Dënschden den Owend zweemol op der FLF zu Monnerech mam Fair-Play-Präiss ausgezeechent gin.
Bei den Kategorien Juniors U19, Cadets U17 an Scolaires U15 gin all Joër vun der FLF déi 3 fairsten Equipen ausgezeechent.
Duerch d'Behuelen vun Spiller, Trainer, Elteren an Veräin, d'Verhaalen an den Respekt vis-à-vis vum Arbitter an duerch d'Unzuel vun gielen an rouden Kaarten ermëttelt d'FLF no all Saison séng Top 3 an deenen 3 verschiddenen Kategorien.
Den UNK as houfrëg drop, dëst Joër an der Kategorie Juniors U19 an Scolaires U15 zu dësen Top 3 dierfen ze gehéieren.
Folgend Veräiner goufen geéiert:
U19: Entente Medernach, AS Colmarberg & UNK
U17: Entente Harlange, Entente Norden & Alisontia Steesel
U15: Union Mertert/Wasserbillig, UNK & Entente Grengewald
Félicitatioun un all eis betraffen Spiller mat hiiren Trainer an virun allem: Weider esou!