*** Äddi Petz ***


20 April 2021

Den U.N. Käerjeng '97 huet déi traureg Flicht Iech matzedeelen, dass de Patrick Lamesch eis gëschter fir ëmmer verlooss huet.

Mam Petz verléiert den UNK e richtege Veräinsmënsch, deen iwwerall eng Hand ugepaakt huet, sief dat als Member vun der Jugendkommissioun, op eise Manifestatiounen, an der Buvette a beim Grill oder och op der Nikloosfeier. Mam Petz verléiere mär awer och e léiwen a joviale Mënsch a virunn allem e gudde Frënd! De Petz war op all Match, wou heen den UNK, a virunn allem säi Max houfreg ugefeiert huet!

De ganzen UNK dréckt dem Max, dem Micky an der ganzer Famill säin häerzlechst Bäileed aus!