*** Neien Trainer beim UNK ***

*** Neien Trainer beim UNK ***

Den U.N. Käerjeng ’97 ass frou Iech haut den David ZENNER als neien Trainer ab der Saison 2019-2020 presentéieren ze kënnen.

Den David ZENNER huet vun 2002 bis 2014 als Jugendtrainer beim U.N. Käerjeng ’97 geschafft an aktiv dozou bäigedroen, dass den U.N. Käerjeng ’97 fir seng gutt Jugendaarbecht bekannt ass. 2014 ass heen als Seniorstrainer op Rodange gaangen. Vun 2016 bis 2019 war heen als Jugendkoordinator fir de ganze Jugendberäich beim U.N. Käerjeng ’97 verantwortlech.

Um Punkt wou den U.N. Käerjeng ’97 sech entschloss huet sech nei ze fannen an opzestellen, an d’Strategie ass fir mat jonken, talentéierten an entwécklungsfäege Spiller ze schaffen, ass den David ZENNER an den Ae vum Conseil d’administration genee dee richtege Mann fir déi Aarbecht, déi heen an der Jugend ugefaangen huet, bei de Seniore weiderzeféieren. An deem Sënn ass eng Zesummenaarbecht iwwer 3 Joer vereenbart ginn.

De weidere Staff wäert zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt gemaach ginn.

Den U.N. Käerjeng ’97 kann och matdeelen, dass all Spiller, déi de Veräin, zesumme mam Trainer, wollt a konnt halen, sech bereet erkläert hunn, dem Veräin trei ze bleiwen an zesummen eppes Neies a Staarkes opzebauen.

De Conseil d’administration vum U.N. Käerjeng ’97.

#vamosunk