
*** Bulli-Box @home by UNK ***
D'Spiller an de ganze Staff vun der 1. Ekipp preparéieren a liwweren iech de 6. a 7. Mäerz 2021 e gudden, hausgemaachen Ierzebulli (an der Box mat Gedrénks an Amuse-bouche) bei iech heem!
D'Hallschent vum Erléis spende si un d'Jugendtrainer vum UNK fir déi fantastesch Aarbecht, déi si déi lescht Wochen (wéi soss natierlech och) am Déngscht vun de Kanner leeschten!
3 verschidde Bulli-Boxe kënne reservéiert ginn :
Bulli-Box « Béier » fir 15€:
1 x IERZEBULLI – 2 x Apero-Rohesser – 2 verschidde Käerjenger Béier
Bulli-Box « Crémant » fir 15€:
1 x IERZEBULLI – 2 x Apero-Rohesser – 1 (kleng) Fläsch Crémant
Bulli-Box « Kanner » fir 10€:
1 x IERZEBULLI – HARIBO – 1 Capri-Sonne
Apero-Rohesser a Käerjenger Béier vun eisem Sponsor a Partner Salaisons Meyer
Reservéierunge just iwwert bulli@un-kaerjeng.lu oder iwwert folgende Link : https://form.jotform.com/210393112063341
Confirmatioune vun der Reservéierung & Informatiounen iwwert d’Bezuele kritt der da per Mail zougeschéckt.
D’Boxe gi samschdes a sonndes de 6./7. Mäerz tëschent 11.00 an 13.00 Auer bei iech heem geliwwert.
#vamosunk