*** Transfert Martin SELAK ***


01 January 2019

Den U.N. Käerjeng '97 stellt Iech haut mam Martin SELAK den 1. Wantertransfert vir.

De Martin huet 23 Joer (*22.06.95 zu Léck (B)), ass Belsch mat kroateschen Originen an ass 1,87m grouss. De Martin ass en defensive Mëttelfeldspiller (6 & 8), deen awer och an der Inneverteidegung spille kann.

De Martin kënnt vun Dinamo Zagreb II (3. Plaz an der 2. kroatescher Liga) bei den UNK. Seng Ausbildung an der Belsch huet hee beim RCS Verviers, CS Visé, KAS Eupen a Royal Excel Mouscron gemaach.

Merci d'avoir choisi l'UNK, Martin! Bienvenue à Käerjeng!

#vamosunk