*** Miersch - UNK: Match verluet ***


04 October 2020

Et sief drun erënnert, dass de Match de Mëtten an der Éierepromotioun tëscht Miersch an dem UNK wéinst engem positive Covid-19-Fall an der doraus resultéierender Quarantän vun eiser Ekipp net ka stattfannen an op mëttwochs, 14.10.2020 um 20h00 verluet ginn ass.

Dem betraffene Spiller geet et glécklecherweis gesondheetlech gutt!

Donieft huet och de Match vun eise Cadets 2 de Mëtten um 14h00 misse verluet ginn.

Genéisst de Pappendag a bleift gesond!

#vamosunk