*** Jeff BESCH - Neien Dammentrainer ***


13 February 2019

Jeff BESCH heescht den neien Dammentrainer.

De Jeff huet 32 Joer, war als Spiller bei der AS a beim FC Déifferdeng, zu Éilereng an zu Nidderkuer aktiv. 2010 huet heen als Dammentrainer zu Nidderkuer ugefaange, wou heen 2011 mat senger Ekipp de Championstitel konnt feieren an Champions League zu Limassol gespillt huet. Mat Nidderkuer war heen och 2mol an der Coupefinall. Dono war heen Trainer zu Mamer, nach eemol zu Nidderkuer an zu Schëffleng.

Den U.N. Käerjeng '97 ass frou sou en erfuerenen Trainer konnten z'iwwerzeegen fir eis deelweis ganz jonk Dammen kompetent z'encaderéieren an ze fërderen.

Wëllkomm beim UNK, Jeff!

Falls du interesséiert bass an eiser Dammenekipp ze spillen, da komm einfach eemol um Training (dënschdes, mëttwochs a freides um 19h30) laanscht a schwätz mam Jeff.

#vamosunk