*** UNK - Hamm ***


26 November 2019

An engem Nohuelmatch vum 11. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den U.N. Käerjeng '97 dëse Mëttwochowend um 20h00 op den RM Hamm Benfica.

Wéinst de feelende Luuten um Käerjenger Dribbel gëtt dësen interessante Match tëscht zwee punktgläichen Tabellennoperen um Stade Jos Haupert zu Nidderkuer gespillt!

D'Bäll mat deenen dëse Match gespillt gëtt gi gestëft vun eisem Sportschäffe Frank Pirrotte, vun eisem fréiere President Fränk Klinkert a vun eisem Sponsor GiGa Immobilière.

#vamosunk