*** TRANSFERT *** Nuno VILAR RODRIGUES


25 June 2018

Um leschten Dag vun der nationaler Transfertsperiod stellt den U.N. Käerjeng '97 iech de 6. Transfert vir:

Den Nuno VILAR RODRIGUES kënnt fir 1 Saison bei den UNK.

Den Nuno krut dëse Mount 18 Joer, ass en offensive Mëttelfeldspiller an huet vun de Bambini bis Juniore beim F91 Diddeleng gespillt. Lescht Saison ass hee mat den Diddelenger Juniore Champion ginn.

Den Nuno ass och U19-Nationalspiller.

Wëllkomm zu Käerjeng Nuno!

#vamosunk