*** Gutt Besserung Ivan ***


03 November 2020

Mär wënschen op dëser Plaz dem Ivan Albanese eng gutt Besserung! Heen ass gëschter mam Meniskus operéiert ginn, opgrond vun enger Verletzung, déi hee sech am Match géint Miersch zougezunn hat. D'OP ass gutt verlaf an den Ivan ass och gudder Deng (Foto riets ënnen)!

No'm Zesummeprall am Match géint Weiler, wou heen ënner anerem d'Nues gebrach an en Zant verluer hat (Foto riets uewen) ass dëst schonn déi zweet schwéier Verletzung fir dës Saison fir den Ivan.

Ivan, profitéier vun der Zwangspaus fir dech gutt z'erhuelen, an da kënns de 2021 nach méi staark zeréck op den Terrain!

Vamos Cascadeur! ;-)

#vamosunk