*** 50 Joer - F.C. Jeunesse Hautcharage Coupe de Luxembourg ***


05 June 2021

Haut sinn et op den Dag genee 50 Joer hir, dass den F.C. Jeunesse Hautcharage d'Konschtstéck fäerdeg bruet huet fir d'Coupe de Luxembourg ze gewannen! Dëst war deemools ëmsou méi eng Sensatioun well den Uewerkäerjenger Veräin déi Saison nach an der 1. Divisioun gespillt huet, also 2 Divisiounen ënnert der grousser Escher Jeunesse, déi si an der Finale mat 4-1 schloe konnten!

An der Finale huet den F.C. Jeunesse Hautcharage gespillt mat:
FUSULIER Luss (GK), POOS Jean-Pierre, WELSCHER Edy (C), SCHODER Romain, FELTEN Fernand, WELSCHER Jean-Pierre, KISCH Pitt, WELSCHER Lucien, KLEIN Marcel, THILL Guy, KAISER Romain
Deemools gouf et just e Wiessel wann e Spiller sech blesséiert hat.

Goler hu geschoss:
12' 0-1 LANGER, 71' 1-1 KLEIN, 92' 2-1 WELSCHER E., 96' 3-1 KISCH, 115' 4-1 KLEIN

De Parcours fir d'Coupe ze gewanne war:
3. Ronn: F.C. Jeunesse Hautcharage (1) - Red Black Pfaffenthal (1) 2-0
4. Ronn: F.C. Jeunesse Hautcharage (1) - Racing Rodange (1) 3-0
1/8-Finale: F.C. Jeunesse Hautcharage (1) - US Rumelange (ND) 0-0 n.V. & 3-1 (Widderhuelungsmatch)
1/4-Finale: F.C. Jeunesse Hautcharage (1) - Chiers Rodange (1) 2-1 & 1-0 (2 Matcher)
1/2-Finale: Union Luxembourg (ND) - F.C. Jeunesse Hautcharage (1) 1-1 & 0-1 (2 Matcher)
Finale: F.C. Jeunesse Hautcharage (1) - Jeunesse Esch 4-1 n.V.

Chapeau där Häre fir déi sensationell Leeschtung op déi mer och haut, 50 Joer méi spéit, nach ëmmer immens houfreg sinn!

#vamosunk #coupedeluxembourg1971 #fcjeunessehautcharage

Foto: Facebook, Grupp "Uewerkäerjeng"
Statistiken: Fussball Luxemburg - http://www.fussball-lux.lu