*** Trainerstaff ***


22 May 2019

Den U.N. Käerjeng '97 stellt iech haut offiziell säin Trainerstaff fir déi nei Saison vir!

Vu lénks no riets:
BUNK Ralf (Co-Trainer), ZENNER David (Trainer), HERRIG Claude (Golkippstrainer), MUNOZ Tom (Co-Trainer)

Am Kader vun der neier Philosophie vum UNK, déi dorop ziilt fir op jonk, talentéiert an entwécklungsfäeg Spiller ze setzen an engem Maximum vun eegene Jugendspiller eng Perspektiv an eiser 1. Ekipp ze bidden, war et dem UNK wichteg dass de Staff aus Leit besteet, déi aus dem Veräi kommen a sech zu 100% mam neie Konzept identifizéieren.

Dem David ZENNER wäerten dowéinst de Ralf BUNK, Tom MUNOZ a Claude HERRIG zur Säit stoen.

De Ralf ass 2000 als Spiller bei den UNK komm. No 3 Joer als Trainer zu Miersch ass heen 2008 zeréckkomm an huet als Jugend- a Reservetrainer geschafft. Dës Saison ass hee fir d'zweet no 2014 mat eiser 2. Ekipp Champion vu Lëtzebuerg ginn!

Den Tom huet no senger aktiver Carrière déi leschte Jore beim UNK am Jugendberäich als spezifeschen Trainer geschafft.

De Claude geet a seng 3. Saison als Golkippstrainer beim UNK.

Neien Trainer bei der 2. Ekipp gëtt de Jeff BESCH, deen déi lescht Méint bei den Damme fantastesch Aarbecht geleescht huet! Bei den Damme gëtt heen duerch de Lex WOLF ersat, deen déi Aarbecht genee sou gutt weiderféiere wäert.

#vamosunk