*** Training ab nächster Woch nees méiglech ***


30 October 2020

Mär si frou iech kënne matzedeelen, dass ab nächster Woch nees a sämtleche Kategorië vu Bambinis bis Seniors kann trainéiert ginn!

D'Traineren, de Koordinator, eis Kinéen an de Comité hunn zesummen e Konzept ausgeschafft, dat et erméiglecht an aller Sécherheet a Gruppe vu 4 ze trainéieren a sech un der frëscher Loft ze beweegen a seng Frënn ze gesinn.

Iwwert de Weekend ginn nach déi lescht Detailer gekläert an ab e Méinden heescht et dann:
FIT géint de Virus!

Mär si frou, dass d'Regierung et eis erlaabt ënnert strikten, awer ëmsetzbare Konditiounen ze trainéieren. Merci och der Gemeng Käerjeng fir déi immens Installatiounen, déi et eis iwwerhaapt erméiglechen déi ronn 250 Jugendspiller an 100 Senioren iwwert d'ganz Woch um Dribbel ënner Daach (ënner fräiem Himmel) ze kréien!

#vamosunk