*** Transfert Mirza OSMANOVIC ***


23 January 2020

Den U.N. Käerjeng '97 ass frou Iech haut mam Mirza OSMANOVIC en neie Spiller virstellen ze kënnen.

De Mirza ass e jonke Lëtzebuerger vun 20 Joer, ass en offensive Mëttelfeldspiller, a kënnt fir déi nächst 18 Méint vum FC Déifferdeng 03, wou heen all Alterskategorien am Jugendberäich duerchlaf huet.

Mam Mirza bleift den UNK senger Linn trei fir beschtméiglech jonk an entwécklungsfäeg Spiller an de Kader ze huelen, deen aus 21/24 selektionnable Spiller besteet.

#wëllkommmirza
#vamosunk