*** UNK - Jonglënster ***


30 November 2019

Um 13. a leschte Spilldag virun der Wanterpaus trëfft den U.N. Käerjeng '97 dëse Sonnden op d'Jeunesse Jonglënster.

Wéinst de feelende Luuten um Dribbel gëtt dësen interessante Match schonn um 14h30 ugepaff!

Jonglënster steet mat 7 Punkten op der 13. Tabelleplaz, den UNK ass mat 21 Punkten Tabellesechsten.

D'Bäll mat deenen dëse Match gespillt gëtt gi gestëft vun der Dokter Danielle Schmit, vum Fränk Klinkert a vu GiGa Immobilière.

#vamosunk