*** Transferts a Kader ***


21 June 2019

Nodeem s mer iech gëschter eis 2 nei Keepere virgestallt hunn, presentéiere mer iech haut 4 méi oder manner nei Gesiichter beim UNK.

De Cristophe CUNHA (uewe lénks), 24 Joer, Stiermer, kënnt vum Progrès Nidderkuer zeréck bei den UNK, wou heen tëscht 2005 an 2015 scho gespillt huet. Lescht Saison huet de Cristophe zu Rëmeleng gespillt.

De Bob SIMON (uewe riets), 23 Joer, offensive Mëttelfeldspiller, kënnt vun der Fola Esch bei den UNK. Lescht Saison huet heen an der BGL Ligue zu Stroossen gespillt.

De Keven FLOHR (ënne lénks), 26 Joer, Defensivspiller, kënnt vu der US Mondorf bei den UNK.

De Luca PALGEN (ënne riets), 21 Joer, Couloirspiller, kënnt vun der Alliance Äischdall bei den UNK.

Desweideren hu folgend Spiller den definitiven Transfert bei den UNK gemaach: Claudio BERETTA, Julien HORNUSS a Massimo MARTINO.

Donieft stoussen eng ganz Rei Spiller aus eisem eegenen Nowuess an de Kader vun der 1. Ekipp.

De Kader vum U.N. Käerjeng '97 wäert nächst Saison d'Besonneschkeet hunn, dass en, ofgesi vum Thibaut BOURGEOIS, Nicolas FERNANDES a Julien HORNUSS, déi de Veräin op alle Fall wollt haalen, ausschliesslech aus sougenannte selektionable Spiller (22/25) besteet!

#vamosunk