*** Kee Jugendfussball méi dës Saison ***


01 April 2020

Wéi d'FLF eis den Owend matgedeelt huet, ass d'Saison an ALLE Jugendkategorien definitiv eriwwer.

Desweideren ass och den Nationale Fussballdag de 14. Juni ofgesot.

Mär deelen iech dëst schwéieren Häerzens mat, well den U.N. Käerjeng '97 bekanntermoossen ganz vill Wäert op seng Jugendaarbecht leet.

No'm Tornado ass dëst den 2. schwéiere Coup dee mer dës Saison astieche mussen! Et deet mer als President immens leed fir d'Kanner, awer och fir d'Elteren, fir d'Coachen a fir déi Responsabel aus dem Jugendberäich an der Jugendkommissioun, déi sech souvill Méi an Aarbecht gemaach hunn, déi elo net belount gëtt, an déi elo déi nächst Méint op de Fussball verzichte mussen!

Eis Gesondheet geet awer vir, a wa mer dës schwéier Zäit iwwerstanen hunn, da wäerte mer alleguer zesummen dru schaffen fir weiderhin eng staark a flott Aarbecht fir a mat eise Kanner beim U.N. Käerjeng '97 ze leeschten!

Bleift all gesond, passt op iech op a #vamosunk!!!