*** Transferts BIANCHINI Gianluca & JORGE Yannik ***


20 June 2019

An den nächsten Deeg wäerte mer eis nei Spiller fir déi nei Saison virstellen. Mär fänken dann haut mat eise Keeperen un.

Nieft dem Tom WEILAND (lénks), gebuer 27.07.94, geet den UNK mat 2 neie Keeperen an d'Saison 2019-2020.

De Yannik JORGE (riets uewen), gebuer 13.10.93, kënnt vum SC Stengefort. Virdru war heen op der Jeunesse Esch an zu Beetebuerg.

Den Gianluca BIANCHINI (riets ënnen), gebuer 07.03.97, kënnt no 3 Saisone bei der Alliance Äischdall zeréck a säi Jugendveräin U.N. Käerjeng '97.

Bekanntlech huet den Tom OTTELE den UNK Richtung BGL Ligue verlooss a sech der UT Péiteng ugeschloss. De Steve "Perry" DUNKEL ass an déi verdingte Pensioun gaang.

#vamosunk
#wëllkommyannik

#welcomebackgianluca